Wäisse Gänsefouss

De Wäisse Gänsefouss ass gutt erkennbar. Op sénge Blieder ass e mielege Stëbs deen een och gutt ënnert de Fanger spiert. D'Blieder si vun hellgréng bis méi spéit blogro gefierwt, awer déi zentral, jonk Deeler hunn ëmmer ee wäisslechen Belag. Wuessen deet en iwwerall do wou de Buedem gegruewe ginn ass, ob um Feld vum Bio-Bauer, engem Koup Buedem, am Gaart oder op enger Baustell als Erstbesiedler.
Plécken deet ee virun allem déi jonk Deeler mam Still oder d'Blieder. Awer och d'Knospen kann een wéi kleng Nëssecher iwwert Zalote streeën. Fréier as de Som gemuel gi fir domatt d'Miel ze strecken.
Vu Fréijoer, wann d'Plänzchen nach ganz kleng ass, bis an de Spéitsummer wann se je no Buedembeschafenheet bis zu 1,80m héich gewuess ass, kann een un de Wäisse Gänsefouss plécken goen. All Spinat Rezept kann ee matt dem Gänsefouss genau esou gutt präparéieren, jonk Blieder kann een och réi iessen. An Indien gëtt en als "Wantergeméis" Bathua ugebaut, bei eis leider all ze oft als "lästegt Onkraut" bekämpft.
Am Wäisse Gänsefouss sinn ënnert aanerem Saponine, Campesterol, Betain, Triptophan, Kalium, Eisen, Zénk Vitamin C a B3.

Heelwierkung: De Wäisse Gänsefouss enthält Östrogenähnlech Stoffer déi an de Wiesseljoeren d'Symptomer schwächen. De Wäisse Gänsefouss ass entzündungshemmend a gëtt ënnerlëch bei Blosenentzündungen, Verstopfung an Otemweeerkrankungen benotzt. Äusserlech ob Insektestëch, Ekzema a Sonnebrand.

Verwiesselen kann ee se just matt anere Planzen aus der Famill Chenopodium oder Atriplex, déi a Mëtteleuropa awer all iessbar sinn. :-)


No comments:

Post a Comment