Wëllkar (Buchweizen)

De Wëllkar war fréier am Eislék d'Haaptnahrungsmëttel. Haut ass en desst Knöterechgewächs e bëssi a Vergiessenheet geroden. Ganz zu Onrecht.
Am Wëllkar sinn all 8 essentiell Aminosairen drann déi de Kierper brauch, an den enthalene Chiro-Inositol reguléiert de Blutzockerwert. Den Wëllkar stärkt ausserdem d'Liewer, beugt Varisse vir a fördert d'Gehiiraktivitéit.
All d'B-Vitaminen, Mangan, Selen a Magnesium sinn am Wëllkar dran, an natiirlëch keen Gluten en ass jo nët Famill mam Wees. ;-)
Matt dem Erzofbau koum den Phosphatdünger an d'Eislék, an dunn och de Wees an de Mais.
Ob mir déi richteg Entscheedung getraff hun ob Planzen zeréckzegraifen déi an eiser Géigend eigentlëch nët gutt wuessen, an daat waat eis joerhonnerten ouni Chemie saatgemaach huet ze vernooléissegen bléift nach eng oppen diskussioun...

No comments:

Post a Comment