Fir den Deeg hunn ech 50 Milliliter handwaarmt Waasser matt engem Iessläffel Drëchenhief an engem Téiläffel Agavendicksaft verréiert. Du goufen zwou kleng Courgetten matt enger Tas Wëllkar, enger halwer Tas Läinsom engem Téiläffel Salz, Oregano a 100 Milliliter wotlëchem Waasser gemixt. Ech hunn dunn d'Hiefgemësch ënnergeréiert an no an no esouvill Wëllkarmiel bäigi bis ët e kniedbaren Deeg wor. Zougedeckt huet deen dann 30 Minutte gerout. :-D
Duerno muss den Deeg um gemielte Bakpabeier (soss kritt een en herno nët méi obgehuewen) esou dënn ewéi méiglech ausgerullt ginn, fir dass en herno knusperech gëtt.
Fir d'Zooss hunn ech just eng Tomate pelée matt enger Zéif Knuewlék, engem Téiläffel Salz, schwaarzem Peffer, Oregano a Basilikum gemixt.
Drop koumen eng Ënn, Champignoen, d'Kaperen, an nom baken a Rondele geschnidden Tomate Cerise a frësche Basilikum.
Gebak hunn ech se bei 250 Grad Ënnerhetzt an Ëmloft ouni Baakblech direkt mam Bakpabeier um Buedem vum Scheffchen fir 4-5 Minutten.
D'Kapuzinnerkresse ass d'Arzneiplanz vum Joer 2013! ;-)
Hier antibiotesch wierksam Senfölglycosiden sinn den Haaptwierkstoff. Si gëtt agesat géint bakteriell Entzündungen, Verbesserung vun der Wondheelung, géint Péng, awer och bei Blosenentzündung an Otemweeinfektiounen.
Déi jonk Blieder vun der Kapuzinnerkresse kann een an der Zalot oder als Rouladeblieder verwäerten, d'Bléien als iessbar Deko, an d'Knospen wéi och de Som sauer ageluecht ewéi Kaperen.
Als Planz ass si absolut pflegeleicht. Hieren décke Som gëtt ab Abrëll einfach ob déi gewënschte Plaz gedréckt. Sie wiisst do wou se geséint gëtt, a passt hiere Wuesstem der Emgéigend un. Huet si nët vill Buedem bleift si méi kleng, huet si zevill gedüngtene Buedem bléit si nët grad esou üppeg. Ansonsten ass matt engem Blummemier ze rechnen ;-)
No comments:
Post a Comment