Reschteverwärtung kann esouuuu lecker sinn ;-)
Fir d'Spaghettinäschter hunn ech ee flëssegen Deeg ugerouert: aus 1 1/2 Tas Waasser, 3 Iessläffelen Chia Som, 2 Iessläffelen Hiefflacken (keng Bakhief), 2 gehackten Zéiwe Knuewlék, 1 Chilli, e Grapp Péiterséilech, 5 Blieder Brennnesselen, e bëssi Basilikum, Peffer, Salz an 2 1/2 Iessläffelen Miel. D'Spaghettien sollen nët zevill am Deeg erstécken, mee e soll se just zesummenhalen, et ass also normal wann den Deeg méi flësseg ass :-)
Mäi Rescht Spaghettien hunn ech duerch den Deeg gezunn mat der Fourchette opgedréint an an der Pan liicht plattgedréckt ob mëttlerer Hëtzt knuspereg gebroden. Nët ze séier emdréinen, soss zerfalen se.
Duerch de Rescht Deeg hunn ech e puer Beinwellblieder, Salbei a Kapuzinnerkresseblieder gezunn an och gebroden.
Dobäi gouf et Balsamico-Tomaten: Déi hunn ech einfach zum Schluss an déi Rescht Hëtzt vun der Pan gehäit, e bëssi ugebroden a matt Balsamico ofgeläscht, a matt Salz a Peffer ofgeschmaacht, ech hat ee Dattelbalsamico, deen ass vu sech aus schon e bëssi méi séiss an déckflësseg.
Dattelbalsamico: 100 Gramm Dattelen op 500 ml Balsamicoesseg mixen, 30 Minutten kachen, 2 Deeg stoe loossen, duerch eng Passette schëdden falls nach Stécker dra wieren, fäerdeg :-)
Fir dat ganzt dann haalbar ze maache, gi Fläschelcher ausgekacht an de Balsamico 5 Minutte gekacht a waarm agefëllt. Stopp drop. :-D
No comments:
Post a Comment