Thursday 31 May 2018

Dem Gudden Heng säi Risotto

De Gudden Heng (Guter Heinrich) wiisst gäer op deene selwechte Plaatzen ewéi d’Brennnessel.  Ze erkennen ass hie ganz liicht un der Form vu senge Blieder déi geformt sinn ewéi eng Speerspétzt an ënnendrënner liicht bemielt sinn.
https://payhip.com/b/otEN


D’Blieder ginn ewéi Spinat benotzt oder se gi sauer agemaach. Déi jonk Schëss kënne wéi Spargele gekacht ginn. Vun do kënnt säin aneren Numm "Aarme Leits Spargel”.

De Som gëtt ewéi Quinoa am Waasser gekacht... Jepp, genau! E weidere regionale, wëllen Quinoa, nieft dem Amaranth. ;-D

Déi sin all aus der selwechter Famill :-) De Gudden Heng schmacht e bëssi no Spinat, awer vill méi intensiv - definitiv ee super Wëllgeméis!!

Fir de Risotto ginn 3 Zéiwe Knuewelék an 1 Schalott gehackt an zesumme mat 250 Gr Risotto-Räis am Olivenueleg ugedënst.

Den Gudden Heng gëtt kleng geschnëppelt a kënnt zesumme mat enger Tomat an de Räis. Fir no an no opzefëllen gëtt 1 Liter waarem Geméisbritt geholl. 1 Iessläffel Hiefflacken ginn dem Plat de gewënschtene, kéisesche Goût.

Wann di ganz Britt opgebraucht ass, mat Peffer ofschmachen an eventuell Salz - dat hängt vun der Geméisbritt of déi benotzt gëtt.

Am léifsten hunn ech, wann de Räis nach e bëssi Bëss huet. Mee dat maacht Di wéi Dir wëllt. Driwwer ginn nach e puer geréichtert Sonneblummekäre gestreet, frësche Basilikum an Chilli.

E gudden Appetit! :-D

Sunday 27 May 2018

Sinn déi weltbescht Eisekuche vegan? Probéiert et aus! :-D

Dir sitt Veganer, an Dir hat schonns laang keng Eisekuche méi giess? Dir hutt mat "vegan" näischt um Hutt, an Dir mengt den Titel hei wier just een Teaser fir Iech dozou ze bréngen drop ze klicken? Dann hu mir elo eng Iwwerraschung: Dat hei si wierklech déi beschte Eisekuche vun der Welt! A jo: se si vegan!

https://payhip.com/b/otEN
Am Video: Mir hate Besuch vum Gilles vun www.calme.lu
Him villmols Merci fir d'Entspaanung ;-) an d'Hëllef beim Kachen!

A se sinn och iwwerhaapt net schwéier ze maachen:
  • 400 g Miel an
  • 800ml Waasser gi matt 
  • enger Tas Cashewen
  • enger Pouz Salz
  • engem Pak Reinweinstein
  • enger décker Strutz Agavendicksaft
  • engem Iessläffel Kokosnossueleg
  • a Vanille gemixt. 
Dat Ganzt gëtt en zimmlech flëssegen Deeg. Loosst deen dann 20 Minutte stoën.

D'Eise gutt virhëtzen a ra mam Deeg!

D’Eisekuche gi bausse super knusprech an bannendra mëll.

Si schmache lecker drëchen oder mat frëschem Uebst an Ahornsirup.

Hei hate mir e Rhubarbs-Sugo dobäi. Duerfir de Rhubarb schielen, schneiden, a mat e bëssen Agavendicksaft, Waasser a Vanill mëll kachen. Dat geet ganz séier. Lecker!

Friday 25 May 2018

Eng Ofkillung? E séieren Dräiblat-Cooler! :-D

Fir en Dräiblat-Cooler einfach e Grapp Dräiblat (Buedemhielänner/Giersch) mat enger Strutz Agavendicksaft an 1,5 Liter Wasser am Highspeed-Blender mixen. De gudde Goût vum Dräiblat wäert Iech neess séier zum Mixe beweegen. Sou e Liter an en halwen ass jo och net esooouu vill... ;-) Besonnesch bei esou warmen Deeg ewéi haut déi Alternativ zu soss séissen Optiounen!



D'Dräiblat (Buedemhielänner/Giersch) fënnt een op schietegen Plazen. Besonneg um Rand vu Bëscher oder hannert Hecken.


De Geroch an de Goût erënneren un eng Mëschung aus Wuerzelen a Péiterséilech. Giersch wiisst immens gutt, a war iwwer Jorhonnerte beléift well et dat éischt Geméis am Joer war, wat d'Leit mat Vitaminne versuergt huet.

De Buedemhielänner huet vill Kalzium, Kalium, Koffer, Zénk, Mangan, Magnesium a Flavonoiden. Zudeems huet e 4 mol méi Vitamin C wéi Zitrounen, vill Vitamin A an Eewäiss.

An net ze vergiessen: E schmaacht immens gutt - a kascht näischt. ;-)

Defteg ewéi och séiss eng Delikatess!

Hei nach en anert Rezept mat dësem immense Geméis:

Dem Plato seng léifste Fajitas

Thursday 24 May 2018

Wisebäreklau-Minestrone (vegan)

En Teller voll Proteinen a Calcium!

D'Wisebäreklau ass do! :-D E gudde Moment fir déi jonk Blieder ze sammelen an ze notzen. Dës Pastinakeplanz waart an de Wisen op Iech a verwinnt Iech mat sengem feine Goût a gesonden Inhaltstoffer.

Am Osten ass d'Wisebäreklau een Haaptbestanddeel vum Borschtsch, also däer leckerer Routrommelszopp. Mir maachen se haut an e Klassiker aus dem Süden: an d'Minestrone! :-D

Duerfir: Schung un, Händschen un an eng Seibecke voll Wisebäreklau fänke goen. 

Fir d'Minestrone braucht Dir eng bont Mëschung Bounen, Lënsen, Ierbessen a Kar (déi kritt Dir och fäerdeg gemëscht ze kafen). Déi musst Dir natierlech den Dag virdrun aweechen, duerfir net ze kuerzfristeg plangen. ;-) Maacht beim Aweechen e Läffel Natron an d'Wasser, da gi se méi séier mëll. Och an d'Kachwaasser kënnt ee Läffel Natron, da si se immens séier duerch (knapps 30 Minutten... ëmmer nees dru schmaache fir de Moment net ze verpassen ;-) ).

Wat een alles fir d'Zopp brauch ass:
  • 2 Gromperen
  • 1 Ënn
  • 2 Zéiwe Knuewelek 
  • 2 Muerten
  • 1 Liebstöckel
  • 1 Tomate pelée
  • 1 Lorberblad
  • 2 Neelcheskäpp
  • Geméisbrittpolver
  • Salz a Peffer
Dir loosst also Är Boune kachen. An där Zäit gëtt alles vu Geméis (och d’Wisebäreklau) kleng geschnidden an an engem Dëppen mat e bëssen Olivenueleg ugedënst. Wa se duerch sinn, kommen d’Bounen dobäi an dat Ganzt gëtt mat der Dous Tomate pelée an 3 Douse Waasser opgefëllt. Huelt heifir einfach d'Dous vun der Tomate pelée als Miessbecher. ;-) De Rescht vun den Zoutate bäiginn, réieren, an nach op d'Mannst 30 Minutte kächele loossen.

Gitt heiansto dru richen. Da kritt der Zäit gutt rëm, an dir gitt ëmmer méi hongreg. :-)

Dra passt och nach frësche Basilikum a fir de Crunch liicht ugeréichtert Wëllkar.

E Gedicht déi Minestrone! A consommer sans modération, wéi se a Frankräich soen.

Monday 21 May 2018

Dem Plato seng léiwste Fajitas ;-)


Dat vun der Antike bis nom Mëttelalter vill benotztend Fréijoersgeméis erkennt ee ganz gutt u senge Blieder déi ëmmer zu dräi beieneen wuessen: si sinn hellgreng a liicht behoert. "Wa Fajitas, da just mat Buedemhielenner", sot schonns den agefleeschte Vegetarier Plato, a mir si senger Meenung! ;-)



De Buedemhielänner (Giersch) fënnt een op schietegen Plazen. Besonneg um Rand vu Bëscher oder hannert Hecken.

De Geroch an de Goût erënneren un eng Mëschung aus Wuerzelen a Péiterséilech. Giersch wiisst immens gutt, a war iwwer Jorhonnerte beléift well et dat éischt Geméis am Joer war, wat d'Leit mat Vitaminne versuergt huet.

De Buedemhielänner huet vill Kalzium, Kalium, Koffer, Zénk, Mangan, Magnesium a Flavonoiden. Zudeems huet e 4 mol méi Vitamin C wéi Zitrounen, vill Vitamin A an Eewäiss.

An net ze vergiessen: E schmaacht immens gutt - a kascht näischt. ;-)

Fir d’Fajitas, gin d’Tortillas an e fiischt Duch geweckelt, an am Uewen op 50 Grad gewiermt.

An der Pan gebrode gin
1 Enn
2 Zéiwe Knuewlék
1 Paprika
1 Saibecke voll Buedemhielänner (Giersch)
1 déck Tomate

offgeschmacht get matt
Salz, Peffer a Kreuzkümmel.

5 Minute kächele loossen.

Fir d’ Guaccamole gin,

2 Avocadoen
1 zéif Knuewlék
De Jus vun 1 Zitroun
1/4 Glas Waasser
Peffer, Salz a Kreuzkümmel
gemixt.

Di zwou Saachen gin an der Mëtt vun dem Tortilla verdeelt an zesummegerullt.

De räscht Guaccamole gëtt niewendrunn zervéiert.

Thursday 17 May 2018

Réiderchersgréngs Pide

Wat de Bauer net kennt on Tour :-)

Mir sinn ënnerwee am Parc naturel des Baronnies Provencales, an hu bei eisem Gîte e Pizza-Uewen. Dee gehéiert probéiert! ;-) Wann Dir gäeren am schéine Gîte du Cladan reservéiere wëllt a 15,-€ spuere wëllt, da klickt op dëse Link.
An dee Pizza-Uewe koum eng (net ganz) tierkesch Pide :-) an zwar mat Réiderchersgréngs!







Natierlech klappt dat och ganz gutt an engem normale Schäffchen; einfach op de Maximum Virheizen, mat Ënnerhëtzt a mat Ëmloft, an dann d’Pide direkt um Buedem vum Schäffchen 6 Minutte baken.

Den Deeg hu mer ähnlech dem Pizzadeeg gemaach (just keng Schmull dran):

  • 360 ml wotlecht Waasser
  • 2 El réien Zocker
  • 1 Pak Drëchenhief
  • Miel
  • Téimermännchen (Thymian)
  • 1 El Salz
  • e Schotz Olivenueleg.


Dee muss dann eng Stonn stoen. 


Du sollte mir den Uewen mat Holz op 280 Grad virheizen… dorausser sinn 3 Stonne ginn! LOL :-) (Neen, ech wëll doheem kee Pizzauewen… nee nee :-) )


Fir d’Fëllung koum an eng Pan:



  • eng graff geschnidden Ënn, 
  • d’Gréngs vun de Réidercher, 
  • eng graff geschniddene Paprika 
  • eng Tomat, 
  • Peffer a Salz. 




Dat Ganzt gëtt just ganz kuerz gebroden bis d’Gréngs zesummegefall ass. (D’Fëllung schmaacht och als “Ragout” bei Gromperen oder Räis ganz lecker!)


Den Deeg gëtt a 5 gedeelt an oval ausgerullt. Da kënnt Fellung drop an de Bord zu engem Schëffelchen eropgefaalt. An da gëtt gebak.




Ech muss zouginn dass d’Holzfeier awer schon en immense Goût ofgëtt, trotzdem war mir dat e bëssi ze ëmständlech...Feier maachen, waarden, noleeën, Temperatur kontrolléieren, noleeën, oppassen dass d’Feier och schéi mëtteg brennt, Temperatur kontrolléieren, waarden… No 3 Stonne d'Glous op d’Säit, propper kieren, a lass :-) 1 ten Duerchlaf baken, Temperatur kontrolléieren, Feier neess mëtteg leeën a bei Besoin neit Holz drop, waarden, op d’Säit mam Holz, propperkieren, an op en Neits :-) Hihi, Slow Food 3000. Mee dann ass een och wéinstens richteg hongreg. ;-)


Monday 14 May 2018

Avocado-Basilikum Pesto mat Veronika (Persischer Ehrenpreis)

Mhh... Avocado;-)




Fir de Pesto gin dräi zeideg Avocadoen zesumme mat

2 Knuewlékszéiwen, dem Jus vun
1 Zitroun,
1 Grapp Basilikum,
Peffer, Salz an engem halwen Téiläffel gemuelenem Kreuzkümmel,
1/2 Glas Waasser an engem e gudde Schotz Olivenueleg
gemixt bis et crèmeg as.

Dat kënnt op gekachten Nuddelen.
Ech sinn dann och ëmmer frou wa bei sou eppes och e bësse Crunch dobäi ass, also gouf e séieren Tempering gemaach matt:

Moschterkären
Hanfsom an
Chilli, am Olivenueleg ugebroden.

D' Veronikabléien mëcht de Plat schéi faarwech, an nach méi gesond. ;-)

D'Veronika fannt Dir a Wisen. Si wuessen ëmmer an engem ganze Grupp, well si sech duerch Rhizomer ausbreeden. Méi bekannt ass natierlech den Téi deen een dorausser ka preparéieren, mee esou iwwert e Plat gestreet, ass sie besonneg an der Bléi immens wëllkomm. Fréier gouf d'Planz och nach Allerweltsheil genannt, well hir sou vill heelend Wierkungen zougeschwat gi sinn. Allgemeng kann ee soën, datt d'Planz eng Immun stäerkend Wierkung huet an géint d'Fréijorsmiddegkeet hëlleft.

Wednesday 9 May 2018

Kierwel Paangescher - Oublies farcies (vegan)

E mëttelalterlecht Rezept, vegan ofgewandelt.





Fir de Paangesch Deeg hunn ech 50 Gr. Séisslupinnemiel, 250 Gr. Vollkornspelzmiel, 2 Läffelen Läinsom, 400 Ml Räisdrink, Waasser fir déi richteg Konsistenz, Salz an e bëssi Currypolver (deen ass nët Mëttelalterlech :-) ) vermëscht, an 15 Minutte stoe gelooss.

De Kierwel an zwou Knuewlékszéiwen goufe gehackt. En klengen Deel vum Kierwel koum an den Deeg.
An enger Pan mat e bëssi Ueleg gouf de Knuewlék ugebroden an dora koum kuerz de Kierwel.
Ofgeschmaacht gëtt mat Salz an Chilli an/oder Peffer.





D’Paangescher goufen vun zwou Säite gebroden, a vum Kierwel jeweils just 2 Tl Fëllung de laange Wee duerch d' Mett verstrach an zesummegerullt.

Dobäi schmaacht eng kleng Zalot. :-)

Monday 7 May 2018

Brennnesselsüppchen (vegan)


Haut gouf et mol e richtege Klassiker :-D





An 2 Liter Waasser koumen 2 Gromperen (wëll ech sou en immense Mixer hun, schneiden ech ëmmer alles just an 2 ;-)), 1 Wuerzel, eng Ënn, Magiskraut, Brittpolver, an 2 Neelcheskäpp an  e Lorbeerblad (déi kommen an en Téi-Ee datt se herno nët matgemixt gin ).

15 - 20 Minuten därf dat kachen.

D’Brennnesselen fléien einfach réi an de Mixer d’gekachten Zopp driwwer, mixen a fäerdeg.

An dann als gelongent Experiment: Dra koum e Läffel Afennossbotter mat Stécker… Et war super lecker! :-)

Hei d'Rezept fir d'Afennoss-Botter: Link


Thursday 3 May 2018

Brennnessel-Peffermënz-Hambierblieder Power Detox Smoothie

De Moie gouf et fir ze Fréistécken e schnelle Smoothie.




An de Mixer sinn eng Banann, eng Orange, en Apel, eng kleng Knoll Kurkuma, en halleft Glas Waasser, 3 Brennesselspëtzen, e Grapp Peffermënz an e puer Hambierblieder geflunn.

Lecker a super gesond :-)


Hambierblieder:
Wou een hautesdags éischter d’Friichten vun dëser Planz benotzt, ginn ower och d’Blieder schon zanter der Jongsteenzäit geholl. Meeschtens gi si als Téi gedrëschend awer och frësch am Smothie benotzen ech se gär :-)
Hir Wirkstoffer si Gallotannine an Ellagiatine, Flavonoiden a Vitamin C. (Opgepasst: an der Schwangerschafft besteht d’Méiglechkeet datt se Wéihen ausléisen!)

Peffermënz:
Peffermënz reegt d’Gal un, hëlleft bei Mo an Darmkrämp, ass antimikrobiell an antiviral.
(Opgepasst: Am beschten nët huele bei Soud, wann d’Mosäiert engem eropstéisst, an di ass gelueden mat äthereschem Peffermënzueleg kann dat méi brennen ewéi dat souwisou schonns ouni deet.)

Tuesday 1 May 2018

Quinoa-Lënse Bällercher mat Bärlauch op wotlecher Spaghettiszalot (vegan)

Soulaang de Bärlauch nach do ass, muss en och profitéiert ginn :-)




Fir d’ Bällercher hunn ech e
  • Glas Quinoa an der duebler Quantitéit Waasser opgesaat, an no 5 Minuten
  • giel Lënsen an
  • 1 Glas Waasser dobäi ginn. Nach 5 Minuten duerno koumen
  • 1/2 Glas Huewerflacken,
  • Salz an
  • 1 Grapp Hiefflacken dran.

Dat däerf dann nach 5 Minutte mam Deckel zou stoen.

Am Mixer gëtt dësst zesumme mat

  • Peffer zu enger ganz Pëscheger Mass gemixt, an et gët en décke Grapp gehackene
  • Bärlauch ënner gemëscht.

D’Mass hält ganz gutt zesummen a kann an den Hänn einfach zu Bällercher geformt an an der Pan gëlle gebrode ginn.

Fir di wotlech Zalot, gouf
  • eng Wuezel an
  • eng Cornichong spiraliséiert, a mat de gekachtene Spaghettien vermëscht.

Als Vinaigrette koum de Jus fun

  • 1/2 Zitroun,
  • Uelech,
  • Moschter,
  • Peffer a
  • Salz driwwer.

Fir de Crunch gouf an enger Pan mat Uelech

  • e Grapp voll kleng hallef Kichererbsen (drëchene Chana Dal) ugebroden mat e 
  • puer gedrëchenten Chillien. Ganz kuerz an d’Pan kënnt frësche
  • Bärlauch a Moschterkären.
Fäerdeg. Maacht der genuch! Se si lecker!;-)