Sunday 3 June 2018

Äerdbiers-Brennessel Glace mat Kokosmëllech (vegan)


Et ass Zäit fir e leckeren Dessert! Séissschniewelcher opgepasst :-)

https://payhip.com/b/otEN

Wien sech dësen Dessert wëll selwer maachen, dee brauch:
  • 1 Schossel Äerdbieren
  • 1 kleng Saibecken Brennnesselspëtzten
  • Kokosueleg
  • Salz
  • Ahornsirup
  • 1/2 Zitroun
  • 2 Dousen Kokosmëllech
  • evtl. Kokosraspelen

D’Äerdbieren gi fir d’Séisst erauszelackelen kuerz mat e bëssi Kokosueleg an engem Dëppen opgekacht bis de Jus aus den Äerdbiere kënnt. Dat sinn esou +- 3-4 Minutten. Dobäi kënnt en décke Schotz Ahornsirup, an de Jus vun 1/2 Zitroun.

An de Mixer fléien 2 Dousen Kokosmellech, eng Pauz Salz, an d’Äerdbieren aus dem Dëppen. Déi gi just kuerz gemixt, sou dass nach e puer Stéckelcher erkennbar bleiwen. 4/5 dovun fléien elo direkt an d’Glacemaschinn. De Rescht gëtt mat de réie Brennnesselspëtzten reng gemixt an dobäi ginn.

D’Glacemaschinn brauch lo 15-20 Minutten fir dat ze killen :-)

Fir ze zervéieren kann een e puer geréischtert Kokosraspel an Äerdbieren driwwer ginn.
(Mäin an de Som kommende Kierwel wor och ganz lecker dropp :-) )

Wie keng Glacemaschinn huet, kann dat Ganzt iwwernuecht afréieren, an 30 Minute virum Zervéieren aus dem Tiefkühler huelen. Eventuell kann dat dann nach eemol an de Mixer. Ech muss ower soen dass dat nie op daat selwecht eraus kënnt wéi wann een et an der Maschinn dréine léisst.
Ech hun nach esou eng gutt al Glacemaschinn déi ech virun 20 Joer vu menger Boma geschenkt krut. Déi war och scho virdrunn bei hir am Asatz, a geet nach ëmmer 1A  :-) #fréierwarallesbesser #plannedobsolescence

No comments:

Post a Comment