No däer staarker Sonn wor eng After-Sun Lotion néideg! ;-)
Dat geet ganz einfach a séier.
Ech hu 4 Aloe Vera Blieder "geschielt", an de Gel dorauser matt 2 décken Iessläffelen Kokosueleg an engem Grapp frëschgepléckte Kinnékskärzebléie gemixt.
Gutt bei Verbrennungen hëllefen och d'Weeblad oder de Beinwell, dëss kéint een dobäi oder amplaz vun der Kinnékskärz benotzen. :-D
D'Aloe Vera u sech hëlleft der Haut och bei der Heelung, a killt.
Vir een dee keng Aloe Planz huet: Ganz einfach e bëssen Agar Agar als Gelbilder an engem Kraidersud opkachen, mixen an ofkille loossen! :-)
An der Creme ass keen Emulgator drann, dat heescht datt sech matt der Zäit den Gel vum Ueleg wäert trennen. Da gett dat einfach nees verréiert a gutt ass, mech stéiert dat lo net weider, am Géigendeel ;-)
No comments:
Post a Comment