Saturday 19 March 2016

Choufleur Dessert Crème (vegan)

Choufleur als Dessert?
Schmaacht sou lecker!!! ;-) 

Mir haten en halwen Kapp Choufleur Rescht (am liicht gesalzene Waasser gekacht) an hunn eis spontan dozou entscheed ze probéieren en Dessert doraus ze schmäissen!
Geet ultra séier, a schmaacht iwwerhaapt net no Choufleur. Déi gesondesten Schokolascrème aller Zäiten!

Also, mir hunn de gekachte, erkalte Choufleur mat enger zeideger Banann, engem Strutz Agavendicksaft, 3 décker Läffelen Kakao (Kakaospudder. Keen Nesquik... ;-)  ) an e bëssi Vanille an de "Super-Mixer" gehäit. Gemixt a fäerdeg ;-) Gëtt gutt kal servéiert, a wie wëll kann dann nach e puer Chili-Flacken driwwer streeën.
Mann Mann Mann, ultra lecker! :-)
Dëss Quantitéit wor fir +- 2 Persounen. Di nächste Kéier gëtt de Choufleur extra dofir gekacht, an ët gëtt eng duebel Portioun! Ohhh jo ;-)