Also, do hätte mer
- Bakterizide géint Bakterien
- Fungizide géint Pilzer
- Akarizide géint Milben
- Ovizide géint Eer vun Milben
- Insektizide maachen Insekten dout oder schwächen se
- Ovizide géint Eer vun Insekten
- Molluskizide géint Schleeken
- Nematizide géint Fuedemwierm
- Rodentizide maachen Nagedéiercher dout
- Avizide maachen Villercher dout, gouf fréier nach méi agesaat dass se de Soom nët friessen
- Herbizide géint Planzen
- Algizide géint Algen
- Graminizide géint Grieser
- Arborizide géint Gehölz
Alles daat sin Gëfter...
Waat mir Mënschen awer alles kënnen! Eis Chemie kënntnisser sin jo onglaublech!
Wann eng Wiss sou ausgesäit heescht daat sie ass matt engem Breedband-Herbizid oofgesprëtzt! Loost är Kanner léiwer mol nët doduerchlaafen déi stinn an héigem Verdacht Kriibsereegend ze sin an Onfruchtbarkeet ze förderen!
Mee wéi daat sou ass matt de Studien... Déieren sin dovun betraff, awer ob ët beim Mënsch déi selwecht Auswierkungen huet kënne mer jo nët esou testen.
Erënnert mëch e bessen un di Saach mam insektizid DDT... 1950 woren schon Nierwenwierkungen bekannt 1989 ass ët erèicht Groussflächeg fir d' Landwirtschaft verbuede gin...
Wou ech nach a Kand wor hun d' Felder net un de Wee gegrenzt... ët wor ëmmer nach 1 Meter Plaatz fir Kaarblummen, Feierblummen a co.
Ewëll bléit nët méi vill hei um Land, e lauter Monokulturen, mee gutt daat sin bestëmmt vill Suen ëm déi ët geet... Spéitfolgen ginn eeben ëmmereréicht méi spéit erkannt... ahh duerfir heeschen déi Spéi... ahh.. lo... versti...gutt...
No comments:
Post a Comment