Wednesday 15 July 2015

Weidenröschen-Ratatouille (Vegan)

Jiddereen huet d'Weidenröschen (Adouniskraut) scho begéint: et ass dat schéint +- 120 cm héicht Kraut matt de rosa Bléien an dem Engelshoer-Som. ;-)
Ët ass villsäiteg verwendbar, an haut gouf et eng Ratatouille domatt. :-D


Dofir hunn ech 1 Aubergine, 1 Schalotte an zwou Zéiwe Knuewlék kleng geschnibbelt an ugedënst. 1 Chilli kleng gehackt dobäi ginn. Eng Courgette, 1 Paprika, 4 Tomaten, frësche Rosmarin,  a Péiterséilech matt dra gehäit a matt 1 Iessläffel Geméisbritt, schwaarzem Peffer an enger Tas Waasser opgefëllt an ofgeschmaacht. Du gouf dat Ganzt 15 Minutten kächele gelooss an et koumen e zwee Gräpp (déi iewecht, méi kleng, zaart) Weidenröschenblieder a Knospen drann. Nach 2 Minutten kächele gelooss, e Grapp Basilikum ënnergeréiert a fäerdeg. D'Bléien vum Weidenröschen koumen als Deko driwwer. Dobäi gouf ett gequellte Gromperen an eng Zalot. :-)

D'Weidenröschen (Epilobium angustifolium) ass eng Pionéierplanz, a vill ze fannen virun allem ob nährstoffräichem Buedem vu Sonn bis Schied.
Meeschtens wiisst se a grousse Kolonien. De Still ass e bessi eckeg a glat. Ab Abrëll sinn d'Stiller déi aus dem Buedem spriessen e bëssi roudelzëch, an di kleng Blieder leien un. Seng Blieder si lanzetteförmeg. Am Beschten a scho vu Wäitem ass si ab +- Enn Juni bis August ze erkenne, wa se rosa blitt ;-)!
Verwiessele kann ee se am jonke Stadium matt der Goldrute, déi ass och iessbar, muss allerdings geschielt gi, soss ass se zéi ;-) Bei dëser ass de Still méi ronn, d'Blieder dreiwen uewen aus a leien nët ewéi beim Weidenröschen u, wann se frësch ausdreiwen.

Vum Weidenröschen kann een alles verwäerten!
Ier d'Planz an d'Bléi kënnt, kann een de jonke Stengel wéi Spargelen benotzen. Hei ass ët vu Virdeel ze wëssen wou se a Gruppe wiisst ;-)
D'Knospen réi oder gekacht, d'Bléien als iessbar Deko, d'Blieder bis Juli, als Zalot, gekacht oder als "Gréngen" Téi.
D'Wuerzelen am Fréijoer réi oder gekacht, oder gedrëchend zu Miel verschafft fir z.b. Zoossen ze bannen. All Ënnerarten vum Epilobium sinn d'selwecht verwäertbar.

D'Weidenröschen huet entzündungshemmend Eegeschaften a gëtt och bei Prostatavergréisserungen agesat. Den Téi hëlleft bei Daarm- an Moentzündungen.


Tuesday 14 July 2015

Spaghettinäschter matt Brennnesselen an dobäi: gebrode Beinwellblieder a Salbei (Vegan)

Reschteverwärtung kann esouuuu lecker sinn ;-)


Fir d'Spaghettinäschter hunn ech ee flëssegen Deeg ugerouert: aus 1 1/2 Tas Waasser, 3 Iessläffelen Chia Som, 2 Iessläffelen Hiefflacken (keng Bakhief), 2 gehackten Zéiwe Knuewlék, 1 Chilli, e Grapp Péiterséilech, 5 Blieder Brennnesselen, e bëssi Basilikum, Peffer, Salz an 2 1/2 Iessläffelen Miel. D'Spaghettien sollen nët zevill am Deeg erstécken, mee e soll se just zesummenhalen, et ass also normal wann den Deeg méi flësseg ass :-)

Mäi Rescht Spaghettien hunn ech duerch den Deeg gezunn mat der Fourchette opgedréint an an der Pan liicht plattgedréckt ob mëttlerer Hëtzt knuspereg gebroden. Nët ze séier emdréinen, soss zerfalen se.
Duerch de Rescht Deeg hunn ech e puer Beinwellblieder, Salbei a Kapuzinnerkresseblieder gezunn an och gebroden.

Dobäi gouf et Balsamico-Tomaten: Déi hunn ech einfach zum Schluss an déi Rescht Hëtzt vun der Pan gehäit, e bëssi ugebroden a matt Balsamico ofgeläscht, a matt Salz a Peffer ofgeschmaacht, ech hat ee Dattelbalsamico, deen ass vu sech aus schon e bëssi méi séiss an déckflësseg.

Dattelbalsamico: 100 Gramm Dattelen op 500 ml Balsamicoesseg mixen, 30 Minutten kachen, 2 Deeg stoe loossen, duerch eng Passette schëdden falls nach Stécker dra wieren, fäerdeg :-)

Fir dat ganzt dann haalbar ze maache, gi Fläschelcher ausgekacht an de Balsamico 5 Minutte gekacht a waarm agefëllt. Stopp drop. :-D

Monday 13 July 2015

Auberginnerullen a gefëllten Tomaten matt Champignonen a Waasserdost (Vegan)

Haut gouf ët Auberginnerullen a gefëllten Tomaten matt Champignonen a Waasserdost (Vegan) Gesäit op den éischte Bléck villäicht obwänneg aus, mee am Ganzen brauch een dofir 30 Minutten. :-)


Ech hunn d'Auberginnen de laange Wee a 4 Millimeter dënn Scheiwe geschnidden, matt Olivenueleg bepinselt si gepeffert a gesalzt an 8-10 Minuten op der iwegter Schinn am Schäffchen bei 200 Grad mëll gi gelooss.

Fir d'Fëllung hunn ech déi Zäit eng Schalotte an 2 Zéiwen Knuewlék gedënst, en halwen Paprika an 3/4 Barquette Champignonen kleng gehackt an matt dem Banneschten vun 3 ausgehillegten Tomaten kächelen geloos. Dun hunn ech 4 Iessläffelen Sonneblummekären geréischtert, a matt 4 Iessläffelen Hanfsom, kleng gehacktem Péiterséilech, Basilikum an e Grapp voll kleng gehacktem Wasserdost gemëscht a matt Salz a Peffer ofgeschmaacht.

Ech hunn déi ausgehillegt Tomaten gefëllt, an eng feierfest Schossel ginn, op d'Auberginnescheiwe jeweils een Iessläffel Fëllung ginn an zesummegerullt doniewt gestallt. Du koum dat Ganzt nachemol fir 10 Minutten an de Schäffchen :-D
Dobäi gouf et Räis.

De Waasserdost fënnt ee bei eis quasi iwwerall laanscht de Bëscher, op méi fiichte Wisen, oder laanscht Bäch oder Weiheren. E gëtt tëschend 50 cm an 175 cm héich. De Waasserdost ass een Heelkraut, an dat schmaacht een och. Säi Goût ass ganz staark, am Hannergrond liicht no Oregano awer d'Blad réi giess och zimlech batter. Hien ass liicht féiwersenkend an huet eng immunstimuléieren Wierkung. Och haut ass de Waasserdost nach Bestanddeel vun sou munchen Medizinpräparater. Sou wéi an aner honnerten Planzen och (z.B. Beinwell) sinn am Waasserdost Pyrrolizidinalkaloiden ze fannen.
Déi sinn an de Verruff geroden, wëll den Eenzelstoff an der 10.000 facher Konzentratioun iwwer eng laang Zäit klenge Maisercher gesprutzt gouf, an bei deenen Liewerschiedegungen oder Liewerkriibs hervirgeruff huet... Studien... :-/
Am natiirlëche Gebrauch vun deene Planze si beim Mënsch ower  iwwert honnerte Joer nie Niewewierkungen bemierkt ginn. Ech schreiwen ët ower dobäi, da ka jiddereen fir sech selwer entscheeden ob en dat Kraut wëll benotzen. An dësem Rezept kann een ët och ganz einfach duerch Oregano oder Basilikum ersetzen ;-)

Sunday 12 July 2015

Schnellen Hambiercooler matt Mädesüss

Fir een Hambiercooler hunn ech einfach meng gesammelten Hambieren (eng hallef Passette voll) matt engem Strutz Agavendicksaft, dem Jus vun zwou ausgepressten Orangen a 500 ml Waasser gemixt, an dunn eng Bléi vum Mädesüss 10 Minutten dra gezappt a matt vill Äis zervéiert. ;-)



D'Mädesüss wiisst wëll op fiichtem Buedem laanscht Tümpelen, am Bësch oder a fiichte Wisen op nährstoffräiche Lehmbiedem. Ech hunn et am Gaart stoen, et ass eng schéi Planz. ;-)

Et ass ee vun de kelteschen Heelkraider, an d'Basis vun der Aspirin.
Hir Wierkung ass schmäerzstellend a féiwersenkend. Ab +- Mëtt Juli, wann d'Bléie komplett op sinn, kann een domatt allerhand aromatiséieren, virdrunn si se nach ze batter. Hieren Goût ass séiss-mandelarteg matt engem Hauch vun Aspirin... :-D
All Deeler vum Mädesüss sinn iessbar.
D'Blieder gi ganz jonk am Abrëll am Geméis oder als wierzend Kraut an der Zalot benotzt. D'Wuerzelen kennen als Kachgeméis oder an der Zopp verwäert ginn (ëmmer oppassen dass een d'Planz net zevill verletzt, d'Wuerzelen ginn um äusserste Rand ausgegruewen, an nët bis un de Stack. Am beschten planzt een sech eng an de Gaart dofir, wann een ob Nummer sécher well goen dass een dem Wëllbestand nët schued)
Matt de Bléien an de Friichten gi Flëssegkeeten aromatiséiert.
Am meeschten gëtt d'Heelkraut als Téi benotzt, de Wierkstoff (Salicylsaier - Haut chemesch nogebaut an der Aspirin) ass am konzentréiertsten an der Wuerzel.

Saturday 11 July 2015

"Pizza" matt Courgette-Wëllkardeeg, Champignoen an falsche Kaperen (Vegan, Glutenfräi)

Matt de Courgetten aus dem Gaard gouf haut een Deeg gemach. A matt de Knospe vum Gänseblimmchen an der Kapuzinnerkresse e puer "Kaperen".


Fir den Deeg hunn ech 50 Milliliter handwaarmt Waasser matt engem Iessläffel Drëchenhief an engem Téiläffel Agavendicksaft verréiert. Du goufen zwou kleng Courgetten matt enger Tas Wëllkar, enger halwer Tas Läinsom engem Téiläffel Salz, Oregano a 100 Milliliter wotlëchem Waasser gemixt. Ech hunn dunn d'Hiefgemësch ënnergeréiert an no an no esouvill Wëllkarmiel bäigi bis ët e kniedbaren Deeg wor. Zougedeckt huet deen dann 30 Minutte gerout. :-D
Duerno muss den Deeg um gemielte Bakpabeier (soss kritt een en herno nët méi obgehuewen) esou dënn ewéi méiglech ausgerullt ginn, fir dass en herno knusperech gëtt.

Fir d'"Kaperen" hun ech e Grapp voll Gänseblimmercher- an Kapuzinnerkresseknospen (zoue Bléien) gesalzt an am Äppelesseg kuerz opgekacht.

Fir d'Zooss hunn ech just eng Tomate pelée matt enger Zéif Knuewlék, engem Téiläffel Salz, schwaarzem Peffer, Oregano a Basilikum gemixt.

Drop koumen eng Ënn, Champignoen, d'Kaperen, an nom baken  a Rondele geschnidden Tomate Cerise a frësche Basilikum.
Gebak hunn ech se bei 250 Grad Ënnerhetzt an Ëmloft ouni Baakblech direkt mam Bakpabeier um Buedem vum Scheffchen fir 4-5 Minutten.

D'Kapuzinnerkresse ass d'Arzneiplanz vum Joer 2013! ;-)
Hier antibiotesch wierksam Senfölglycosiden sinn den Haaptwierkstoff. Si gëtt agesat géint bakteriell Entzündungen, Verbesserung vun der Wondheelung, géint Péng, awer och bei Blosenentzündung an Otemweeinfektiounen.

Déi jonk Blieder vun der Kapuzinnerkresse kann een an der Zalot oder als Rouladeblieder verwäerten, d'Bléien als iessbar Deko, an d'Knospen wéi och de Som sauer ageluecht ewéi Kaperen.

Als Planz ass si absolut pflegeleicht. Hieren décke Som gëtt ab Abrëll einfach ob déi gewënschte Plaz gedréckt. Sie wiisst do wou se geséint gëtt, a passt hiere Wuesstem der Emgéigend un. Huet si nët vill Buedem bleift si méi kleng, huet si zevill gedüngtene Buedem bléit si nët grad esou üppeg. Ansonsten ass matt engem Blummemier ze rechnen ;-)

Thursday 9 July 2015

Lavendel-Agavendicksaft ;-)

Hei eppes Fäines fir ze séissen an ze aromatiséieren!



Et gëtt einfach e Grapp voll Lavendelbléien an engem Schrauwglas mat Agavendicksaft iwwergoss, an eng Woch stoe gelooss :-)

Lecker fir d'Séisse vun Desserten, z.B. op gebrodener Ananas, op der Vanilles Glace, fir ze baken, am Téi, am kale Waasser wéi Sirup, oder einfach op der Schmier.

Vum Lavendel kann ee souwuel d'Bléien, ewéi och d'Geleef benotzen, woubäi d'Blieder däitlech méi batter sinn. Dës ginn haaptsächlech fir Zoppen an Zose benotzt, an eventuell ganz e bëssi fir an d'Zalot.
D'Bléie ginn haaptsächlech an Téimëschungen a fir Desserten ze aromatiséieren, fir Sirup, Kuchen oder Moussen benotzt.
Aus béide léisst sëch Lavendelesseg oder aromatiséierten Ueleg maachen.
Den äthereschen Lavendelueleg gëtt matt Waasserdamp destilléiert, a liwwert als Nieweproduit Lavendelwaasser.

De Lavendel as en Heelkraut, a gëtt haaptsächlech als Berouegungsmëttel agesat. De Lavendel huet awer ausserdem Galförderend a Blähungshemmend Eegeschafften.
Äusserlech kann den Lavendelueleg bei Hief- an Fuedempilzinfektiounen vun der Haut an den Neel agesat ginn.
Verweldert ass de Lavendel an eiser Géigend ganz, ganz seelen, a muss schon als Staude a de Gaart gesat ginn.
Opgepasst bei frësch kaftenem Lavendel: Meeschtens ass e Vermierk drop "nët iessbar". Dat huet matt de staarken Pestiziden ze dinn, déi an enger Gärtnerei nët dem "Liewensmëttelstandard" entspriechen. Matt Chance léisst sech ee bei de Kraider fannen, oder ee matt der Opschrëft "Bio". Am beschten freet een an der Gärtenerei no.
(Och an enger Gärtnerei sollten eigentlëch keng Mëttelen agesat ginn déi schiedlech sinn, nët nëmmen dass een déi Planzen da kéint als "Geméis", iessbar deko, oder Heelkraut benotzen, mee do fléien och eng jett Fléidéieren iwwert Blummen. Verschidde Pestiziden hunn eng Wierkungsdauer vun 280 Deeg... mir wäer léiwer do géif méi drop opgepasst ginn, mee bon, dat ass just meng Meenung.)


Wednesday 8 July 2015

Falafel matt Péiterséilechzalot an Hummus (Vegan)

Falafelen! Wien huet se nët gäeren? Fir dës Boulette brauchen d'Kichererbsen net mol virzekachen. Fäi Saach. An eng Péiterséilechzalot passt super dobäi an ass eppes ganz leckeres :-D


Ech hu Gëschter 500 Gramm dréche Kichererbsen ageweecht. (Déi brauchen +- 24 Stonnen am Waasser fir dëst Rezept)

Aus enger Hallschent vun de Kichererbsen goufe Falafel aus der anerer Hummus: 

Fir d'Falafelen hunn ech déi réi Kichererbsen no an no (souvill wéi eben mäi klenge Mixer gepackt huet) matt 1 Zwibbel, 3 Knuewlékszéiwen, engem Grapp Péiterséilech, Paprikapolver, Peffer, Kreuzkümmel an uerdentlech Salz gemixt a matt +- 4-5 Iessläffelen Miel an 1 Iessläffel Sesam duerchgekniet. Dat däerf dann 10 Minutten stoe bleiwen fir dass d'Miel sech ka verbannen.
Dunn hunn ech an der Hand Bällercher gedréint, an der Pan am Olivenuelech op mëttlerer Hëtzt gebroden. Et kann ee se och matt Olivenuelech apinselen a bei 190 Grad 20 Minutten am Scheffche baken (eemol dréinen).

Fir d'Péiterséilechzalot hunn ech 3 Iessläffelen réie Couscous an eng Schossel ginn a matt dem Jus vun enger Zitroun vermëscht. Iwwert däer Schossel hunn ech eng déck Tomate kleng geschnidden fir dass de ganze Jus matt dra kënnt. Dunn hunn ech 2 an 1/2 Bott Péiterséilëch (nët dee ganz gekrauselten) a 4 Blieder Peffermënz kleng gehackt an dobäi ginn. Dodrann koumen nach zwou kleng geschnidden gedrëschend Fiigen, 1 Zwibbel, Olivenuelech, schwarze Peffer a Salz.

Vir den Hummus ginn d'Kichererbsen gekacht. Dat dauert nët méi sou laang wëll se schon 24 Stonne ageweecht goufen, also dann nach +- 25 Minutten. Eréicht kuerz viru Schluss hunn ech gesalzt (déi Saach matt dem mëll ginn, d'selwecht wéi Bounen a Lënsen). 
Dunn hunn ech eng Tas vum Kachwaaser gehalen, an d'Kichererbsen ënnert fléissendem Waasser ofgekillt. Matt 3 Knuewelékszéiwen, Salz, schwarze Peffer, Kreuzkümmel, Paprikapolver, dem Jus vun enger Zitroun, Olivenuelech an 2 Iessläffelen Sesam sinn d'Kichererbsen an de Mixer geflunn. Ech hu no an no quasi déi ganz Tas vum Kachwaasser dobäi ginn, bis den Hummus déi gewënschte Konsistenz hat.

Péitersléilech ass wuel dat bekanntesten Kraut aus eiser Kichen, awer Péiterséilech ass och een Heelkraut. Säi Vitamin C-Gehalt ass däitlech méi héich ewéi dee vun Zitrusfriichten oder Paprika. Seng Wiirkung weist de Péiterséilech bei Blosenentzündungen, Nieresteng oder Verdauungsproblemer.
Ausserdem wiirkt de Péiterséilech ob d'Gebärmutter, wat dénglech bei Menstruatiounsbeschwerden ass. Bei der Geburt hëlleft de Péiterséilech bei der Aarbecht vun der Gebärmutter an ënnerstëtzt d'Kontraktiounen an d'Ausscheeden vun der Nogebuurt. 
Während der Schwangerschaft soll Péiterséilech dofir och just begrenzt giess ginn! Besonneg an der Ufankszait kann eng héich Dosis u Péiterséilech eng Feelgeburt ausléisen!

Tuesday 7 July 2015

Sammler-Räiszalot ;-) (Vegan)

Haut hunn ech dobausse gesammelt, an hu matt deene Saachen déi am Kuerf geland sinn eng Räiszalot gemaach. Vu Wëllkraider hat ech Wicken a Wäisse Gänsefouss, vu Geméis frësch Iebessen a Akerbounen, an dann nach rout Kréischelen, Zwibbelgréngs, Koriander a Péiterséilech.

Ech hunn d'Wickeblieder vum Stronk gezunn a mam Basmati-Vollkärräis gekacht. Déi lescht 2 Minutten hunn ech de wäisse Gänsefouss matt dragehäit.
Als Vinaigrette hat ech eng asiatësch Versioun matt Sesamueleg, Sojazoos, Äppelesseg, eng zerdréckten Knuewlékszéif, Peffer, Péiterséilech, Koriander an e bëssi Chilli gewielt.
D'Akerbounen schmaache super wann ee se nët laang kacht, mee just eng kleng Minutt an der Pan schwenkt. Dat hunn ech haut gemach, zesummen matt den Iebessen an e bëssi frësch geriwwenem Ingwer a Sesamkären. Du gouf alles gemëscht a matt Erdnëss bestreet zervéiert.

D'Akerboune (Sauboun, Fave) gehéieren nët zu de Boune mee zu de Wicken a kënnen deemno och réi giess ginn! D'Wëllform ass leider ausgerott an et muss ee se sech schon an de Gaart setzen. Am beschte wiisst sie matt de Fréigromperen zesummen ob enger Plaz an dat selwecht Lach gehäit! D'Akerboun sammelt de Stéckstoff aus der Loft an dréit se bei hier Wuerzelen an esou och bei d'Gromperen déi dann vu Gesondheet nëmmen esou strotzen ;-)

<- Sou gesi se bei eis am Gaart bei de Grëmpercher aus, wann een no ru geet.
An der Mëschkultur gi se och gäer bei Huewer gesat. Dësst wier géint schwaarz Lais, déi sou gäer un d'Fave ginn, mee ech hat och ouni Huewer keng drun. :-D
Vläit huet dat eppes mam Ouereschlëfferhäischen niewendrun oder der Brennesselsbritt ze dinn...?!



Sou gesäit den Eck Grompere matt Bounen am Gaart aus (nieft Phacelia a Moschter). ->


Wicke fënnt een iwwerall an et kann ee se gutt erkennen. Si hu gefiedert Blieder an hunn un der Spëtzt eng Rank déi sech krauselt. Si wuessen entweeder flaach iwwert de Buedem oder klammen un eppes erop. Vun deene ville verschiddenen Zorten, matt méi klenge Bliedercher oder méi groussen, sinn all iessbar.
Säit der Steenzäit ass se als Nahrungsmëttel vum Mënsch genotzt ginn. Bis Juni kann een di ganz Äschtelcher matt de Blieder plécken an 10 Minutten kachen, duerno just nach d'Blieder ouni Stronk wëll dësen ze ondurren stréieg gëtt. ;-)
D'Bléien kann ee réi iwwer d'Zalote streeën oder broden.
D'Somschoten ginn z.B.wéi kleng Mange-touten an der Pan 10 Minutten gedënst, ab September ass d'Schuel ze haart, an et kann een di kleng "Iebessier" als Geméis kachen.

Doft-Wicken gehéieren nët zu de Wicken mee zu de Plattiebessen! Dëss sin net iessbar. Gesinn ower och ganz aanescht aus.

Monday 6 July 2015

Nistplazen ;-)

Iwwer Nuecht wor mäin Dëschelduch vum Dësch geflunn an et hate sech e puer Ouereschlëffer dra verkroch. Fir hinnen ee neit Doheem ze ginn hu mer ganz séier eng nei Wunneng "gebaut" ;-)

Mir hunn eis féx e Blummendëppe gekroopt, Hee dra gestach, matt Ficellen emwéckelt dass d'Hee nett erausfällt, an op engem Bängelchen an de Kraidergaart gestach. Am Quittebam hängt schon esou een Dëppen am groussen. :-D
Am Gaart verdeelt, hu mer e puer Plaze wou kleng nëtzlech Déiercher wéi zum Beispill wëll Beien, Florfliegen, Himmelsdéiercher oder Schlupfwespen sech kënnen dra verkrauchen, eeërleeën oder iwwerwanteren. Insektenhaisercher kritt ee fäerdeg ze kafen, oder et mécht een se einfach selwer. Alles wat ee brauch ass e bëssi aalt Holz, Bamscheiwen, Toun, Bambus, Schilf, Hee oder Stréi oder Dännenzapfen.
D'Buerlächer am Holz sinn am bäschten 3 bis 6 Millimeter déck a sou laang wéi de Buer (se ginn nët bis hannen duerch gebuert!). Am Butték kritt een allerhand Insektenhaiser ze kafen. Leider sinn nëtt all dovun wierklech geeegend. Zille matt décke véiereckege Lächer zum Beispill ginn hékstens vu Spanne besidelt ;-) Et kann een se ower attraktiv maachen, andeems een se matt Toun zoukleistert a matt engem Bängelche ronn Lächer dra buert.

Hei e puer Biller aus eisem Gaart:



 

Saturday 4 July 2015

Séier After-sun Lotion (vegan)

No däer staarker Sonn wor eng After-Sun Lotion néideg! ;-)
Dat geet ganz einfach a séier.

Ech hu 4 Aloe Vera Blieder "geschielt", an de Gel dorauser matt 2 décken Iessläffelen Kokosueleg an engem Grapp frëschgepléckte Kinnékskärzebléie gemixt.
Gutt bei Verbrennungen hëllefen och d'Weeblad oder de Beinwell, dëss kéint een dobäi oder amplaz vun der Kinnékskärz benotzen. :-D

D'Aloe Vera u sech hëlleft der Haut och bei der Heelung, a killt.

Vir een dee keng Aloe Planz huet: Ganz einfach e bëssen Agar Agar als Gelbilder an engem Kraidersud opkachen, mixen an ofkille loossen! :-)
An der Creme ass keen Emulgator drann, dat heescht datt sech matt der Zäit den Gel vum Ueleg wäert trennen. Da gett dat einfach nees verréiert a gutt ass, mech stéiert dat lo net weider, am Géigendeel ;-)


Friday 3 July 2015

Séier Bananne-Kinnékskäerzeglace matt Fielsebieren (Vegan)

D'Grondrezept fir eng séier Bananneglace kenne wahrscheinlech déi Meeschte schonn: einfach 4 zeideg Banannen a Scheiwe schneiden, iwwer Nuecht afréieren, an da mixen ;-)
Haut gouf et esou eng Bananneglace matt engem Grapp Kinnékskäerzebléien dra gemixt an e puer Fielsebiiren dobäi :-D
Schnell, gesond, lecker !


Nom mixe kann een d'Glace evtl. nach 10 Minutten an den Tiefkühler stellen, dat hänkt dovun of wéi staark d'Banann duerchgefruer wor, a wéi déck d'Stécker geschnidde woren. Wann se net kal genuch ass, ass se schläimeg. Dann nach emol an den Tiefkühler domatt!
Meng Bananne woren schon eng Zäit am Tiefkühler... hunn dat nët misse maachen. Mir hunn där eigentlech ëmmer an der Reserve léien, wëll dat esou ultra praktesch ass ;-)

Dat klappt och matt aanerem Tiefkühluebst, do kann een eventuell nach e bëssi Flëssegkeet, e Sprutzer Zirtrounejus an Agavendicksaft dra ginn, je no Uebst a Goût.

D'Kinnékskäerz  gëtt meeschtens gedrëschent als Téi benotzt (Blieder a Bléien).
D'Bléie kann een och matt a Limonaden oder Sirup maachen. Si schmaache liicht séiss, matt engem Hauch Äppelschnëtz. Dra si Flavonoide, Vitamin B2, B5, B12, an D!
Virun allem ass d'Kinnékskäerz ower eng Heelplanz an huet entzündungshemmend antibakteriell an antiviral Wierkungen. Besonneg gëtt si bei Erkältungskrankheeten a Longenerkrankungen benotzt. Äusserlech hëllefen zerdréckte Blieder bei der Wondheelung a Verbrennungen!
De Som ass en Narkotikum, dat fréier bei Operatiounen benotzt gouf. Bei den Indianer gouf d'Kraut "gereechert".
D'Kinnékskäerz fënnt een op sonnege Plazen, a Bëschliichtungen a Wisen matt nährstoffräichem Buedem.
D'Kinnékskäerz bléit vun Juli bis September am zweete Joer, a kënnt da selwer nët méi zréck, séint sech ower nees aus. Ech hu der lo säit 4 Joer am Gaart. Matt hieren 2 Meter Héicht ass et eng immens schéin an impressionnant Planz, a super nëtzlech! :-)
Wéi bei alle Planzen gëllt et natierlëch respektvoll domatt ëmzegoen an nëmmen eenzel Bléien vun der Käerz ofzedréinen. Nëmmen esou ka si sou laang bléien, den Pollesammler nëtzlech sinn, a sech och selwer nees ausséinen. :-D


D'Fielsebier (Amelanchier): "Amelanche" kënnt aus dem keltëschen an heescht Äppelchen. Meeschtens gëtt d'Fielsebier als Schutzbeplanzung oder Ziergehölz gesaat, wëll et en immens schéine summergrénge Strauch ass. Säi Wuess ass oppen a liichtduerchlässeg an huet am Fréijoer kuerz no dem kofferfarwenen Blaatausdriw wäiss Bléien. Da fierwen sech d'Blieder gring an e kritt déi lecker séiss liicht no Moolbier a Veilecher schmaachend kleng Friichten.
D'Fruucht as däischter violett an huet vill Vitaminen a Flavonoide. Si stäerkt d'Häerzleeschtung, reguléiert de Blutdrock an stäerkt am allgemengen d'Blutgefässer. Si hëlleft och bei Halsentzündungen! Et gët 25 Zorten vun der Fielsebiier, déi sinn all iessbar an 1 dovun ass hei heemesch ;-)
Oft ginn se vun de Gemenge bei Schoule gesat. Mir ass opgefall dass déi lecker Frichten leider ëmmer hänke bleiwen a si verdrëchenen dann um Strauch.


Lagerfeierparty ;-) (Vegan)

Old school grillen matt Pizza Calzone, Glousgromperen an Äerdbierbällercher.
Eigentlech wollte mir e Stackbrout um Feier maachen... mee dat ass ganz spontan an eng Pizza Calzone vum Feier an an e Mantel fir eis frësch Ärdbieren ëmgewandelt ginn ;-)

Fir den Deeg hunn ech 360 Milliliter wootlecht Waasser mat engem Iessläffel Drëschenhief, en Iessläffel Chiasom an 1 1/2 Iessläffel Agavendicksaft verréiert.
An enger Schossel hunn ech 500 Gramm Miel, en Téiläffel Salz an e Grapp Wëllkar an Hanfsom verréiert, a mam Waasser/Hiefgemësch matt enger Forschett an duerno matt den Hänn gutt gemëscht.

Fëllung:
Fir d'Zooss hu mir einfach eng Tomate pelée mat engem frësche Knuewlék, frëschem Dost, Péiterséilech a Basilikum, Peffer, Salz an e bëssi Chilli gemixt.
Fir d' Geméisfëllung eng Séisspaprika an eng kleng Courgette matt frësche Kraider kleng geschnibbelt.
Fir d'Ënnen-Kraider Fëllung: Ënnen a Scheiwen geschnidden a Kraider gehackt.

Jiddereen konnt sech dunn esouvill vun de Eenzelne Saachen huelen wéi e loscht hat ;-)

Fir ze baken hu mir einfach een alt Pizzablech matt Miel bestreet an matt de Pizzaen ob d'Feier geluet.. opgepasst déi sinn a +- 1/2 Minutt scho prett fir ze dréinen, a mussen dann e bëssi Abseits duerchzéien. Mir hunn se einfach mam Blech op de waarme Steen niewendrun gezun an dat huet gutt geklappt ;-)

An d' Glous koumen dunn nach e puer Grompere leien. (Ouni Alupabeier) Déi gi vir ze iessen einfach opgebrach an ausgeläffelt! :-D
Dobai hate mir eng Zalot matt Oliven, Kornischong, Paprika, Zwibbelen a Péiterséilech, an als Vinaigrette einfach Olivenueleg, Zitroun, Peffer a Salz.

Aus dem räscht Deeg ass en Dessert entstaan!

Lagerfeierparty den Dessert ;-) (Vegan)

Mir haten nach Deeg rescht an hunn einfach eis frësch gepléckten Äerdbieren dra gewéckelt an op e Bengel gestach. Dunn hu mer se iwwert dem Feier gedréint bis se duerch woren ;-)

Dat geet ganz bestëmmt och matt aanerem Uebst ;-)  oder matt Banan a Schokola... ommnommnomm

Wednesday 1 July 2015

Séier Basilikum-Zitroune Limonade

Séier gemaach, erfrëschend a gesond! ;-)

Einfach 4 Stiller Basilikum matt dem Jus vun enger Zitroun, no Goût engem décke Strutz Agavendicksaft an 1 Liter Waasser an de Mixer schmäissen an undrécken. Am beschte schmaacht en äiskal! :-D

Basilikum "raumt" de Mo op, as entzündungshemmend an beugt Moschwier vir!