Dünger Dünger!


Gréngdünger an hauseegene Kompost amplaz Konschtdünger!

De Konschtdünger bréngt ëmmer Problemer matt sech: Phosphat-Erzer enthale Schwéiermetaller wéi Cadmium an Uran, déi iwwer mineralischen Phosphatdünger och an d' Nahrungskette gelaangen. Cadmium ka sëch no an no am Kierper ureecheren an eng schwéier erkennbar, chronësch Vergëftung hervirrufen. Een oder méi Symptomer kënne sinn:
  • Niereschiedegung
  • Schied um Zentralen Nervesystem
  • Schied um Immunsystem
  • Onfruchtbarkeet
  • Psychësch Stéierungen
  • Kriibs
  • e.t.c.
Stéckstoffdünger wandelt sech duerch Buedembakterien an Déckstéckstoffmonoxid (N2O) ëm – een 300-mol méi staarkt Treibhausgas wéi CO2

Déieresche Piff gëtt op eise Felder vill ausbruet deen enthaalenen Ammoniak dréit ower leider net dozou bai dass et dem Buedemliewen besser geet...
Ausserdem schrammen d' Nitratwäerter am Grondwasser emmer rëm knapps laanscht déi festgesate Grenzwerter... et gëtt ganz einfach iwwerdüngt!

Quell: Wikipedia (U Rob me)
Iwwerdüngung? Ower nët hei bei eis! Uups si mir di ganz däischter Rout do? hmm...

Zevill Düngerasaatz huet fatal Folgen. Fir d'Natur, awer och fir lokal Wirtschaftsstrukturen: Ob der enger Säit laugen d'Dünger laangfristeg de Buedem aus: de Stéckstoff léisst e versaueren an den Humus gëtt ofgebaut.
Op der aanerer Säit gerode grad déi kleng Baueren an d'Labyrinthen. A 40 Joer hu sech d' Düngerpräiser em 250% géintiwwer hiren Produiten erhéicht. D'Baueren ginn e Groußdeel vun hierem Budget fir Dünger aus, d'Tëschenhändler bauen sëch Oligopole op, d'Klenghändler gi verdrängt. 
Deen eenzeg schlëssegen Auswee wier eigentlech een Aus fir d'Subventionierung vu synthetischen Düngeren an eng Stärkung vu biologëscher Düngung, also Kompost, Mëscht a co. a besonnesch Gréngdüngung.
Mir brauchen ee Wiessel, a jidderee muss sech informéieren an sech asetzen!
An dat betrëfft och eis Baueren!

D'Düngerfirmen natiirlech nët. Fir si sinn do vill Suen ze verdingen. ;-)
Daat selwecht gëllt fir Herbiziden, Fungiziden an Insektiziden.

Gréngdünger si Planzen déi eng Symbios mat Knöllchenbakterien agin, de Stéckstoff aus der Loft bündelen an bei de Wuerzelen den aneren Planzen déi dernieft stinn, verfügbar machen.  Dëss, matt enger nährstoffugepassten Fruuchtfolleg ass den optimalen Wee de Buedem ze notzen. Gutt geräifften Kompost egend sech fir d' Buedemqualitéit ze verbesseren an as e vollwäertegen Dünger.
Gutt ass natirlech och déi Planzen hei unzebauen déi och gär hei wëlle wuessen, wéi z.B de Wëllkar.

Bild: Phacelia
Gréngdünger an Beieplanz an engem! Zwou Mécken matt enger ehhh.... Beien... nee, Moment...

No comments:

Post a Comment