Sunday 10 June 2018

Gänsefouss Geméis - E sou eppes Fäines! (vegan)

E ganz schnell gekachtend an immens leckert Geméis ass de Gänsefouss (Chenopodium/Melde).

Hei hu mir elo e Chenopodium Giganteum, eng extra Zort mat roude Blieder. Et ginn eng ganz Reih Zorten, déi all d'selwecht präparéieren kënne ginn wéi zum Beispill och de wäisse Gänsefouss, dee wiist op all (awer wierklech op all) Eck. De Chenopodium ass iwwregens d'Wëllplanz vum Mount Juni 2018 op eiser englescher Säit www.wdbnk.com ! An et ass och eng vun de 5 wëlle Geméiszorten déi an eisem neien eBook virgestallt ginn.

Ass irgendwou eng Plaz wou de Buedem broochläit, wou eng Baustell war, laanscht Weeër, oder am Gaart… quasi iwwerall wiisst e wann e gelooss gëtt ;-)

Gepléckt ginn déi iewescht Spëtzten, dann huet ee bis an de spéiden Hiescht eppes vum leckere, wëlle Geméis.


Hei dann d'Rezept fir d'Geméis:

Am Dëppen broden ech eng gehackten Zéif Knuewelék. Do dra flitt dann de gehacktene Gänsefouss. (Dat klengt onméiglech oder? :-) )
Gewierzt gëtt mat Salz, Peffer a Muskat. Am Mixer ginn e Grapp Cashewen mat engen Téiläffelche Geméisbrittpolver a 500 ml Waasser gemixt. Dat gëtt dann iwwert de Gänsefouss geschott.

2 Minutte brutschele gelooss, a fäerdeg. Ofgeschmaacht gëtt mat engem Sprëtzer Zitroun.

Mhhh lecker :-)

No comments:

Post a Comment