Friday 1 June 2018

Päckelcher aus dausend an enger Nuecht - Buedemhielänner Fatayer (vegan)

De Buedemhielänner kann een oft sammelen, well e séier nowiist an een es net midd gëtt en ze iessen. ;-) En ass esou gutt réi oder gekacht, datt ee vill verschidde Rezepter domat kann ëmsetzen, ouni datt et eng Kéier géing d'selwecht schmaachen.

Hei hu mer eis e Plat aus dem Mëttleren Oste virgeknäppt an hunn a mat eisem lokale Wëllgeméis an natierlech ganz vegan ëmgesat.
https://payhip.com/b/otEN


Fir den Deeg:
250 g Miel
1 ILäffel Zocker oder 1 klenge Cube Jaggery
1 Pak Drëschenhief
1 IL Salz
3 IL Olivenueleg

D’Fëllung gëtt net gekacht, mee einfach frësch gemixt.

1 Schossel voll Giersch, oder soss Wëllkraider… hei koum nach e bëssi Hanfnessel an Bärlauch dran.
1 Ënn
1 Zéiw Knuewelék
E Grapp Berberitzen
E Grapp Peffermënzblieder
Salz
e Grapp geréischtert Sonneblummekären
an 2 IL Olivenueleg

Deeg:
D’Hief gëtt mam Zocker an 250 ml Wasser opgeléist. An matt deenen aneren Zoutaten zu engem net pëschegen Deeg verknied. Deen däerf dann 30 Minutte leie bleiwen.

Fëllung:
D’Kraider fir d’Fëllung gi mat 1 Ënn, de Berberitzen an dem Knuewlék am Mixer kleng gehackt, a mat dem Rescht vermëscht.

Den Deeg gëtt dënn ausgerullt, a mat enger décker Tas ronn ausgestach. An d’Mëtt kënnt 1 TL Fëllung, de Rand gëtt mat de Fanger befiicht, an zu engem Dräieck zezummegedréckt.

D’Täschelcher gi bei 200 Grad am Uewen 10-15 Minutte gebak.
 Verschidde Leit gesinn Onkraut. Mir gesinn e Koup gratis Iessen a Vitaminnen! ;-) Sou gesäit et aus wann ee Giersch (Buedemhielänner) fonnt huet.

No comments:

Post a Comment