Sunday 31 May 2015

Vegan Monster Burger

Zäit fir e Burger. A wa schonn, da schonn: Duebeldecker Monster Burger. :-D Matt Fritten aus Gromperen a Pastinaken.

Ugefong hunn ech andeems ech eng Marinade aus gläichen Deeler Sojazooss an Agavendicksaft geréiert hunn. Gewierzt hunn ech matt Peffer. Et brauch kee Salz well d'Sojazooss schonns salzeg ass. Do hunn ech dann den Tofu sou laang dra geluecht, biss ech déi aner Saache fäerdeg hat.
Dann hunn ech een déckflëssegen Deeg aus Vollkar-Spelzmiel, Waasser, gedréchentem Thymian, Peffer a Salz geréiert.

Fir d'Zosen hunn ech Käeremoschter matt Ketchup verréiert, an eng Knuewléks-Veganaise matt Kraider gemaach.

Duerfir huelen ech 350 ml Rapsueleg an 180 ml Sojamëllech a würzen dat mat engem Leffel Moschter, Peffer, Salz a mixen et da gutt matteneen am Blender. Wann alles duercherneen ass a schonns gutt ausgesäit, mixen ech weider a loosse lues a lues 10 ml Esseg dran drëpsen. Duerfir musst dir Iech Zäit loossen, soss gëtt et herno net fest. Dunn hunn ech eng gehackte Knuewlékszéif, Péiterséilech a Bratzel a Cresson dragemaach.

Fir d'Fritten hunn ech festkachend Gromperen a Pastinaken a Sträife geschnidden, an se dann an 1 Zentimeter Olivenueleg gebroden. Heiansto derduerch réieren. Bal zum Schluss koum dann nach Rosmarin an den Ueleg, fir datt e säi Goût konnt ofginn ouni ze verbrennen. (Ech hun keng Fritteuse, an Palmueleg gëtt aus Prinzip nët benotz; déi nächste Kéier maachen ech d'Fritten mengen ech am Schäffchen, daat klappt super: einfach am Ueleg wentzelen an um Baackpabeier +- 15 Minuten bei 180-200 Grad baaken)

Dunn den Tofu duerch den Deeg gezunn an en an enger Mëschung aus Seasam-, Hanf- a Mohnkäre panéiert. Duerno ass en an d'Pan geflunn a vun all Säit gutt knuspreg ugebrode ginn.

Déi Zäit hunn ech eng Ënn a Rondele, an eng Kornischong a Scheiwe geschnippelt. D'Ënn ass déi lescht Minutt nach bei den Tofu an d'Pan geflunn, duerno hunn ech alles openee gestapelt, a du war et ëm e geschitt. ;-)
Ech hat dat Ganzt och nach matt de Bléie vum Rosmarin dekoréiert. Wousst dir schons datt d'Bléien d'selwecht schmaache wéi d'Kraut? Se sinn awer net esou ondurren. Ob gebootschtenen Gromperen sin Rosmarinbléien excellent!

Hausmaacher Nuddelsdeeg (Vegan)

Veganen Nuddelsdeeg ass immens gutt ze verschaffen. Et brauch ee kee Miel op der Arbëchtsplack, an och keent fir en duerch d'Nuddelsmaschinn ze dréinen, well en absolut nët pëschesch ass. An dat ass grandios! ;-)


D'Rezept hat ech schon eemol bei der Lasagne opgeschriwwen, ower hei nach emol eenzel:

500 Gramm Schmull aus Haartwees an eng Schossel ginn, eng Kaul an d'Mëtt maachen a matt +-210 Milliliter waarme Waasser verréieren. Wann et sech net méi verréiere léisst, kniede bis et e schéine "geschmeidegen", net pëschechen, Deeg ass. An eng Gefréiertut paken an op d'mannst eng Stonn op der Kiche roue loossen. Da gëtt en Duerch eng Nuddelsmaschinn gekéiert.

Roueg 2- 3 mol ob der éischter Stuuf duerchzéien an ëmmer an der Mëtt iwwert sech selwer falen, fir dass den Haartwees sech gutt matteneen verbennt.

Doduerch dass kee Miel a keng Eer dra sinn, kritt den Deeg déi richteg schéi "Pflegeleicht" Konsistenz! :-D

Wat och flott ass; et kann een Kraider matt dra rullen, an en esou ganz individuell wierzen! Hei hunn ech et matt Stauden-Estragon gemaach.

Ech hun einfach e puer Blieder drop geluecht, zougeklappt, an se e puermol duerchgedréint, rëm iwwerenee geklappt, duerchgedréint asw. bis se sech gutt am Deeg verdeelt haaten, an dunn den Tagliatelleopsaz geholl.
Daat ganzt klappt ochgutt ouni Maschinn, matt engem Nuddelholz! (Eng Deegrull aus engem Biischtestill.)
Dat gesait lo bëssen aus ewéi esou eng al Pergamentrull ;-)

Nei Mattbewunner: Lais um Kiischtebam - Lo gi Brennnessele gebraucht ;-)

Eng Laus ass keng Laus, soen se. Also, ech soen dat mol. ;-) Hei waren et awer scho kleng Kolonien. Also hunn ech e Brennnessel-Beinwell Kalauszoch ugesat. Dëse mëcht d'Leis net dout, mee verdreiwt se zum groussen Deel. E puer Lais ob engem Bam si kee Problem! ;-)
Hallo Dokter Peffer?!
Fir de Kalauszoch oder kal Britt, hunn ech Brennnessel a Heelwuerzelblieder (Beinwell) an en Eemer gefëllt an e bessi ugestampft. Du mat Waasser opgefëllt, a 24 Stonne matt zouenem Deckel stoe gelooss. De Kalauszoch funktionnéiert nëmmen matt frëschem Kraut! Wann dir gedrëschentes benotzt, ass den Undeel u Kiselsaier ze geréng!
Ënnert de Blieder hun ech matt enger Sprutzfläsch geprutzt,
an duerno matt enger Stränz iwwert d'Planz genat

Kalauszich si géint iwwerméissegen Befall vun Schiedlingen, a virun allem fir d'Stärkung vun der Planz.

Bei engem Pilzbefall u Rousen oder Uebst huet sech een Auszoch aus Ackerschachtelhalm bewährt.

Et sinn zwar nach e puer Laisercher drunn, mee sou soll dat jo och sinn an der Natur. De Kiischtebaam huet elo d'Chance méi widerstandsfäheg ze ginn! (Hien ass réicht zanter März an eisem Gaart ;-) )







Ech hun viirsiichtshalber d'déck Boune matt agesprutzt,
nët dass d'Lais vum Kiischtebam riwwer ob d'Boune flüchten! ;-)
Matt deene si se nämlëch obmannst genau esou frou!

E Kalauszoch ass kee Piff. Piff gëtt 14 Deeg an engem Gärdëppen matt Deckel gäre gelooss, an as en natiirlechen Dünger. Am Bëschte gëtt no dem Ofseien nach e bësse Gesteensmiel (50 Gramm pro Liter) ageréiert. De Piff ass voller Stéckstoff, Kalium a Phosphor. Dësen muppst och sou schéin! :-D E gëtt 1:10 bis 1:20 verdënnt bei d'Wuerzelen gegoss. Net op d'Blieder, do kann e Verbrennungen veruersaachen!
 Brennnesselen si wichteg am Gaart! Nët nëmmen als wonerbar Ergänzung vum Iessen, mee och als Dünger, Lausverdreiwer, a si sinn och fir eis Päiperlécken eng virrangeg Nahrungsplanz an e Quarteier fir hir Raupen!

Saturday 30 May 2015

Zäit fir Neelchesbambléien ze drëschenen :-D

A menger Stuff richt et elo grandios! ;-) Ech hunn e bëssi Flieder gesammelt fir aus de gedrëschenten Bléien ee Kierperueleg ze maachen.

Ech hunn d'Bléien de Moien geschnidden wou et schéi sonneg wor, a se dunn a menger Stuff opgehaangen!
Déi kënnen elo eng Woch hei drëschenen, an da fléien se an e Schrauwglas, a gi matt Sesamueleg opgefëllt. De Neelchesbam hëlleft bei rheumateschen Schmäerzen a Giicht an de Sesamueleg huet een natiirlëche Sonneschutzfaktor vun 5!  Jojo. ;-)
Och a Seefen oder Buedkugelen kann een déi gedrëschent Bléie ganz gutt verwäerten. Vun enger ënnerlecher Uwennung géif ech ofroden. Fréier gouf de Neelchesbam och als féiwersenkenden Téi benotzt, mee seng Wierkstoffer sin liicht toxesch fir de Mënsch. Ech géif fir e Féiwertéi éischter Schéifernoss (Mädesüss) benotzen. ;-)

Hei hänkt en ze hänken. Nieft de Brennnesselen, dem Maagiskraut an dem Akerschachtelhalm.

Friday 29 May 2015

Organiséiert Chaos ;-)

Hu lo mol missen eng Foto vu mengem klenge Notzgaart maachen. All Pedant schléit lo d'Hänn iwwert dem Kapp zesummen ;-)
Riets wuessen eis Gromperen, gemëscht matt décke Bounen a lénks eng Hellewull u Spinat, Rainkohl, Schwaarzwuerzelen, Phacelia a Poretten an enger Mëschkultur. D'Grompere si schonns fir zweet geheeft a matt Hee gemulcht.
Di déck Bounen an d'Phacelia sammelen de Stéckstoff aus der Loft an verdeelen en iwwert hir Wuerzelen am Buedem. Dofir wuessen déi Planzen ronderem esou gutt! Gemulcht gëtt hei emmer, well dann einfach eng optimal Fiichtegkeet am Buedem bleift.

Geméislasagne matt Brennnessele bei wëller Lanneblieder-Zalot (Vegan)

Lasaaaagne! Wien huet se nët gär? Haut hunn ech spontan eng vegan Versioun gebrutscht! ;-)



Fir de veganen Nuddelsdeeg: 500 Gramm Schmull aus Haartwees matt +-210 Milliliter waarmem Waasser verréieren an e bëssi knieden. Et soll e schéine "geschmeidegen", net peschechen Deeg sinn. An eng Gefréiertut paken an op d'mannst eng Stonn op der Kiche roue loossen.

Fir d'Zooss hunn ech Ënne, Knuewlék, Paprika an en Courgette ugedënst, matt zwou Béchsen Tomates pelées obgefëllt, e bëssi Waasser dobäi ginn an 2 Iessläffelen konzentréiert Tomatenmuerg dragemaach. Gutt kächelen loossen, a matt Salz, Peffer, Oregano an engem Stéckelchen vegane schwaarze Schokola ofschmaachen.

Fir d'Brennnesselsfëllung: 1 Seibecke voll Brennnesselsspëtzen 1/2 Minutt blanchéieren an da kleng hacken. Gemuele Mandelen an der Pan uréischteren, d'Brennesselen dobäi ginn, en Iessläffel Geméisbrittpolver drop a matt Waasser opfëllen. Dann e Leffel Mandelmus dobäi gi fir ze bannen, an eng Kéier opkachen loossen. Mat Zitroun, Salz, Peffer a Muskat ofschmaachen.

Du war et un der Zäit fir den Nuddelsdeeg duerch d'Maschinn ze kéieren. Wann dir keng maschinn hutt, kënnt dir och einfach een Nuddelholz huelen (einfach een oofgeschniddene Biichtestill, domatt huet ee méi Kraaft ewéi matt enger Deegrull!).

Doduerch, dass den Nuddelsdeeg just aus Haartwees besteet, brauch een d'Aarbechtsplack net ze Mielen, an et huet een iwwerhaapt kee Knascht herno ;-)

D'Nuddelen op d'Gréisst vun der Schossel schneiden an eng hallef Minutt am Salzwaasser kachen. Sou séier wéi se aus dem Waasser kommen an d'Ueweschossel schichten. Net vergiessen d'Zoss op all Lag ze maachen. ;-)

Op déi virlescht Schicht koum bei mir dunn d'Brennnesselsfëllung.



Fir ze iwwerbaken hunn ech 60g Mandelmus matt 50 ml Waasser, Hiefflocken (keng Baackhief), Kurkuma, engem Sprëtzer Zitroun, Peffer an kräfteg Salz verréiert an driwwer ginn. Duerno nach e puer kleng halbéiert Tomaten driwwer vedeelt, fäerdeg.

Bei 200 °C Ëmloft 10 Minutte goe loossen, dann de Grill umaachen a bake bis de Mandelmuuss liicht brong ginn as. Zum  Schluss matt engem gudden Olivenueleg besträichen.

Mir haten se matt Wëller Zalot zu Mëtteg!

Zu der Zalot:
Allerleschten Termin sech nach e puer jonk Lanneblieder ze ergatteren ;-)
A beschte pléckt een di ganz jonk frësch Blieder vun der Wanterlann sou bal se aus de Knospen spriessen. Sou laang déi méi nei Blieder un der Spëtzt nach hell an Zart sinn erginn och dëss nach eng wonnerbar Zalot. (D'Summerlann ass och iessbar ower hir Blieder si liicht muusseg an nët esou flott am Mond.)
D'Saison vun den am Mond quasi "schmëlzende" Blieder ass eriwwer soubal se donkelgréng an e bëssi Pabéierëch haart gin! Hei am Norden si mir e bëssen méi spéit un, ech hoffen ët as am Süde vum Land nët schon ze spéit! Soss ass et fir d'nächst Joer. ;-) Duerno kënnt d'Saison vun de Bléien, déi mir als Téi kënne sammelen an drëschenen. En Heelmëttel bei Houscht an Erkältungskrankheeten.

An d'Zalot koumen nach e puer Sauerampferblieder, wëlle Ruccola, Robiniebléien (d'Robinie ass an all sénge gréngen Deeler gëfteg, duerfir just d'Bléien iessen.) an Glycinebléien (Hei d'selwecht wéi bei der Robinie. Nëmmen d'Bléien iessen.). Drop koum eng Waldmeistervinaigrette. Waldmeisterbléien, en halwen Téiläffel Moschter, 2 Iessläffelen Balsamico an 3 Iessläffelen Mohnueleg. Matt Salz a Peffer ofgeschmaacht.

Ech hoffen et schmaacht Iech och esou gutt wéi eis. :-D



Hausmaacher Tofu

Fir vill Leit ass Tofu eng fad, labberesch Affär; een onattraktive Fleeschersatz. Selwer gemaach a richteg preparéiert ass Tofu awer en eegestännegt Liewensmëttel an eng Delikatess!

Tofu ass einfach ze maachen! Et brauch ee just Sojabounen, Waasser an Zitrounejus! Da kënnt nach e bëssi Thymian (oder soss e gedrëchent Kraut) a Salz oder Sojazooss matt dran.


D'Sojabounen (300gr) ginn op d'mannst iwwer Nuecht (gär och méi laang) ageweecht, an da matt 2 Liter Waasser an engem gudde Mixer (Blender) reng gemixt an duerch een Nylon an en Dëppen geschott (wat iwwereg bleift ass réien Okara, matt deem léisst sëch gutt baaken).

Dës réi Sojamëllech gëtt elo ënner Réieren opgekacht. (Opgepasst, näischt kacht méi séier iwwer oder brennt méi séier un wéi Sojamëllech. Mee wann ee réiert an d'Temperatur reguléiert ass alles einfach.). Dann eng 10 Minutte bei niddrecher Temperatur viru sech hi simmere gelooss. Heiansdo ëmréieren, fäerdeg ass eng déck Sojamëllech.

Déi kann een elo drénken, oder eben Tofu draus maachen.

Duerfir d'Mëllech wierzen wéi een et gär hätt. Da gëtt se op 73 Grad  erhëtzt. Loosst dann de Jus vun enger 3/4 bis 1 Zitroun eralafen. Just mat engem Holzläffel ganz kuerz a virsiichteg d'Zitroun ënnerréieren. Dir erkennt da schonn wéi d' Eewäiss gerënnt! :-D Den Deckel drop, 10 bis 15 Minutten waarden an dat ganzt nees duerch een Nylon oder Duch schëdden. Opgepast: Bamwoll quellt bei Fiichtegkeet an da leeft do net méi vill duerch. ;-)

Iwwereg bleift Sojamolke am Deppen, an am Duch den Tofu, deen lo just nach muss a Form gepresst ginn. Mir hunn dofir 2 Dëppercher benotzt déi aneneen passen. An eent hu mer Lächer gebuert.

Do kennt elo den Nylon mam Tofu dran, den Nylon gëtt zougeklappt an dat zweet Dëppchen uewendropgedréckt a matt Bicher oder soss eppes beschwéiert. 30 Minutten stoen loossen. Den Tofublock eraushuelen, an 30 Minutten a kaalt Waasser leeën. Dat hëlt dee battere Sojagôut eraus! Fäerdeg! Et ass net schwéier, mee et brauch een e bëssi Zäit. ;-) Mee deen Tofu schmaacht ganz anescht wéi kaaftenen an huet eng super Konsistenz!

Am bëschten schmaacht dësen Tofu 2 Minuten am Damp gekacht an dann vun all Säit am Kokosueleg ugebrooden. Waarm am Curry, oder kaal als Zalot!

D'Selwermaachen léisst een seng Iesswueren méi respektéieren: Et ësst een net all Dag Tofu wann een e selwer muss maachen. ;-) Ausserdeem spuert een sech déi ganz Zousazstoffer, vill Suen an eng Iett Plastik.

Wousst dir schonns: Nëmmen 6% vum Sojaubau weltwäit sinn als Iesswuer fir de Mënsch bestëmmt. De Rescht geet gréisstendeels an d'Déieremast... fir dann zimlech inneffektiv dorausser Fleesch ze produzéieren!
D'Schafung vu MonokulturenInsektizidasatzHerbizidasatz an Fungizidasatz sinn eng Folleg vun eisem Iessverhalen.
Wa mir probéieren sou oft ewéi méiglech ob déieresch Produiten ze verzichten kënnen mir zesummen eppes op eiser Welt änneren, ouni duerfir musse manner gutt ze iessen... ;-)

Ech sinn iwwerzeegt: Mir kënnen als Mënsch d'Natur net besser maachen wéi se ass. Wat mir mussen léieren ass respektvoll a mat Verstand mat hir ëmzegoen, an hire Rhythmus ze verstoen an eisen Notzen drun unzepassen.

Wednesday 27 May 2015

Zoue Bäreklaubléie matt Orangefileten an der Sesamuelegvinaigrette (vegan)

De Bärenklau ass meeschtens déi gréisste Planz an enger wëller Summerwiss. An dat ass dësem Exemplar zum Verhängnis ginn, well ech hunn e geplëmmt. Dës Planz ass extra lecker, a gehéiert probéiert! ;-)




Ech hunn déi nach zoue Bléien ofgeschnidde, gewäsch, 4 Minutten am Damp gekacht an dann an engem Kichepapeier drëche gedréckt.
Dunn hunn ech eng Orange filetéiert. (Duerfir hunn ech se geschielt, dann d'Haut ronderem ofgeschnidden a matt engem schaarfe Messer laanscht d'Wänn vun den Zéiwenageschnidden. Schonns huet ee schéi Fileten.) Dunn hunn ech déi ofgeschnidde Deeler geholl, an an der Fauscht de Jus an eng Schésselchen gedréckt. Do kommen dann nach Salz, Peffer a Sesamuelech dran, a fäerdeg ass d'Vinaigrette. :-D

Ech hunn dës iwwert de Bärenklau geschott, frësch geréischtert Mandelblieder an Kuckucksoeilleten driwwergestreet (déi schéin iessbar Blummendeko), an zervéiert.

Erkennen deet een de Bärenklau u senger Gréisst an un der gezackter Blatform. Déi ganz Planz ass hoerech, an de Still vun de Blieder ass oval wann een en duerchschneid. De Still wou d'Bléien dru sinn ass huel a ronn. Ganz typësch ass säi Geroch an Gôut.

De Goût vum Wëllkraut as wierzeg an erënnert un eng Mëschung aus Muerten, Zelleri a Mandarinnen mat engem Hauch Neelcheskäpp. Wat een un der Planz  verwäert hänkt vun der Joreszäit of. Fir 't éischt pléckt een déi jonk Blieder zesumme mam Still. D'Stiller kann een och réi iessen wa se nach nët verholzt sinn. Déi schmaache séiss.

Méi spéit (lo ;-) ) pléckt een déi nach zoue Bléien. De Goût vun dësen am Damp gedënst, errënnert och e bëssi u Brokkoli an Artichoken. No der Bléi kann een den aromatesche Som sammele goen, a fir séiss oder defteg Platen benotzen.
Ob dëser Foto e bessen schwéier ze erkennen, di grouss Blieder an déi nach zoue Bléi

Esou gesäit déi nach zoue Bléi aus

D'Blieder vum Bärenklau si grouss, a mol méi, mol manner gezackt

Den 0,8 bis 1,2 m héigen eenheemëschen Bärenklau ass wéinst sengem Cousin, dem 3,5 Meter héije kaukaseche Riesen-Bärenklau a Veruff geroden. Dee Riesegesell huet sech als invasive Neophyt agebiergert, an ass a senger Phototoxizitéit vill méi staark wéi eisen eenheemesche Bärenklau; ausserdeem ass dëse wéinst senger immenser Gréisst op Gesiichtshéicht net ze iwwersinn.
Eng Verwiesslungsgefor besteet wéi gesot just matt dësem. Mee beim Riesen-Bärenklau ass de Still gréng-bordeaurout gefleckt, a séng Blieder sinn tëschen 1 bis 3 Meter laang a vill méi spatz.

Wien empfindlech Haut huet sollt ower och Händschen bei eisem Bärenklau undoen. De Mëllechjus kann a Kombinatioun matt der Sonn eng phototoxesch Reaktioun op der Haut ervirruffen.
Dofir einfach Händchen un beim Plékken, an et ass alles gutt! ;-) Loosst Iech net ofschrecken. Et lount sech!

Weeblad - Tinktur


Wou ech scho mam Weeblad ëmgaange war, hunn ech och direkt mol eng Tinktur ugesat.  
An e Schrauwglas matt de Blieder, Alkohol (op mannst 40%) driwwer, an 1 Mount ob der Fënsterbänk stoeloossen.
Dëst ass eigentlëch just eng Method fir d'Wirkstoffer ze konservéieren.
Sou huet een dann och am Wanter nach eppes vun der Heelkraft ;-)

Ze gebrauchen als Houschtdrëpsen, fir ob Insektenstëch  oder als Wierkstoff fir Crèmen oder selwergemaache Zahnpasta.
Mei zum Weeblad selwer, hei

Gebrode Spëtzweegerechknospen iwwer Tomaten-Kiwi Zalot op Ruccola (vegan)

D'Weeblad ass bekannt fir seng entzündungshemmend, bluttstëllend an schläimléisend Heelwiirkung, awer och an der Kichen kann een e gutt vewäerten. D'Knospen hunn e liicht nossege Goût (wa se scho gebléit hu gi se méi batter), a passen gudd op Zaloten!
Hei gouf ët eng séier Zalot aus de "Reschter" ;-) Dee Kiwi huet misse fort éieren iwwerzeideg gi wier.
An, wat soll ech soen, et huet beieneen gepasst! ;-)
D' Vinaigrette hat ech just aus Olivenueleg, e bessi Balsamico, Peffer a Salz zesummegeréiert. D'Weebladknospen (Spitzwegerichknospen) hunn ech just ganz kuerz an eng matt Olivenueleg ausgeriwwe Pan gehäit. Ruccola, Kiwi an Tomaten ugeriicht, d' Vinaigrette an d'Weebladknospen driwwer ! Fäerdeg. Lecker. :-D

Sou gesäit d'Weeblad (Spitzwegerich) aus, wann en blitt. Seng laang Blieder hu ganz markant laangverlafend Blatnerven.Verwiessele kann een e just matt aanerem Weegerëch. All Weegerech-Aart as iessbar, wann een also e Breedweeblad fënnt, kann een deen genau esou verwäerten!

Et kann een d'Knospen och réi knabbelen! Aus de  jonke Blieder vum Weegerëch léisst sech och e Pesto zoubereeden. Oder awer e verfeinert gemëscht matt aneren Kräider e wäisse Kéis!
Och an engem Smoothie kënne se Verwärtung fannen ;-)

Fir Wonnen ze fleegen, zerreift een de Weegerech an sengen Hänn, bis de grenge Jus erauskënnt. Dëse gëtt direkt op d'Wonn opgedroen.
Ausserdeem léist sech ee wirksamen Houschtsirup domatt hirstellen!


Fanne kann een de Weegerëch a Wisen oder nierwend Landstroossen oder Spazéierweeër. Oder, wann dir äre Gaart natierlech loosst, och an ärem Gaart.

E Breetweegerëch huet déi selwecht Blatnerven ewéi de Spëtzweegerech
just d'Blatform as méi gedrongen a breed.

Tuesday 26 May 2015

Hausmaacher Mandelmëllech

Selwer Mandelmëllech ze maachen ass einfach, a bedeit nët vill Opwand!
Zudeem kann ee se sou variéieren wéi een se am léifsten huet. Méi déckflësseg, méi dënn, oder e bëssi gewürzt, z.B. matt Zimt, Chai Gewürzer oder just mat Vanille.

Vir d'Mandelmëllech huelen ech 1 Tas Mandelen ob 4 1/2 Tase waarm/wootlecht Waasser. 3 Dattelen (oder e bessi Agavendicksaft, Figen, Roséngen, oder soss eppes séisses) 1/2 Vanillestaang an eng Pauz Salz. Alles an engem gudde Mixer mixen, 30 Minutte stoe loossen, sou dass sëch alles e bëssi setzt, duerch eng rengmascheg Passette ofseien a fäerdeg.

Wann ëtt schnell muss goen, kann een och kaalt Waasser benotzen an se direkt oofseien; allerdings ass de Gôut dann nët grad esou intensiv. Genau sou léisst sëch och Hieselnossmëllech oder Cashewmëllech bereeden!

Ëmgedréintene Rhubarb-Äppel Kuch (vegan)

Ech hunn dee leschte Rhubarb fir dëst Joer gepléckt, an domatt een ëmgedréintene Kuch gebak. Säfteg a séiss.



Ech hunn dat esou gemaach: De Bakuewen op 180 C° virgeheizt. Eng Kucheform matt Kokosueleg agefett. Ech hat eng kleng Gugelhupf-Form. Dat war och mol witzeg. ;-)

Ech hunn 3 Iessläffele Chia-Som matt 9 Läffele Waasser an eng Tas ginn. Quelle gelooss. Dat ersetzt herno d'Eer.

2 Staange Rhubarb an een Apel kleng geschnëppelt, an se matt +- enger Tas Agavendicksaft an eng Casserole ginn. Hunn dat bei mëttlerer Hëtzt ënner réieren 1 Minutte brutschele gelooss. Dann d'Uebst an d'Bakform geschott.

D'Déppen hunn ech net ausgespullt, mee 145 Gramm Kokosueleg an d'Dëppe ginn, liicht uschmëlze gelooss. Dann 170 Gramm Miel ageréiert, de gequollenen Chia-Som derbäi, eng Pauz Salz, eng Strutz Agavendicksaft, d'Muerg vun enger Vanillestaang an 3 Téiläffele Bakpolfer dra ginn. Mat engem Schnéibiesem glat geréiert an iwwert d'Uebst an der Bakform ginn.
Dat Ganzt kënnt da 45 Minutten an den Uewen. Duerno nach waarm op een Teller oder ee Plateau gestierzt a waarm zervéiert. ;-) 

De Rhubarb sollt een nëmme plécke bis e blitt. Duerno schwächt een d'Planz zevill. Dann heescht et sech bis d'nächst Joer gedëllegen



Monday 25 May 2015

"Allium" e olio ;-) (vegan)

De Klassiker, verfeinert mat Alliumbléien.
D'Alliumbléien hunn ee ganz feinen Ënnegoût, a passe super an dee klasseschen Italieneschen Plat! Alternativ kann een och d'Bléie vum klenge Cousin vum Allium, vun der Bratzel, dofir benotzen. Eng Freed fir de Gomm an d'A!

Je no Goût 1/2 bis e ganzen Kapp Knuewlék hacken, am Olivenueleg liicht ubroden a sou wéi een d'Schäerft gäeren huet 1-2 (oder méi) gedrëchent Chillischoten zerbröselt dobäi ginn. Een Téiläffel Geméisbrittpolver mat zwee Läffele Nuddelskachwaasser dra verréieren.
Vun der Plakk huelen, weider Olivenueleg dobäi ginn, a matt engem Sprëtzer Zitroun, schwaarzem Peffer aus der Millen a Salz ofschmaachen. E bësse gehackte Péiterséilech an en Deel Bléien vum Allium dobäi ginn. Matt den am Salzwaasser gekachten Spaghettien vermëschen an Alliumbléien a Péiterséilech driwwer streen.


Den Allium gehéiert zu menge Lieblingsplanzen am Gaart!
Si ass Famill matt der Porrette a gëtt ëtt a ville Variatiounen, déi vun Mee bis September oofwiesselend an der Bléi sin.
Och d''Beien si ganz frou domatt!
D' Verwandschafft matt dem Bratzelstack ass onschwéier ze erkennen. Loosst dëse roueg an d' Bléi kommen, d'Pollensammler si frou domatt, an d'Blummen loossen sech genau esou verwäerten ewéi d'Gréngs!

Vegan fréistécken. Séiss-defteg matt hausmaacher Schokola an Erdnossbotter.

Séisst-deftegt Fréistéck matt Banann, Hausmaacher Schokola an Hausmaacher Erdnossbotter (ouni Palmfett, juhhuuuh!)


Wat brauch ech fir de Schokola:
85 Gramm Kakaobotter
80 Gramm Mandelmuss
15 Gramm Kokosnossueleg
50 Gramm Agavendicksaft
2 gutt Iessläffelen Bio-Kakao
1 Vanillestaang (d'ausgekratzte Muerg)
1 Prise Zimt
1 Prise Salz

A sou gëtt e gemaach: Kakaobotter an enger Kasserole schmelzen, de Rescht Saachen dra maachen, gutt réieren, an an eng Form schëdden. (Silikon oder einfach op e Bakblech - haaptsaach et kritt een et herno nees gutt raus. ;-) )

Wat ech fir den Erdnossbotter brauch:
230 Gramm ongesalzen Erdnëss
2-3 Iessläffelen Ueleg (Erdnoss, Raps, Sonneblumm...)
1 Prise Salz
eng Grëtz Agavendicksaft

A sou gëtt et gemaach: D'Erdnëss ouni Fett an enger Pan réischteren. Dann zesumme matt deenen anere Saachen an engem gudde Mixer kleng maachen hacken. Fir e bessi Crunch brauch een et nët komplett duerchzemixen. Duerch d'Temperatur ass et am Ufank méi flësseg, gëtt ower am Frigo méi haart. Si hällt sech am Frigo 2 Méint!

Virdeel: a selwergemaachtener Erdnossbotter ass kee Palmfett!
D'Palmfettproduktioun schued der Natur an der Déierewelt ganz gewalteg! Reebëscher ginn ofgeholzt, an an eng Palm-Monokultur verwandelt. Doduerch ass dann eise Cousin den Orang-Utan (an net nëmmen hien) um Ausstierwen. Wéinst Palmfett...




Meng Erdnossplänzchercher am Gaart spriesse monter viru sech hinn!
Einfach eng Erdnoss "knacken" an de "Som" an de Buedem stiechen an netzen.
D'Erdnoss ass eigentlech keng Noss, mee eng Zort Ierbes... hier Giel Bléien kritt se ënnen bei de Féiss, a stecht dann d'Somkapsel ënnert be Buedem fir auszeräifen!

Sunday 24 May 2015

Gänseblimmercher-Pastinakenzopp (vegan)

Näischt ass esou schéin an enger Wiss ewéi Gänseblimmercher. Si si schéin, an et kann een se komplett iessen. Haut hunn ech doraus eng Zopp gemaach. D'Gréngs kann een dann och nach ewéi Mauséiercherszalot benotzen. 
An net nëmmen dat: se sinn och nach nëtzlech! Eischtens hunn d'Pollesammler eppes dovun, zweetens si se gesond, well se enthalen ënnert anerem Magnesium, Kalium, Kalzium, Phosphor an Eisen a vill Vitamin C an A an drëttens ass et een Heelkraut.

Rezept: 1 Schalott an 1/2 Pastinak zerschnippelen, undënsten, 1 Iessläffel Geméisbrittpolver dobäi ginn, réieren, an 1 Liter Waasser  driwwerschëdden.
3 Gromperen, 2 Neelcheskäpp, 1 Stronk Maagiskraut dobäi ginn a matt oppenem Deckel kache loosse bis d'Grompere mëll sinn.
D'Maagiskraut eraushuelen, 200 Milliliter Dinkelmëllech (alternativ Huewermëllech oder Dinkelrahm / Huewerrahm) drop, a matt Zitrounejus Salz a Peffer oofschmaachen.
4 Gräpp Gänseblimmercher dra geheien a mam Mixstab püréieren.
1 Grapp Gänseblimmercher an e bëssen gehackte Péiterséilech als Deko iwwert d'Zopp streeën.

Als Heelkraut gëtt d'Gänseblimmchen ënnerlech als Téi fir seng Verdauungs-, Entgëftungs- a Stoffwiesselureegend Eegeschafte benotzt. Si enthale vill Saponinen déi fir d'Entgëftung vum Kierper gutt sinn. Batterstoffer an der Blumm reegen de Stoffwiessel an d'Verdauung un. A Crèmen oder frësch zerriwwen opgedroen hëlleft d'Blimmche bei Ekzemen a Milchschorf awer och bei Zerrungen, Verstauchungen, bloe Flecken a klengen Haut-Boboën.


Matt vertikutéieren, Wiss düngen, matt direkt enthalenem Herbizid (dat sinn déi wäiss Grimmelen am Dünger) mëcht een d'Plänzercher (an net nëmmen déi) leider futti, an et kann een déi Pracht nët méi genéissen an ët dréit een aktiv zu enger Veraarmung vun der Diversitéit bäi. 

Hei nach zwou Fotoen vum Maagiskraut (Liebstöckel)
Eng Planz fir jiddereen dee frou mam Maagisgôut ass. 
Déi Planz ass robust, bleift e Liewe laang ob där selwechter Plaz stoën, an et brauch ee sëch iwwerhaapt nët ëm si ze këmmeren. 




Et pléckt een d'Blieder a benotzt se frësch oder gedrëchend. Fir ze wierze geheit een e Blat an d'Zopp oder an d'Zos. Oder awer et hackt een e frëscht Blat butzeg kleng a verfeinert domatt d'Zalot (opgepasst: staark am Gôut)

Sëlwerdaler op gebrodenem Räis (vegan)


Villäicht huet är Boma d'Sëlwerdaler gedrëchent an der Stuff stoen?

De Sëlwerdaler ass eng al Baueregaartsplanz, déi sech als akzeptéiert Onkraut agebierget huet. Iwwerraschung: Vum Sëlwerdaler kann een alles iessen!























Rezept: Haut hunn ech Räis am liicht gesalzene Waasser gekacht. Fir d'Faarw a fir d'Gesondheet hunn ech frësch Kurkumawuerzel an d'Kachwaasser geraspelt.
Mmmh... ;-)

Ënnen, Knuewlék, Paprika a Muerten klenggeschnidden an an der Pan ugebroden, dann e bëssen op d'Säit gedréckt fir just 1/2 Minutt déi frësch gepléckte Sëlwerdaler vun all Säit eng Kéier kuerz unzebroden, sou datt se sech eng Kéier opplusteren. Huelt se da raus a gitt de Räis bei déi aner Saachen an d'Pan fir en eng Kéier unzebroden.

Mat Sojazooss, Sesamueleg a Peffer ofgeschmaacht a matt de Sëlwerdaler, Péiterséileg, Koriander an Alliumbléien bestreet servéieren.

An et geet nach méi: Déi jonk Stiller an d'Blieder vunn der Planz, éier se an d' Bléi kënnt, kann een ofpëtzen, an am Salzwaasser 2 Minutte kachen. Dat zerwéiert een da matt geréischterte Mandelen. Schmaacht gutt, wann och e bësse batter. Déi schéi mof Blumme maache sech da wonnerbar op Zaloten, an d'Dalere gi réi giess oder schnell an der Pan ugebroden.  De Gôut ass liicht batter/schaarf an gläicht deem vu Réidercher.

Sou gesäit de Sëlwerdaler aus wa seng Schote dru sinn. Ënnen erkennt een och nach seng schéi mof Blummen.

Ze verwiesselen ass dëst Kraut kaum. A jonkem Stadium gläichen d'Blieder deene vun der Knuewléksrauk, déi ower och iessbar ass.

Ähnlech Schoten, ower méi kleng a méi spéit, kritt d' Lauch-Scheibenschötchen, mee och déi ass iessbar. Also keng Gefor. ;-)



Knuewléksrauk huet sou ähnlech Blieder.
Wéi den Numm et seet, schmaacht si e bëssi no Knuewlék ass ower liicht batter.















Saturday 23 May 2015

Brennnessel-Rhubarb-Äppelstaart matt Cashewpudding

Haut gëtt een Dessert gemaach. Am Gaart ass de Rhubarb fäerdeg an d'Brennnessele spréisse monter viru sech hinn. Zäit fir eng gutt Taart! :-D 



De Bliederdeeg hunn ech dës Kéier fäerdeg kaf, an an eng Bakform geluecht. Et gëtt och vegane Bliederdeeg, mee do ass ëmmer Palmfett dran. Dir kënnt och e vegane Mürbedeeg maachen.

Fir de Belag: 2 Staangen Rhubarb gebotzt an an 2 cm Stécker geschnidden, een Apel a Wierfelen zerdeelt an eng 3/4 voll Seibecken Brennnessele blanchéiert an duerno kleng gehackt.

Fir de Cashew-Pudding: An eng Kasserolle komme 75 Gramm Cashewmus, 280 Milliliter Waasser, 60 Gramm Agavendicksaft, eng Vanillestaang an eng Pauz Salz. Opkachen an 1/2 Minutt kache loossen.

E Grapp Sonneblummekäre  (oder gemuelen Nëss) réischteren an ob dem Deeg streeën. Duerno d'Äppelstécker an de Rhubarb drop, de Cashew-Pudding driwwer an zum Schluss d'Brennnesselen drop verdeelen. 

Dat Ganzt kënnt da bei 200 C° bei Ëmloft fir 30 Minutten an den Uewen.

Eng ganz besonnesch Taart fir op der Terrass ze genéissen! Gudden Appetit!

Wednesday 20 May 2015

Kurkuma-Spaghetti mat Choufleurs-Zooss (Vegan)

Choufleur matt wäisser Zooss kennt een, awer wéi ass et mat enger wäisser Zooss aus Choufleur? ;-)


Haut de Mëtteg gouf ët eng "Spaghetti Alfredo" matt genee esou enger Choufleurs-Zooss, an dat geet sou:
De Choufleur gëtt am Salz-Waasser matt enger Scheif Bio-Zitroun gekacht.

An enger Casserolle hunn ech eng hallef gewierfelt Ënn an eng Knuewlékszéiw ugedënnst.

Do kennt de gekachtene Choufleur dran. Dobäi kënnt 1 Louche vum Kachwaasser zesumme matt 1 Iessläffel Mandel oder Cashewmus. Dann Zitrounejus vun 1/2 Zitroun, en Téiläffel Geméisbritt, Salz a Peffer dran, an da gëtt alles mam Stabmixer gemixt.

Gitt d'Kachwaasser vum Choufleur sou laang bäi bis dir déi gewënschteren Konsistenz fir är Zooss hutt.

Dat gëtt lo just eng Kéier kuerz opgekacht an et kënnt gehackte Péiterséileg dran. An d' Kachwaasser vun de Spaghetti koum een Läffel Kurkuma an e Läffel Salz.

Matt am Kokosfett gebrodenem Räuchertofu a Sonneblummekären bestreet servéiert, ass et sécher mol eng aner Manéier de Choufleur ze verwerten. An eng extra lecker derbäi. ;-)

Tuesday 19 May 2015

Hauswuerz mat Hieselnëss-Dip an Alliumbléien (vegan)

Quasi jiddereen huet en am Gaart an de Steng oder an enger Mauer wuessen. Um Teller ass e manner oft ze fannen, an dobäi schmaacht en saierlëch erfrëschend an ass ausserdeem och nach am Wanter ze fannen!

De Sempervivum brauch ee just vu senger Wuerzel ofzedréien, kuerz ënnert fléissendem Waasser ze halen, an 2 Minutten iwwert Damp ze "kachen".
Fir den Dip hunn ech 125 Gr. Soja-Jughurt mat 1 Iessläffel Hieselnossmuss verréiert, mat enger Knuewlékszéif, Salz a Peffer oofgeschmaacht, a mat Alliumbléien bestreet servéiert. (Dir kënnt och einfach e Grapp Nëss mam Jughurt an de Gewürzer am Blender mixen.)

D'Blieder ginn ofgezupft an an den Dip gezappt. Dir kënnt se ganz iessen. Et schmaacht e bësse wéi Artichock, ass awer méi mëll am Blad.

Huelt w.e.g. nëmmen deen Hauswuerz aus ärem Gaard. Beim Gärtner kaf sinn Insektiziden drop déi nach bis zu 280 Deeg nom Kafen noweisbar sinn. Dat géing ech Iech net als Apéritif-Snack roden. ;-)

























Am Naturheelwëssen gët den Hauswuerz d'selwecht ewéi Aloe Vera agesaat

Monday 18 May 2015

Fréijoersgebeess aus Pissblummenbléien

Wéi gesond eis Pissblumme sinn, hunn ech hei schonn eng Kéier erwähnt. Haut hunn ech e Gebeess aus de Bléie gekacht. :-D


Dofir brauch een 2 duebel Gräpp oppe Pissblummebléien (ouni Still) vun deenen een d'Gréngs fortmëcht, e Liter Waasser, eng Bio-Zitroun a 500gr Geléierzocker 2:1 aus Rohrohrzucker.

D'Pissblumme fléien iwwer Nuecht an een Dëppen matt Waasser. Kill stellen. Den Dag drop kacht een dat Ganzt eng Kéier kuerz op a schëtt et duerch eng Passette an en anert Dëppen. Do kënnt dann den Zitrounejus an den Zocker dran. Lo gëtt dat Ganzt just 5 Minutte kächelen gelooss an dann an ausgekachte Glieser gefëllt. Dir kennt d'Prozedur. Fäerdeg!



Klettenlabkraut a Rousen: Hausmacher Gesiichtswaasser.

Kosmetik ass fir vill Leit een Thema. Och zu Hautfleeg a Seefe gouf ech schonns oft gefrot. Meng Astellung ass hei: Schmier näischt op d'Haut wat s du net och kéints iessen. ;-)

Eis Haut ass eist gréissten Organ, a resorbéiert Stoffer déi mir drop verdeele bal sou wéi wann mir se géifen iessen. 

Wann een op esou munche Produiten, déi een sech an d'Gesiicht oder op de Kierper soll maachen, liest, kann ee schonn emol d'Flemm kréien... Do steet da grouss drop "matt Olivenueleg", mee et besteet aus Erdueleg gespéckt matt Hormonen, Aluminium, Weichmacher, PEGs, Faarfstoffer an do kënnt nach allerhand onappetitleches dobäi.

  
Hei en einfacht Rezept fir selwergemaachte Gesiichtswaasser.

Wat ech dofir brauch: Kletten-Labkraut a Rousewaasser.

Rezept: Mixen, duerch eng Passette a fäerdeg! ;-)

D'Klettenlabkraut kennt jiddereen! Et ass dat Kraut wat iwwerall päsche bleift an dat am Summer déi horeg Pärele kritt, déi de Katzen a Muppen sou schéin am Pelz hänke bleiwen.
D'Klettenlabkraut ass wierksam géint Entzündungen an hëlleft bei Hautkrankheeten.
De Som gëtt iwwregens als planzlecht Lab bei der vegetarescher Kéishierstellung benotzt.
Hautdesdaags gëtt et leider vill ze oft fortgesprëtzt an ass bei de Felder net méi ze fannen. Wann et also bei Iech am Gaart opdaucht, da passt gutt op et op. Wann dir et pléckt, da rappt net déi ganz Planz raus, mee gitt hir eng Chance ëmmer no ze wuessen. Et ass ausserdeem och iessbar, a ka gekacht ginn.
D'Rousewaasser mécht d'Haut gutt mëll, an et richt gutt. 

Et muss een ower oppassen e Rousewaasser ouni Zousazstoffer ze erwëschen! Am beschte Bio ouni Pestizidréckstänn. Am allerbeschte mëscht een et am Summer selwer. Eigentlech ass Rousewaasser en Nieweproduit wann een sech een ätherësche Rousenueleg distilléiert. Praktesch, praktesch... ;-)


Hei eist Labkraut dat sech selwer am Gaart ugesidelt huet.