Tuesday 30 June 2015

Gefëllten Auberginnen matt Sonneblummekären an Hanfsom (Vegan)

Ech hat nach e Rescht Tomatenzooss an zwou Auberginnen ze verwäerten... Lo gëtt et entweder Lasagne oder gefëllten Auberginnen. Ech hu mech fir di méi séier Variant entscheed ;-)

Ech hunn d'Aubergin eng Sträif iwwert di aaner wéi een Zebra geschielt an am Olivenueleg ronderem ugebroden. Den Deckel drop gesat a bei mëttler Hëtzt mëll gi gelooss.
Déi Zäit hunn ech Sonneblummekären an Hanfsom am Dëppen ouni Fett liicht ugeréischtert an e Läffel dovu fir driwwer ze streeën erausgeholl.
Dunn hunn ech einfach meng Zooss vum Dag virdrunn driwwer ginn a matt Kanéil, Chillipolver, nach e bëssi Salz a Peffer, gehackte frësche Péiterséilech, Koriander a Peffermënz ofgeschmaacht.
D'Aubergin hunn ech op den Teller gehuewen, e Schlitz an d'Mëtt geschnidden a matt der Kären-Zooss Mëschung gefëllt.
Matt de reschtleche Kären an e puer frësche Kraider bestreet zervéiert.

Monday 29 June 2015

Muertespaghetti matt enger Wëllkraider-Zoos an Sonneblummekären (Vegan)

Haut gouf ëtt zweefarweg Spaghettien. Dofir hun ech d'Hallschent einfach duerch "spaghettiséiert" Muerten ersaat ;-)

Ech hunn Spaghettien am Salzwaasser gekacht an déi läscht 3 Minutten vun der al dente Kachzäit mam Spaghettischieler geschnidde Muerte matt dra gehäit.

Fir d'Wëllkraider Zooss einfach eng Schalotte, zwou Knuewelékszéiwen ugedënst, e puer Gräpp Gréngs dat bei mir hannert dem Haus wiisst matt dra gehäit (Brennnesselen, wäisse Gänsefouss, wëllen Dost, Taubnesselblieder, Kresse an Zwibbelgréngs), e Läffel Geméisbrittpolver ënnergeréiert, matt enger Tomate Pelée opgefëllt, kuerz kächele gelooss a matt Paprikapolver, Peffer, Salz a frëschem Basilikum ofgeschmaacht. Dat hunn ech matt geréischterte Sonneblummekären zervéiert.

Aloo Damantel :-) (Vegan)

Den Damantel (Frauenmantel) as dat groussbliederecht Kraut mam "Lotuseffekt" :-D
Seng Blieder a Bléie sinn iessbar, an haut gouf ët ee Gromperecurry domatt.
E Gromperecurry ass nët vill Opwand, an et mëcht ee sech just een eenzegt Dëppe knaschteg ;-)

Ech hunn zwou Schalotten an zwou Knuewlékszéiwen matt frësch geriwwenem Ingwer a Kurkuma ugedënst. Ee Läffel Curry-Madras Polver, Kümmel, schwaarze Peffer a Salz (Gromperen huele vill Salz op) dra ginn, de kleng geschniddenen Damantel an déi réi Gromperen dobäi gehäit a matt Kokosmëllech opgefëllt. D'Gromperen brauchen nët bedeckt ze sinn. Deckel drop, a kächele loosse bis d'Grompere mëll sinn. Fäerdeg :-D

Den Damantel ass e wiiksamt Heelkraut! Den Damantel hëlleft bei Otemweerkrankung, Kappwéi a Schloflousegkeet. Äusserlech géint Ekzema, eterësch Wonnen a Geschwierer. Duerch seng Inhaltsstoffer déi dem Hormon Progesteron ähnelen hëlleft d'Kraut bei Wiesseljoer-Niewewirkungen a PMS.
Meeschtens trëfft een den Damantel laanscht Bëschweer, op méi fiichte, lehmege Wisen oder als Staud am Gaart. :-)

Iessbar sinn d'Bléien als Deko an d'Blieder als Geméis gekacht. Bis Mëtt Juni kann een déi méi kleng Blieder an der Zalot bäimëschen.
Vu béidem léisst sech de wiirksamen Damanteltéi zoubereeden. Entweeder vum frësche Kraut, oder gedrëschend. Fir eng Wanterreserv geet een sech e puer Stiller matt Blieder an evtl matt Bléie plécken, an hänkt se enneschtiewecht ob eng geschützte Plaz bis se drësche sinn.

Thursday 25 June 2015

Fajitas (Vegan)

Zu Fajitas gehéieren Tortillas, eng frësch Salsa, Guacamole, an eng gudd waarm Fëllung. Wann een sech eng kleng Stëndchen Zäit hëllt, kann ee vu Grond op alles frësch selwer zoubereeden. Et ass nët schwéier an et lount sech! :-D

Fir d'Tortillas gëtt et ee ganz einfacht 1:1 Rezept: 200 Gramm Miel (+ fir ze verschaffen), eng Pauz Salz an 200 Milliliter kachend (!) Waasser; mateneen verréieren, kuerz knieden an 10 deelen an dënn ausrullen. Zu all Säit an der Pan ubroden a fäerdeg! Superschnell a lecker!
Bei mir as haut nach e bëssi Gewierzfenchelgréngs an den Deeg geflunn, an ech hat een Drëttel Welkarmiel benotzt, do kann een variéieren wéi een dat gäeren hätt ;-)

Fir d'Geméisfëllung goufen zwou Schalotten an dräi Knuewlékszéiwen ugedënst, eng grouss Courgette, 3 gemëschte Paprikaen dra gehäit, zwou Tomaten dra gewürfelt e bëssi kächele gelooss a matt Salz, Peffer, Paprikapolver, ganz wichteg Kreuzkümmel (!), vill frësche gehacktene Kräider (ech hat: frëschen Dost, Péiterséilech, Basilikum, an Zwibbelgréngs) ofgeschmaacht.

Fir eng schnell frësch Salsa hunn ech 4 Tomaten, eng Knuewelékszéif, eng Zwibbelchen a frësch Kräider kleng gehackt, an matt aller Flëssegkeet aus den Tomaten an eng Schossel ginn. Matt Peffer, Salz, Kreuzkümmel a Paprikapolver gewierzt a matt den Hänn duerchgeknetscht, dass alles sech gutt mateneen verbënnt. No Goût kann dann nach Chilli drann :-D (Dann net méi matt den Hänn derduerch... ;-)  )

Fir d'Guacamole hunn ech einfach 2 Avocadoen, de Jus vun enger halwer Zitroun, 2 zerdréckten Knuewlékszéiwen (eng, wann een dat net sou gäeren huet), Peffer, Salz an e bëssi Chillipolver mattenee vermëscht.

Dobäi kom nach e bëssi Äisbierg Zalot.

Wednesday 24 June 2015

Wëllkar-Cashew-Kuch matt Gaardebieren (Raw-Vegan, Glutenfrai)

Et gëtt näischt besseres ewéi frëscht Uebst aus dem Gaart. Meeschtens gëtt et einfach sou direkt am Gaart schnabuléiert. Net nëmme vun eis, mee wann esou fiicht Wieder ass, och vun de Schleekekollegen ;-).
Fir e Kuch as just e bëssi Äerdbier iwwereg bliwwen... do hu mir da missten ob gemëschten Gaardebieren zréck gräifen :-)
Déi rout Kréischelen fänken u gutt ze ginn, ower di gréng sinn nach net zeideg. Am Keller stinn nach e puer Glieser déi mir d'lescht Joer agekacht haten. Déi musse lo fort fir Plaz ze maachen fir déi vun dësem Joer! ;-)
Haut gouf et ee Kuch deen nët muss gebak ginn :-D
Fir 't éischt hunn ech zwou Tase Cashewnëss matt Waasser obgefëllt a stoe gelooss.

Déi Zäit gëtt fir de Buedem 1 Tas Wëllkaar, 1/2 Tas Mandelen, 5 Dattelen, eng Pauz Salz an en Iessläffel Apfeldicksaft (aus dem Biobuttéck oder Äppeljus lues ob 1/7 agekacht) zesumme gemixt an an en Taarterang gedréckt. E puer Äerdbieren hunn ech an der Mëtt gedeelt an op deem Buedem verdeelt.

Dunn hun ech d'Cashewen mam Waasser an de Mixer geschott, de Jus vun enger Zitroun, e bëssi Vanillemuerg, en décken Iessläffel Kokosbotter. Nach derbäi koum de Mus uewen aus enger Béchs Kokosmëllech (dat ass just bei Bio-Kokosmëllech méiglech: an däer aanerer sinn Emulgatoren drann, déi en Ofsetze vum Mus verhënneren; de Flëssegen Deel kann een dono nach an engem Smoothie verwärten), zwee Iessläffelen Apfeldicksaft a 5 Dattelen. Dat Ganzt hunn ech matteneen gemixt bis et crèmeg wor, hunn et um Buedem verdeelt an zwou Stonnen an den Tiefkühler gestallt.

Zervéiert hu mir matt frësche roude Kréischelen an zweerlee Coulis.
Ech hunn dat bëssi Äerdbier dat nach iwwereg wor matt engem Strutz Zitroun an enger Grëtz Agavendicksaft püréiert, a fir deen zweete Coulis déi agekachten gréng Kréischelen aus dem Keller matt 3 Blieder Basilikum gemixt.

Monday 22 June 2015

Grompere-Wuerzelstampf matt Pastinakegréngs (Vegan)

Vun der Pastinak kann een net nëmmen d'Wuerzel iessen, déi giel Doldebléien ginn als iessbar Deko oder als Geméis verwäert, de Som kann een als kümmelähnlecht Gewürz benotzen, och d'Gréngs ass ganz lecker, et gëtt als Gewürzkraut benotzt a schmaacht wéi eng Mëschung aus Péiterséilëch a Pastinak. :-D
Dat gëllt fir di wëll, an och fir déi geziichte Gaardeform vun der Pastinak.
Haut gouf et bei eis e Grompere-Wuerzelstampf, matt dem Gréngs vun der Pastinak drann.
Ech hunn einfach d'Grompere matt de Wuerzelen am Salzwaasser gekacht, d'Kachwaasser beim ofschëdden gehalen, a matt zwee Gräpp gehackte Pastinakegréngs gestampft. No Besoin Kachwaasser an een Iessläffel Mohnueleg draginn. Matt Salz, schwarzem Peffer a Muskat ofgeschmaacht.
Déi wëll Pastinak fënnt een op méi drëschenen Kalek- a Stéckstoffräiche Wisen a Gréngsträifen.
Erkennen kann een d'Pastinak ganz gutt.
Di ganz Planz ass hellgring.
De Still ass e bëssi kantësch, gefurcht a liicht hoereg.
D'Blieder si grouss a gezackt un de Ränner an et sti sech all Kéiers zwee géintiwwer, an un der Spëtzt as eent.
Hir Doldebléien kritt se am zweete Joer a si si giel. D'Planz richt liicht no deem Wuerzeleche-Pastinakegeroch.
Verwiesslungen matt gëftegen Doldebléier (Hondspéiterséilech, Schierling, Kälberkropf) sinn éischter onwahrscheinlech. Déi gëfteg Planzen hunn eng kleng gefiedert Blatform a bléie wäiss (d'Pastinake huet di giel Bléiefarw).

Pastinak als Heelplanz:
D'Pastinak ass e stoffwiesselureegend Geméis dat d'Verdauung fördert, an den Organismus stäerkt. Een Téi wierkt schmäerzstëllend a fördert ee gudde Schlof.
D'Pastinak gëtt oft a Babybräier benotzt, wëll et e gutt verträglecht Geméis ass, an dat och fir Diabetiker wéinst dem enthalenen Inulin. Si liwwert dem Kierper Eewäiss an huet ausserdeem Provitamin A, Vitamin B an C, Kalium, Phosphor, Eisen, Magnesium an Zénk ze bidden. Wann ee bei staarker Sonn plécke geet deet een am beschten Händschen un. D'Fucocumarine kënne bei ëmfindlecher Haut photosensibiliséierend wierken. :-)


Thursday 18 June 2015

Péiterséilech-Gnocchi mat Wäissem Gänsefouss (Weisse Melde) an enger Cashewzooss (Vegan)

Haut hu mir Gnocchien gemaach, matt dem beschte wëlle "Spinat" deen een dobausse fanne kann: Wäisse Gänsefouss. D'Resultat gesäit absolut vebueden aus, a schmaacht och esou! :-D
Fir d'Gnocchien hunn ech 3 riseg Gromperen, (di haten zesumme 700 Gramm!) matt der Schuel gequellt.
Déi Zäit eng grouss Tas hallef matt Cashewnëss gefëllt, bis uewen hi matt warmem Waasser opgefëllt an zéie gelooss.
An eng Schossel koumen 3 Iessläffelen Gromperemiel (do kann een och soss eng Stäerkt huelen) 100 Gramm Miel, en Téiläffel Salz, Muskat, an en halwe Bond klénggehackte Péiterséilëch.

Eng Schalotte an zwou Knuewlékszéiwen hunn ech du kleng gehackt a schon mol fir d'Zooss an eng Pan ginn (ouni dass d'Plack u wor).

Déi mëll gekachte Gromperen hunn ech matt der Schuel duerch eng Gromperepress bei d'Mielgemësch ginn. D'Schuel bleift an der Press hänken, an da kann een se ganz einfach erauszéien. Sou spuert een sëch daat ganzt Gepiddels fir déi waarm Gromperen ze schielen, an et geet ganz zackeg! ;-)
Den Deeg gëtt nach waarm gutt duerchgeknied, an 5 Minutte roue gelooss.

Fir d'Zooss: D'Cashewnëss gi mam Waasser aus der Tas an engem gudde Mixer glat gemixt. Zack: Eng déck "Cashew-Ram" :-D
Dunn hunn ech d'Schalotten an de Knuewléck ugedënst, an eng Passette voll wäisse Gänsefouss dra gehäit. Matt 1 Iessläffel Geméisbrittpolver, enger Tas Waasser an d'selwergemaachte Cashewram, e Läffel Hiefflacken, Peffer, Salz, an Zitrounejus opgefëllt an duerchgeréiert.

Aus dem Deeg hun ech eng 2-3 cm déck Strull gemaach, an se an 1 - 1,5cm déck Scheiwen geschnidden. Déi hunn ech eemol an der Mëtt eropgeklappt, an hun si matt der Forchette gedreint dass Rillen dra koumen. Sou séier se fäerdeg ware, si se an d'kachend Waasser geflunn. Soubaal si eropschwammen (1-2 Minutten oder esou) mussen se matt engem Schaumläffel erausgeholl ginn. Soss zerkachen se a sinn dann zimlëch mëll a schläimeg...
Sinn déi Dénger dann all gekacht, flatteren se zesummen an d'Zooss, an ët kënnt nach e bessi Péiterséilech driwwer.


De Wäisse Gänsefouss ass gutt erkennbar. Op sénge Blieder ass e mielege Stëps deen een och gutt ënnert de Fanger spiert. D'Blieder si vun hellgréng bis méi spéit blogro gefierwt, awer déi zentral, jonk Deeler hunn ëmmer ee wäisslechen Belag. Wuessen deet en iwwerall do wou de Buedem gegruewe ginn ass, ob um Feld vum Bio-Bauer, engem Koup Buedem, am Gaart oder op enger Baustell als Erstbesiedler.
Plécken deet ee virun allem déi jonk Deeler mam Still oder d'Blieder. Awer och de Som ass fréier benotzt gi fir en ze muelen, an domatt d'Miel ze strecken.
Vu Fréijoer, wann d'Plänzchen nach ganz kleng ass, bis an de Spéitsummer wann se je no Buedembeschafenheet bis zu 1,80m héich gewuess ass, kann een un de Wäisse Gänsefouss plécken goen. All Spinat Rezept kann ee matt dem Gänsefouss genau esou gutt präparéieren, jonk Blieder kann een och réi iessen. An Indien gëtt en als "Wantergeméis" Bathua ugebaut, bei eis leider all ze oft als "lästegt Onkraut" bekämpft.

Verwiesselen kann ee se just matt anere Planzen aus der Famill Chenopodium oder Atriplex, déi a Mëtteleuropa awer all iessbar sinn. :-)


Wednesday 17 June 2015

Basilikum-Matcha Granité

Ei, Gehiirfrascht-Alarm :-D


Fir dëse Granité, hunn ech ganz einfach 450 Milliliter Waasser, 1 Iessläffel Matcha, en halwe Bond Basilikum, eng hallef Zitroun an 100 Milliliter Agavendicksaft zesummegemixt, an iwwer Nuecht an den Tiefkühler gestallt.

Moies fréi hun ech en aus der Truh geholl an an de Frigo gestallt, a Mëttes 2 Iessläffel fruchtegen Olivenueleg (deen e bëssen no Apel schmaacht) dobäi ginn, mam Pürréierstab doduerch gemixt an direkt zervéiert.

Méi schnell Alternativen (fir ee mat engem gudde Mixer ;-) )
Alles matt nëmme 50 Milliliter Waasser umixen an dat reschtlecht Waasser duerch Äiswierfelen ersetzen. Duerchmixen an an eng virgekillten Schossel ginn. Evtl. nach emol kuerz an den Tiefkühler domatt.
Wien am stolze Besëtz vun enger Glacemaschinn ass, kann dat Ganzt natirlech einfach dodranner ginn a 15 Minuten dréine loossen.





Tuesday 16 June 2015

Courgettespaghetti matt enger Paprikaszooss, Hanf-Parmesan an frëschem Basilikum (Vegan)

Déi éischt Courgette fir dësst Joer ass schon zeideg :-D Zäit fir de Spaghettischieler nees aus dem Tirang ze kromen!
Courgetten bidden sëch herrlech als Spaghettien un, et ass schnell geschitt, einfach gemaach, a lecker!
Déi als Spaghettie geschnidde Courgetten ginn entweder e puer Sekonnen an d'Salzwaasser gezappt, oder matt kachendem Waasser iwwerbréiht. Et kann een si och just kuerz virum Zervéieren an d'Zooss ginn, an se dodra waarm zéie loossen. Ech hat se kuerz gezappt. Drop koum haut eng schnell Paprikaszooss, fir déi ech e Gielen an e Roude Paprika kleng geschnëppelt an am Olivenueleg ugedënst hunn. Matt zwou gehacktenen Knuewlékszéiwen, e Läffel Geméisbrittpolver, enger gewierfelter Tomat, Peffer, Salz, Péiterséilech an Dost, engem Iessläffel Tomatemuerg an enger klenger Tas Waasser hunn ech d'Zooss 10 Minutte brutschele gelooss.
Dobäi koum een Hanf-Parmesan aus 4 Iessläffelen geschieltem Hanfsom, engem Iessläffel Hiefflacken a Salz, an natierlëch frësche Basilikum. Zesummegeréiert, fäerdeg. :-)

Hanfsom schmaacht nët nëmmen superlecker, mee et as ee "Superfood". En enthällt all déi essenziell Aminosäieren déi de Mënsch brauch, Vitamin E a B, och Vitamin B2 an dat däitlëcch méi ewéi an déierëschen Produiter. Hanf fördert de Muskelopbau an d'Muskelreparatur. D'Fetter am Hanf hunn déi optimal Omega 3 a 6 Balance, entgëften de Kierper an enthalen déi wichteg Gamma-Linolene-Säier wat sech positiv ob Entzündungen am Kierper auswierkt.

Monday 15 June 2015

Smoothie an Zalot vum Vulleseemchen (vegan)

Mir haten nach eng Kornischong, en Apel an e puer Zitrounen am Haus. Am Gaart hu mer e Vulleseemchen (Vogelmiere/Sternmiere) entdeckt a Peffermënz gepléckt. Mir woren eis nët eens wat mir dorauser sollte maachen... also goufen et zwou Saachen: Eemol e (supergreendetox :-D) Smoothie an eemol eng Zalot aus deene selwechten Zoutaten:

-fir de Smoothie (eng Portioun) ass eng hallef Kornischong, en Apel, de Jus vun enger Zitroun, 2 Äiswierfelen, eng Rosette Vulleseemchen an e puer Blieder Peffermënz, e bëssi Peffer, eng Pauz Salz an en mini Téiläffel Olivenueleg an de Mixer geflattert.

Fir d'Zalot goufen déi selwecht Saachen zerpléckt oder a Scheiwe geschnëppelt, an eng liicht Vinaigrette aus Olivenueleg, Zitrounejus, Peffermënzblieder, Peffer a Salz driwwer gedrëpst.
De Vulleseemchen kann eng ganz schéin Plo am Gaart sinn, wann en iwwerall driwwerwiisst an sech séier ausbreet. Dëst kann een ower zum positiven notzen andeems een en einfach esst ;-) (an net doutsprétzt).
Verwäerte kann een dat Kraut vu März bis Oktober als Zalot, ewéi Spinat gekacht, an der Zopp oder am Smoothie. Wëll de Som immens séier a gutt keimt, kann ee sech dëse sammelen, an och am Wanter als Vitaminspender ob der Fënsterbänk uséinen. De Vulleseemchen gëllt allgemeng als Heelkraut dat Schmäerze stëllt. Mee et ass doriwwer raus och nach wierklech lecker. Et schmaacht wéi réie, jonke Mais. 50 Gramm Vulleseemchen decken de Vitamin C-Bedarf vun engem Erwuessenen of. Calcium, Kalium, Magnesium, Vitamin A Vitamin B1, B2 an B3, Flavonoide an Kiselsäier sinn och drann. E wonnerbart Kraut.
Fannen kann een de Vulleseemchen quasi iwwerall wou vill Stéckstoff am Buedem ass. Erkennen deet een de Vulleseemchen un sengem stäreförmegen Wuess. Si wiisst ganz üppeg a bild e Këssen dat un enger klenger Wuerzel hängt. Gutt erkennen kann een de Vulleseemchen wann een de Still ausernee rappt: an der Mëtt ass méi en elastegen hellen "Daarm" drann, dee méi spéit räisst. De Vulleseemchen kritt kleng wäiss Bléien.
Déi eenzeg Planz matt där een de Vulleseemchen eventuell kéint verwiesselen ass d'Anagallis arvensis deen als Buedemdecker gesat gëtt mee bei dësem sinn ënnert de Blieder kleng brong Flecken an de Still ass véiereckeg (beim Vulleseemchen ass e ronn). Ausserdeem sinn d'Bléie rout oder blo.

Grillzäit: Lënsen-Wëllkraider Zalot

Bei d'Grillen gehéiert natiirlech déi eng oder aner Zalot! :-)
Mir haten eng Lënsen-Wellkräider Zalot, matt gedrëschenten Tomaten an Oliven.

Vun Kraider hunn ech dat geholl wat ech grad fonnt hunn: Sauerampfer, wëllen Dost, jonk Blieder vum Feldahorn, Basilikum a vill Péiterséilech. Als Vinaigrette hat ech 5 Läffele Balsamico Esseg, 7 Läffele gudden Olivenueleg, eng zerdréckten Knueweléckszéif, uerdentlech Salz a Peffer mateneen verréiert. An an d'Zalot goufen nach e puer gedrëchent Tomaten an e bëssi Paprika geschnëppelt an Oliven koume matt drann.
Lënsen ginn irgendwéi total ënnerschat, den Eegegoût vun deem Geméis ass Top, an ët kann een esou vill dorauser maachen! Ech hat just nach déi brong "Eintopflënsen" am Haus, ower och déi sinn eng gutt Zalot ginn. Ech hunn se just nët grad esou laang kache gelooss wéi um Pak stoung :-D


Sunday 14 June 2015

Grillzäit: Marinéierten Champignonspiess matt Brennnesselbléien (vegan)

Geméis vum Grill ass net langweileg, nee nee :-D


D'Champignone goufen am Ganzen an enger Marinade aus 4 Läffele Sojazooss, 5 Läffele Balsamicoesseg, 6 Läffele Sesamueleg, 2 Läffelen Agavendicksaft, enger gepresstener Knuewlékszéif, Peffer, Chillipolver, enger Grëtz Salz an 2 Läffele Sesam, a gouf 20 Minutten dran zéie gelooss.
Du koumen se op Spiessercher, a si gegrillt ginn.


Driwer hate mir d'Bléien vun enger Brennnessel gestreet, déi ee ganz leckeren feinen nossege Goût hunn :-) Driwwer koumen dann och nach zwee Läffele vun der Marinade.
Dobäi gouf et am Olivenueleg ausgebaaken Brennnesselblieder als gesalzen Brennnesselchipsen. Déi woren esou knuspreg, datt se am Mond zergrimmelt sinn.












Wëll d'Spiessercher nët all um Grill geland woren, koumen di reschtlech Champignonen owes kuerz an d'Pan, matt de Brennnesselsbléien an der Marinade als Zooss driwwer :-D

Saturday 13 June 2015

Grillzäit: Auberginne matt Peffermënz (vegan)

Juhuhh! Grillen! Zu menge Favorite vum Grill gehéieren definitiv d'Auberginnen!  :-D
Gëschter gouf et gegrillten Auberginnen matt enger Peffermënz Vinaigrette. Dat ass super schnell virzebereeden, a schmaacht lecker!
Wien dat Battert vun den Auberginnen nët esou gäer huet, kann se "wéi een Zebra" hallef schielen a Rondele schneiden a Salzen. No 20 Minutten gi se da just eng Kéier ofgespullt an drësche getuppt éier se gegrillt ginn.
Ech wor gëscht e bëssi méi presséiert, an hunn dat iwwersprongen.
Si goufe just a Rondele geschnippelt, a sinn dunn schnurstracks ob de Grill geflunn :-)
Déi Zäit wou si gebrutschelt hunn, hunn ech séier eng Vinaigrette aus Zitroun, Olivenueleg, enger zerdréckter Knuewlékszéif, Peffer, Salz, gemuelenen Koriandersom, Péiterséilech a frëschem Peffermënz geréiert. Gutt duerchgegrillt ass d'Aubergine dodra geflunn an ass verbotzt ginn.

Friday 12 June 2015

Séiere Brennnessel-Rosmarin Shampoing

Ech probéieren esou mann ewéi méiglech Plastik ze verbrauchen, an eppes dat irgendswéi ëmmer an Plastiksfläschen ass, ass Shampoing... :-/
Eigentlëch ass a Shampoingen iwwerhaapt oft Gemëschels drann op dat ech léiwer verzichten géif: syntheteschen Doft, Silikonen, Parabeenen, Emulgatoren, Palmueleg, Erdueleg, déierësch Produiter, Weichmaacher an esou weider...

D'Hoer kann ee matt enger fester Naturseef aus Olivenueleg wäschen. Virausgesat et as nët zevill Kallék am Wasser, dann huet een "Kallékseef" a wäiss Flacken an den Hoer déi ee schwéier erauskritt. An deem Fall onbedengt ganz waarm matt Äppelesseg auswäschen! Mir hunn hei keen ze haart Waasser, an dofir kee Probleem domatt ;-).
Ët gëtt ower och eng extra Hoerseef, déi ass nët zevill iwerfett an ët ass meeschtens Rhizinusueleg drann, fir dass se besser schaimt. Palmueleg huet a festem Shampoing näischt verluer, well d'Hoer ganz séier "klätscheg" dovun gin. (mol ganz ofgesinn vun den etheschen Aspekter :-) )

Entweder reiwt een d'Seef am Stéck duerch d'Hoer (mëcht bei mir e bëssi Knätzelen), oder et reift een se an den Hänn vir, an dréit se dann ob d'Hoer op.

Oder et mëcht ee sech séier ee flëssegen Shampoing.
Dat hun ech d'lescht Woch gemaach. Geet ganz einfach a séier:


Ee Brennnessel-Rosmarin Shampoing!

- 2 Stiller Brennesselen an
- 1 Still Rosmarin kleng schnëppelen, a matt
- 250 Milliliter kachendem Waasser iwwergéissen an
- 10 Minutten zéie loossen, an däer Zäit
- 20 Gramm Naturseef aus Olivenueleg kleng raspelen, an an
- 100 Milliliter waarmem Waasser verréieren,
- den Téi duerch eng Passette dobai schëdden, a
- 5 Drëpsen ätherëschen Rosmarinueleg dobäi ginn. Evtl. eng Kéier mam Stabmixer doduerch,
- an eng Fläsch fëllen, a fäerdeg.
Dësen Shampoing schäimt net esou ewéi kaaftenen, awer e schaimt! Gudd amasséiert mëcht en d'Hoer quiitschpropper, a fleegt se ouni auszedrëchenen! Am beschten léisst een de Shampoing eng Minutt anzéien éiert een en auswäscht!

Fir auszespullen huelen ech Äppelesseg a kaalt Waasser! ;-D (Seef ass alkalësch, an den Esseg gläicht daat nees aus)

D'Brennnessel souwéi och de Rosmarin sinn Heelplanzen, förderen d'Duerchbluddung vun der Kapphaut a wirken antibakteriell. Dësst ass gutt géint Schubber, a fir den Hoerwuesstem. ;-)

Am Moment muss ech méng Hoer maximal 1x an der Woch wäschen, well se nët esou séier fetteg ginn. Ech hoffen bei aanere Leit klappt daat genau esou gutt wéi bei mir, mee daat hängt ëmmer vum Hoertyp der Seef a vum Härtegrad vum Waasser of. Bei mir sinn d'Hoer vun der Seef ganz "fluffeg" an mëll ginn :-D


Wednesday 10 June 2015

Kleng Paangecher matt enger Noss-Rouse Fëllung (Vegan)

Mat Rousewaasser ze kachen as éischter eng orientalësch Gewunnëscht, an an eise Géigenden nët esou üblech. Haut hate mir ee Paangech bal wéi aus dausend an enger Nuecht... Mëttes um halwer dräi ;-)


Also, fir d'Rezept haat ech mer Folgendes ausgeduecht:

Fir den Deeg:
An enger Tas 1 décken Iessläffel Drëchen-Baakhief mat 40 Milliliter wootlëchem Waasser verréieren.
150 Gramm Miel matt 210 Milliliter Waasser, enger Pauz Salz an enger Strutz Agavendicksaft glat réieren. D'Hiefmëschung dobäi réieren, a matt engem Duch zougedeckt 1/2 Stonn roue loossen.
Wann den Deeg gerout huet, just virum ausbaken een Iessläffel Zitrounejus an een Téiläffel Natron arréieren.

Fir d'Fëllung:
100 Gramm gemëschten Nëss hacken (ech hat Hackernëss (Walnuss), Mandelen, Hanfsom) matt zwee Iessläffelen Agavendicksaft engem Téiläffel Ceylon Kanéil (Kee Cassia-Kanéil!) an 3 Iessläffelen Rousewaasser* vermëschen.
(*Rousenhydrolat aus dem Bio-Buttéck, oder selwer destilléiert aus ongesprëtztenen Zentifolie Rousen)
Fir den Sirup:
1 Téiläffel Zitrounejus mat 3 Iessläffele Rousewaasser, 60 Gramm Agavendicksaft a 60 Gramm Ahornsirup verréieren.

Fir den Deeg auszebaken hunn ech d'Pan (ech hu keng beschichte Pan, einfach eng aus Inox) matt e bësse Kokosueleg ausgeriwwen. An d'Mëtt hunn ech aus gewësser Héicht e bëssen Deeg an d'Pan lafe gelooss, sou dass duerch d'Zerlafe kleng Pangecher vun +- 10 cm Duerchmiesser entstane sinn.

D'Paangecher hunn ech just vun enger Säit bei mëttlerer Hëtzt stocke gelooss, bis dass kee réien Deeg méi ze gesi wor.
Dunn hunn ech si op een Teller gehuewen. An d'Mëtt vun all Paangech koum e Läffel Fëllung, an ech hu si du ronderëm zougedréckt.
Dat dauert quasi sou laang bis deen nächste schon fäerdeg ass. Alles an allem geet ett dann op eemol séier, wëll ee keng Zäit verléiert :-D

Fir ze garnéieren hunn ech iessbar Bléien aus dem Gaart an e bëssi Peffermënz geholl. Super gepasst huet d'Tagetes "Orange Gem"! Déi schmaacht e bëssen ewéi Orangenzesten :-)

Ech krut eng 12 Paangercher matt deene Quantitéiten.

Zervéiert ginn se dann iwwergoss mam Rousesirup.

Tuesday 9 June 2015

Hausmaacher Olivenuelegseef fir d'Hänn an de Kierper (vegan)

Olivenueleg ass net nëmmen gutt am Iessen, mee och gutt fir d'Haut. Wann ee sech eng Seef keeft, kann een dropp liesen wat drann ass; an artisanal hiergestallte Naturseefen ass ausser evtl. déireschen Produiten meeschtens nët méi dra wéi soll, ower bei industriell hiergestalltener Groussproduktioun huet ee besser ze liesen a fir sech ze entscheeden ob een esou eng Seef wëll kafen...
Ech mache mir meng Seef selwer. Olivenueleg ass duuss a baut de natierleche Fettmantel vun der Haut op, wat Olivenuelegseef super fir Allergiker mëcht.


Fir selwer Seef ze maachen brauch een net vill, e bëssi Zäit an z.B.:

-365 Gramm dest. Waasser oder Téi (hallef gefruer),
-1100 Gramm Olivenueleg, an
-133 Gramm NaOH (Natriumhydroxid) a Form vu Granulat.

(Wie wëll kann och ee Kraut (z.B. Calendula, Weeblad, Brennnessel, Kamille, Salbei...) an 200 ml vum ze benotztenden Ueleg mixen an iwwer Nuecht zéien loossen éier d'Seef domatt gemaach gëtt.
Wie seng Seef gäeren "richeg" hätt, kann 20 Gramm ätherëschen Ueleg zum Schluss ënnerréieren!)

Also, ech réieren meng Seef ëmmer esou:

1. Händschen undoen, Schutbrëll op. ;-) An eng Zitroun oder e bëssi Esseg parat hunn, sollt ech mëch mol eng Kéier matt der Lauge sprutzen... (ass bis elo nach ni geschitt... oh nee, wou ass Holz!?)

2. Hallef gefruer Flëssegkeet matt NaOH verréieren (dobaussen, oder am Waassersteen bei oppener Fënster) Ëmmer den NaOH an d'Flëssegkeet réieren, nët emgedréint!!

3.Olivenueleg op +- 38 Grad erhëtzen

4. D'Flëssegkeet lues a lues an den Olivenueleg réieren an undécken loossen (ofwiesselend mam Mixstab mixen, ower nët méi lang wéi eng Minutt um Stéck, soss streikt de Mixstaab herno! :-D)

- evtl.Ueleg mam Kraut ënnermixen, an ätherëschen Ueleg

5. Wann d'Seef ausgesäit ewéi décke Pudding kann een se an eng Form fëllen.
Entweder eng Holzform oder eng Bakform aus Silikon (keng Metallform, déi ass soss herno nët méi ze gebrauchen)

6. Plastiksfolie driwwer (hunn nach keng Alternativ fonnt), en Duch ronderem an an eng Isoléiertut domatt!

Ech rechnen matt +- enger Stonn déi ech brauch fir ee "Seefenduerchgang" ;-) Elo musse jo nach Dëppen am beschten direkt matt waarmem Waasser ausgespullt ginn! Gottseidank ass jo just Seef drann, déi botzt jo anengems (Händschen un, ett ass nach ëmmer eng Lauge!) :-D

No 24 Stonnen kann ee kucken ob d'Seef fest genuch ass fir se ze schneiden. Dat Rezept gi je no Gréisst 7 bis 14 Stécker.
Eng Olivenuelegseef muss ëmmer an eng grouss Form geschott ginn, well soss nët genuch Temperatur do ass fir de Verseefungsprozess komplett ze duerchlafen!
Wéilt ee gären d'Seef direkt a kleng Formen schëdden, kéint een z.B Mandelmëllech amplaz Waasser matt engem Läffel Zocker oder Agavendicksaft drann huelen fir den NaOH anzeréieren (och hallef gefruer)! Dëss erhéigen d'Hëtzt beim Verseefungsprozess!

D'Seef dierf elo nach nët direkt benotzt gin, mee muss ob d'mannst 3 bis 6 Méint (nët agepaak) räifen!
Gedold hunn ass daat schwieregst beim Seef-réieren! :-D

An enger Kal geréierter Seef ass den natierlëchen Glyzerin aus de Planzen nach enthalen, a mëcht dëss Seefen extra fleegend! Dee weideren Plus wann een eng fest Olivenuelegseef an der Dusch benotzt ass natierlech nët nëmmen déi synthetesch oder déieresch Zousazstoffer déi ee spuert, mee och Suen, an e Koup onnéidegen Plastik! ;-)
Souwisou mëcht daat selwer eppes kreéieren un sëch jo och spaass!

Fir esou ee Stéck Seef z.B matt an d'Schwämm ze huelen, huet sech iwweregens einfach e Läppchen als "Transportbox" bewährt! ;-) just esou niewebai bemierkt...


Monday 8 June 2015

Hielännerbléien-Routkléi "Gebees" (Vegan)

Déi zweet Saach aus den Hielännerbléien ass e Gebees gin, gemëscht matt e bëssi Routkléi... ;-)
Ech passen ëmmer gär e bëssi op dass ech déi Bléien déi eis Pollesammler grad brauchen nët zevill stibitzen, dofir gëtt ët haut e bëssi gemëscht. Um Spazéierwee stinn eng 8 Hielännersträicher déi graad eréicht ufänken matt bléien, an e Feld voll Routkléi.
18 Dolden Hielänner, eng Bio-Zitroun a Scheiwen an zwee Gräpp Routkléibléien an 900 Milliliter Waasser iwwer Nuecht zéien loossen,  kuerz opkachen an ofseien.
De Jus vun enger Zitroun matt 500 Gramm Geléierzocker 2:1 (mat Aapelpektin als Geléiermëttel) aréieren a 5 Minutte kachen loossen. An ausgekachte Glieser fëllen, a fäerdeg! ;-D

Sunday 7 June 2015

"Hummus" aus wäisse Bounen matt wëllem Batteraltzem (Beifuss) (vegan)

De wëlle Batteraltzem gëtt fir ze wierze benotzt, esoulaang en nach nët blitt. Haut hunn ech e puer frësch Blieder gepléckt, fir en "Hummus" aus wäisse Bounen ze verfeineren.

Ech hun eng Tas gekachten déck wäiss Bounen, matt enger Zéif Knuewléck, e bëssi Zitrounejus, engem Schotz Olivenuelech, schwaarzem Peffer, Salz, Paprikapolfer, e bësse Péiterséilech a Kreuzkümmel gemixt. E klenge Grapp wëlle Batteraltzem gehackt an en Deel ënnergemescht an de Rescht driwwergestreet. ;-)
De wëlle Batteralzem ass e wäit verbreete Wëllkraut, a wiisst als ausdauerend Planz op verloossenen Plazen, laanscht Weeër oder laanscht Flëss. Erkennen kann een de wëlle Batteralzem u sengen gefiederte Blieder. Méi spéit am Joer matt der Bléi kann d'Planz schon emol 1,80 Meter héich ginn. Seng ganz kleng Bléie si wéi "Bommelen" laanscht den ierwechten Deel vum Still verdeelt.
Et benotzt een virun allem déi frësch ausgedriwwen Blieder, éier en an d'Bléi kënnt. Duerno kann een e ganze Still ophänken an drëschenen fir als Téi opzegéissen. Fréier hunn sëch Zaldoten anscheinend e Blat Beifuss géint Bloderen an d'Schong geluecht, dohier den Numm.
Ganz fréi am Joer kéint een d'Planz eventuell matt aneren (gëftegen)Planzen verwiesselen déi och gefiedert Blieder hunn, déi ab +- Mee ower Doldebléie kréien.

Schnelle Peffermënz-Cooler

Dat richtegt fir e waarme Sonndeg-Nomëtten ;-)



Einfach en décke Grapp Peffermënzblieder oder ganz Stengelen matt de Blieder dru matt engem Liter kale Waasser an no Goût Agavendicksaft mixen, iwwer Äis schëdden, a fäerdeg!

Wie wëll kann d'Gedrénks duerch eng Passette schëdden falls d'Peffermënz nët ganz durchgemixt sollt sinn.

Peffermënz als Heelplanz:

Wichtegste Wierkstoff ass d'ätherescht Ueleg an der Planz. Da sinn och nach Gerbstoffer (Labiaten), Flavonoiden an anerer. Peffermënz wierkt ureegend op d'Gal, krampléisend am Mo-Daarm a generell antimikrobiell an antiviral.

Saturday 6 June 2015

Hielännerbléien-Cashew Pannacotta (Vegan)

Hei am Eislék fänkt den Hielänner lo grad réicht u matt bléien. Ech si schon ganz ongedëlleg! :-)
E puer Bléien hunn ech beim Spazéieren scho konnte plécken. Zwou Saache sinn doraus entstanen, an eng dovu wor en Dessert: Eng Hielännerbléien-Cashew Pannacotta matt enger Zitroune-Peffermënz Zooss. (vegan)

Fir d'Pannacotta:

Ech hun 10 Hielännerbléien (déi ganz Dolden) a 560 Milliliter Waasser en halwen Dag stoë gelooss. Dunn hunn ech an dat Waasser annerhalwen Téiläffel Agar Agar ageréiert, 1 Pauz Salz, d'Muerg vun enger Vanille-Staang, an 120 Gramm Agavendicksaft koumen och nach dobäi. Ech hunn dunn d'Bléien um Gréngs gepak an eraus gezunn.

Eenzel wäiss Bléien déi sëch duerch daat villt Réiere geléist hu kënne roueg dra bleiwen!

Da kommen 150 Gramm Cashewmus drann an daat ganzt gëtt ënner Réieren opgekacht an eng Minutt kächelen gelooss. Dann a Forme geschott an direkt an de Frigo gestallt (op d'mannst eng Stonn). Ech hat gréisser Äiswierfelformen (5x5x5) geholl, dat si 7 Stéck ginn.

Fir d'Zooss:

Ech hunn eng Zitroun filettéiert, a mam Jus vun enger Zitroun, 150 Milliliter Waasser an 80 Gramm Geléierzocker 4 Minutten kächelen gelooss. Dunn hunn ech 2 Hielännerbléien dra geluecht, a Peffermënzblieder kleng gehackt dra gestreet a kal gestallt.

D'Hielännerbléie ginn am beschten virun der Mëtteszäit, wann et sonneg ass, gepléckt wa si scho schéin op sinn. Si ginn nët gewäsch (wéinst dem Goût) mee einfach ganz viirsichteg "gerëselt"fir evtl. kleng Déiercher lass ze ginn.
Hielännerbléien sinn och ganz gesond. Si enthalen ënnert anerem ätherësch Uelecher a Glycosiden. D'Hielännerbléien ginn agasat bei Otemwee-Infektiounen an Erkältungen. D'Bléie kann een och ganz gutt drëschenen fir als Téi ze opzegéissen.

Hausmaacher Plastellin wéi bei der Boma

Nëmmen dat Bescht fir eis Kanner! ;-)
De kaafte Plastellin huet eng "Geheimrezeptur" dofir steet um Pak nët drop wat drann ass. Beim Recherchéieren sinn ech op d'Patentschrëft vun der bekanntester Mark gestouss. Do war et séier kloer: Et ass besser, mir "kachen" eise selwer. (Méi iwwert den industrielle Plastellinn fannt dir weider ënnen am Text.)


En einfacht Rezept, dat och schon meng Boma benotzt huet fir Plastellin ze maachen, ass dat hei:
1/2 Liter Waasser opkachen an 3 Iessläffelen Zitrounesaier aréieren (dat ass e Pudder an dee kritt een an all Supermarché bei den Akach-Saachen).
500 Gramm Miel matt 200 Gramm Salz an enger Schossel mëschen, e gudde Schotz Ueleg dobäi ginn, an dat waarmt Waasser driwwer schëdden a verréieren. Duerno Knieden. Fäerdeg ass dee perfekten, mëllen Plastellin! :-D

Fir d' Faarwen hunn ech dëss Kéier Eeërfaarwen aus dem Biobuttik dra geknied déi ech nach vun Ouschteren iwwreg hat. Soss huelen ech einfach 2 Iessläffelen Matcha oder Brennesselspolfer fir Gréng, Kurkuma fir Giel an Routrommelspolfer fir rosa-roude Faarwspaass!
Einfach eng kleng Vertiefung an de Plastellin drécken, de Pudder matt engem Läffel waarme Waasser dran, a knieden. Dat kënnen d'Kanner och selwer maachen ;-)
Wie wëll, kann natierlech nach ätherëschen Ueleg fir de Geroch dra maachen. (Nëmmen e bëssen. Ech hunn dëss Kéier keen drann.)
Dëse Plastellin ass locker 6 Méint haltbar, wann een en nom Spillen ëmmer an eng Gefréiertut päckt.
Aarbechtsopwand ganzer 10 Minutten!

Wat een nët am Plastellin brauch, wat awer an deem aus dem Buttik drann ass, ass: Silikon, syntheteschen Doft, "am Verdacht stoend Hyperaktivitéits ausléisend" synthetësch Faarwstoffer, Erdueleg oder Borax. (Dat ass alles an där bekanntenster Knietmass-Mark dran!). An domatt sollen eis Kanner da "Pizzabake" spillen. :-/
Just fir ze soen: "Borax kann bei Haut- oder Augenkontakt des feinen Pulvers Entzündungen hervorrufen. Bei Verschlucken kann es zu Reizungen des Magen-Darm-Trakts kommen. Die letale Dosis (LD50-Wert) wird beim Erwachsenen mit 2 bis > 6 Gramm je Kilogramm Körpergewicht angegeben. Wegen seiner Einstufung als ein fortpflanzungsgefährdender Stoff wird es mit dem Gefahrensysmbol T – Giftig – gekennzeichnet."

(Wien et interesséiert, hei de Rescht vun den Zousazstoffer: Hasbro Patentschrëft hei)

Ech ka jo net fir Iech schwätzen, mee ech soen do fein: Nee Merci! ;-)

Wednesday 3 June 2015

Ruccola-Hanf Pesto mat gebrodenen Dagliliebléien (vegan)

Meng mof Zwergboune hu missen an de Buedem, an duerfir huet de Ruccola misse réckelen. An dat huet e gemaach. An de Bauch. :-D



Ech hunn de Mëtten e Ruccola-Hanf Pesto matt gebrodenen Dagliliebléie gemaach. Pesto maachen ass einfach, an d'Resultat ass einfach gutt. Besonnesch am Fall vun dëser éischter manner üblecher Kombinatioun.

Also koumen an e grousse Mixbecher: Een décke Grapp Ruccola, eng Knuewlékszéif (de Keim eraushuelen), e klénge Grapp Péiterséilech, 3 Iessläfflen Hanfsom, 3 Iessläffel geréischtert Sonneblummekären, 1 gedréschente Chilli, en Iessläffel Hiefflacken a Salz a Peffer. Iwwert dat Ganzt koum Olivenueleg. Da gëtt gemixt, an et schëtt een Olivenueleg bäi, bis ee matt der Konsistenz zefridden ass.

Dagliliebléie ginn einfach an enger Pan am Olivenueleg gebroden. Déi schmaachen immens intensiv a lecker. E bësse wéi séiss Porrett? :-D

De Ruccola war iwwregens gebeemt, mee dat deet näischt. D'Bléie sinn och eng schéin iessbar Deko.
Um Schluss hunn ech de Plat nach matt Hanfsom bestreet. Hmmmm...

Routkléi-Sirup

Haut gouf e "liichte" Routkléi-Sirup gemaach. Dee schmaacht ganz extra a lecker, an ass zudeems Medizin bei "Fraeleiden". Dat heescht awer net, datt d'Männer deen net kënnen drénken. ;-)

Ech hunn dräivéierels bis een Miessbecher Routkléibléie matt engem Miessbecher (500ml) Waasser an enger décker Scheiw (Bio-) Orange 10 Minutte kache gelooss. Du koum de Jus vun enger Zitroun an de Räscht vun der Orange als Jus dran, an ech hunn en 20 Minutten zéie gelooss. E gouf duerch eng reng Passette geschott, a matt 280 ml Agavendicksaft geséisst a kuerz opgekacht an an eng ausgekachten Fläsch gefëllt, de Rescht huet direkt missen dru gleewen.

Dëse Sirup ass nët esou déckflësseg ewéi een klassegen 1:1 Waasser-Zocker Sirup, e gëtt ower trotzdem matt Waasser verdënnt.

Opgepasst: An der Schwangerschafft soll een keen Routkléi zou sech huelen!

Routkléi ass gutt erkennbar. Et ass dee schéine vu Mee bis Oktober rosabléienden, e bëssi méi grousse Kléi, deen och oft als Kulturplanz geséint gëtt.

Tuesday 2 June 2015

Antipasti vum grousse Wise-Margréidchen (vegan)

Iwwerall bléien am Moment déi schéi wäiss Wise-Margréidercher ;-)
Haut hunn ech zwee Gräpp Bléie gepléckt, an als Antipasti ugemaach.



Dofir hunn ech 2 gehackte Knuewlékszéiwen an eng zerbröselt gedrëschent Chillischot zesumme matt de Margréidercher am Olivenueleg 1-2 Minutten ugebroden. Du matt dem Jus vun 1/2 Zitroun, 3 - 4 Iessläffelen Olivenueleg, frësch gehackte Péiterséilech, Salz an e bëssi schwaarze Peffer ofgeschmaacht an ugeriicht.

Déi ganz Planz ass iessbar! Ier d'Bléien un der Planz sinn, kann een déi jonk Sprossen an d'Blieder z.B. als Zalot iessen. De Goût kënnt vläit op méi eng wierzeg Courgette matt "gréngem" Toun eraus. Dat ganzt Joer iwwer kann een d'Wuerzel als Geméis verwäerten. Si erënnert e bëssi un Navet.

Monday 1 June 2015

Fierkelkrautzalot

Daat eenzegt Fierkel daat een nach an de Wisen fënnt ass d'Fierkelkraut. D'Fierkelkraut krut säin Numm vu senge buuschtegen Hoer déi e bëssen un d'Haut vun engem klenge Fierkelchen erënneren.




Als kléng Entrée hunn ech haut eng Zalot aus de klenggeschniddenen Blieder matt Tomaten, Avocado, geréischterte Kürbiskäeren an de gebrodenen Fierkelkrautbléien gemaach. :-D
Als Vinaigrette hat ech einfach 2 Iessläffelen Zitrounejus mat 3 Iessläffelen Olivenueleg (dee fruchtegen) eng gedréckten Zéif Knuewlék, Peffer a Salz mateneen verréiert.

Wat de Buedem méi drëschen, wat Planz méi batter schmaacht. An Zäiten wou ët gutt reent, an d'Wisen méi naass sinn schmaacht d'Fierkelkraut ganz angenehm, quasi net batter a bal séiss.
Trotz dem méi décke Blat an de Buuschten as ët eng gutt Zaloteplanz, a léisst sech eigentlech esou verwäerte wéi Bettseecheg. Och d'Knospen a Bléien sinn iessbar, woubäi ech do däitlech eng Präferenz hu fir si eng Kéier an der Pan ze broden, fir de schaarfgringen Goût ze dämpfen.

Seng Blieder sin zimlëch déck a wuessen a
Rosetteform. Meeschtens wiesst dëss ganz dicht iwwert dem Buedem.
Fanne kann een d'Fierkelkraut op méi drëschene Wisen, laanscht Weeër a Felder.
D'Fierkelkraut léisst sech ennert de Wëllkraider ganz gutt duerch seng flaach Rosette an de Buuschten un de Blieder erkennen. Di verschidden Aarten vun Fierkelkräider sinn all iessbar! ;-)