Monday 30 April 2018

Mac’n Cashew mat Batteralzem a wëller Zalot (vegan)

De Batteralzem (Beifuss) ass schon zimmlech gutt gewuess. Zäit elo fir en ze profitéieren éieren an d’Bléi kënnt :-D




Ech benotzen e gären als Gewierzkraut: wéinst sengem héigen Undeel un äthereschen Uelecher ass hien immens stark am Goût an als Geméis manner ze gebrauchen. Awer déi jonk Blieder si lecker. ;-) Ech sammelen och elo schon am Fréijoer seng Blieder fir ze drëchnen a méi spéit als Téi ze benotzen.

Fir eis Mac’n Cashew brauch ech just e klenge Grapp voll Batteralzemspëtzten.

Fir dëse séiere Plat ginn d’Nuddelen gutt al dente gekacht a mat engem Deel vum Nuddelswaasser gëtt Zoss gemixt. Dëst zesumme mat 

  • enger Tas Cashew’en 
  • enger Zéif Knuewlék, 
  • enger Tas Hiefflacken, 
  • Peffer

An enger Pan hunn ech 

  • Räuchertofu ugebroden, mat enger 
  • gehacktener Ënn
  • enger Zéif Knuewlék
  • an dem gehacktene Batteralzem

Wann d’Nuddele fäerdeg gekacht sinn gëtt einfach alles vermëscht.
Entweder ësst een se dann elo direkt, oder et gëtt een se an eng feierfest Schossel mat veganem Kéis fir ze iwwerbaken.

Dobäi gouf ët eng wëll Zalot mat Bettseecheg, Knuewléksruccola, Vulleseemchen, Hiertentätschel, Daafnessel a Kierwel.

Einfach lecker! :-D 

Saturday 28 April 2018

Schaarfe Brennnesselcurry mat Hanfsom (vegan)

Brennnesselgoodness! :-) Et ass nees Zäit fir e lecker Curry ;-) 







Dofir hu mir eng Schossel Brennnessele gepléckt, a kuerz ofgewäsch.

An enger Pan ouni Ueleg goufen 

  • Hanfsom, 
  • Sesam a 
  • Kokosraspelen 

ugeréischtert, an dann zesumme matt enger Dous Kokosmëllech an e Mixer ginn.

An d’Pan koum dunn Ueleg fir d’Gewierzer “unzebroden”, dat waren

  • Moschterkären
  • gemuelene Koriandersom
  • Chilli Polver
  • Peffer
  • Kreuzkümmel
  • Kurkuma
  • Fenchelsom
  • Ingwerpolfer
  • ganz, gedrëchend Chillien
  • Asafoetida an Neelcheskäpp

Dobäi koum:

  • eng geschnidden Ënn
  • zwou Zéiwe Knuewelék













Wann déi e bëssen ugedënst sinn

  • 3 gewierfelt Tomaten
  • déi gehackten Brennnesselen
  • an eis Zooss aus dem Mixer

den Deckel drop, an da kann dat 3 Minutte kache. Fäerdeg :-D

Fir ze zervéieren koum nach gehackte Peffermënz, Saueramper a ganzen geréischterten Hanfsom driwer. 

Friday 27 April 2018

Wotlech Gromperenzalot mat Bettseechesch a Räuchertofu

An der Wiss steet alles voll mat wonnerbare Pissblummen. Och wann dës scho bléien, kann een nach ëmmer vum Gréngs profitéieren :-) Am allerléifsten hunn ech se mat wootleche Gromperen als Zalot :-D Nammnamm! 



Gesammelt hu mir d’Blieder an e puer zoue Bléieknäpp vun der Pissblumm. D’Bléienknäpp leeën ech da kuerz an e bëssi Esseg.

D’Grompere ginn am Salzwaasser gekacht, a wärend där Zäit preparéieren ech d’Vinaigrette aus:
  • 2 Zitrounen
  • 1 Läffel Moschter
  • 1 zerdréckten Zéif Knuewelek
  • Peffer a Salz
  • 1/2 kleng gehackten Ënn
  • frësch Kraider (haut wor dat Bratzel, Bärlauch, Sauerampel)
  • an e Schotz Ueleg
Wat ech duerno nach brauch:
  • Räuchertofu
  • Kürbiskären
  • 1/2 kleng gehackten Ënn
  • Pissblummeknäpp
De Räuchertofu gëtt kleng geschnidden an ugebroden, dobäi kënnt di aner Halschent vun der Ënn (ech hunn dee Goût vun der réier a gebrodener Ënn zesummen immens gären ;-) ) 
Dodra fléien dann och nach di ofgedrëpst Pissblummeknäpp. No enger Minutt kommen dann nach d’Kürbiskären dobäi.

Wann d’Gromperen da mëll sinn, gi se ofgeschott a 3-4 Minutte stoe gelooss.

Da ginn di gewäsche Bettseechegblieder mat dem Rescht vermëscht, a fäerdeg :-D

Thursday 26 April 2018

Schaarft Hexekraitchen op Räis mat Wëllkraider-Cashewzooss

Haaptattraktioun am wëlle Gaart ass nach ëmmer d’Hexekraitchen! Haut gouf et dat lokaalt Superfood emol waarm.




Dat geet ultraschnell ;-) Ech hun zwou Zéiwe Knuewelek am schaarfen Ueleg eng Grëtz ugebroden, an d’ Hexekraitchen dunn 1-2 Minutten mat an d’Pan gehäit a mat Salz a Peffer ofgeschmaacht. Dobäi gouf et Räis, an d’ultimativ Wëllkraider Cashew Zooss :-D 

Dofir 0,5 Liter Waasser kachen, an an de “Supermixer” en décke Grapp Cashewen, eng Zéif Knuewelek en Iessläffel Britt, an Wëllkraider no Choix (haut: Brennnessel a Saueramper) ginn, Waasser drop, mixen a finito la musica :-)

Wednesday 25 April 2018

Wëllkraider Taboulé bei Auberginne Moutabal

Mir haten nach 2 Aubergine vum Grill iwwereg. Déi goufe mam Läffel ausgekraazt (déi waren schonn ofgekillt) an an de Mixer gehäit. Also dat bannenan, net d'Schuel... ;-)


Dodra koum nach:
  • 2 Knuewelekszéiwen
  • 1/2 Zitroun
  • 1 Iessläffel Tahin
  • Peffer, Salz, Kreuzkümmel
  • e gudde Schoss Olivenueleg

Dobäi gouf et e Wëllkraidertaboulé:

Den drëschenen Couscous gouf réi mat Zitrounejus, e bëssi Waasser, enger gehackter hallwer Ënn, enger kleng gewierfelter Tomate an gedréchente Berberitzen vermëscht a 5 Minutten zéie gelooss.
Als Kraider hu mir dat drënner gemëscht wat direkt bei Hand wor; Saueramper, Bärlauch, Beifuss, Taubnessel, Peffermënz, Péiterséileg, Bettseecheg an e bëssi Aker-Mauséiercher.



En erfrëschend, liicht Iesse bei waarmem Wieder. An esou einfach. :-D

Tuesday 24 April 2018

Hexekraiderchers-Superbowl, mat geréischterte Sonneblummekären a frëschem Bärlauch

Yey! Mir si nees do!

Haut war esou ee schéinen Dag, dass mir eis op de Wee gemaach hunn fir e bëssi Wëllkraider ze plécken - an dat wollte mir natierlech mat iech deelen. An eiser Posch ass Hexekraitchen a Bärlauch geland, a preparéiert hu mir doraus:

Eng Hexekraiderchers-Superbowl, mat geréischterte Sonneblummekären a frëschem Bärlauch.


De Räis war vum Dag virdru Rescht, a mir hunn eng schnell Vinaigrette aus

  • Zitroune Jus
  • Sesamueleg
  • Knuewelek
  • Peffer a Salz    geréiert.

An enger Pan (well ee jo awer e bëssi faul ass just eng Pan :-) ) Räuchertofu am Sonneblummenueleg gebrode bis en e bëssi knuspereg ginn ass, dunn di an zwee geschnidden Maiskolben dobäi, a wou déi bis e bëssi Faarw kruten, d’Sonneblummekären dran.

An engem klengen Dëppen gouf de Brokkoli blanchéiert. Alles schéin an enger Schossel ugeriicht a fäerdeg. :-D

D'Hexekräitchen oder och Vulleseemchen kann eng ganz schéin Plo am Gaart sinn, wann en iwwerall driwwerwiisst an sech séier ausbreet. Dëst kann een ower zum positiven notzen andeems een en einfach esst ;-). 
Verwäerte kann een dat Kraut vu März bis Oktober als Zalot, ewéi Spinat gekacht, an der Zopp oder am Smoothie. Wëll de Som immens séier a gutt keimt, kann ee sech dëse sammelen, an och am Wanter als Vitaminspender ob der Fënsterbänk uséinen. De Vulleseemchen gëllt allgemeng als Heelkraut dat Schmäerze stëllt. Mee et ass doriwwer raus och nach wierklech lecker. Et schmaacht wéi réie, jonke Mais. 50 Gramm Vulleseemchen decken de Vitamin C-Bedarf vun engem Erwuessenen of. Calcium, Kalium, Magnesium, Vitamin A Vitamin B1, B2 an B3, Flavonoide an Kiselsäier sinn och drann. E wonnerbart Kraut.
Fannen kann een de Vulleseemchen quasi iwwerall wou vill Stéckstoff am Buedem ass. Erkennen deet een de Vulleseemchen un sengem stäreförmegen Wuess. Si wiisst ganz üppeg a bild e Këssen dat un enger klenger Wuerzel hängt. Gutt erkennen kann een de Vulleseemchen wann een de Still ausernee rappt: an der Mëtt ass méi en elastegen hellen "Daarm" drann, dee méi spéit räisst. De Vulleseemchen kritt kleng wäiss Bléien.
Déi eenzeg Planz matt där een de Vulleseemchen eventuell kéint verwiesselen ass d'Anagallis arvensis deen als Buedemdecker gesat gëtt mee bei dësem sinn ënnert de Blieder kleng brong Flecken an de Still ass véiereckeg (beim Vulleseemchen ass e ronn). Ausserdeem sinn d'Bléie rout oder blo.