Wednesday 6 June 2018

Hausmaacher vegan Sauerrahm

Vegan Sauerrahm!? Omnommnomm :-) Hausmaacher vegan Sauerrahm ass lecker op enger gebakener Gromper, oder op Gebootschtenen oder op Nuddele mat Tomatenzooss oder op der Schmier, oder op dem Fanger... :-D Sauerrahm eben. Omnommnommnomm!


Dir wëllt der och? Dat geet!Awer net vun Haut op Muer. Vun Haut op Iwwermuer, jo. Dat geet. An duerfir braucht Dir:
260 Gr. Cashewen
300 ml Waasser
1 Tiitchen probiotesch Kulturen
1/2 Zitroun
Eng Pauz Salz

D’Rezept ass ultra einfach; et muss een där Saach just eben 48 Stonnen Zäit ginn.

Mee wann een dann sou ee schéine Rythmus draus mecht huet een ëmmer super crèmegen, leckeren, gesontenen, tryptophangeluedenen, vegane Sauerrahm am Haus! Oh jo!

Also. 260 Gr. Cashewen gi mat kachendem Waasser iwwergoss, an eng Stëndche weeche gelooss. Da gi se ofgeschott, a mat 250 ml Waasser glat gemixt. Dodra gëtt eng Tiitchen probiotesch Kulturen aus dem Biobutték ageréiert. Dat Ganzt däerf dann 48 Stonne raschten.

Duerno kënnt e bëssi Salz, an de Jus vun 1/2 Zitroun dran. Zack Sauerrahm!

Fir op d’Gromper däerf dann nach eng zerdréckten Knuewelékszéif, Salz a Peffer, nach e bëssi Zitrounejus, eng Fréihjoersënn, Péiterséilech a Saueramper dran. Mmhhh...


Hat ech Recht? Ass dat einfach? Jo, gell? An Dir hutt et nach net geschmaacht! Duerfir: Ausprobéieren a mir Bescheed ginn wat Dir dovunner halt!

No comments:

Post a Comment