Flore locale aux champignons

Fungizide
Mir Mënsche behandelen eis Notzplanze ganz gär mat Fungiziden. 
Spéitstens säit 1845 wësse mir dass ee ganze Joeresertag u Grompere ka fleete goe wann een d' Braunfäule un d' Planze kritt... 
Lo hätt ee jo kéinten doraus schlussfolgeren, dass wann een net nëmme groussflächeg Gromperen, mee Felderweis gemëschtent Geméis (vun allem eben) ugeplanzt hätt, d' Konsequenzen net esou tragesch gewiescht wieren.
Statt dessen si mir um Monokulturwee bliwwen, an hunn ugefaange Gëfter op eis Felder ze bréngen. Am Kichegaart vun der Bomi konnt een sech nach ganz gutt matt Ackerschachtelhalmpiff hëllefen, ower déi grouss Felder hunn anscheinend méi déck Geschützer verlaangt. 

Quecksëlwer wor d' Léisung! (Kee Witz)
Haut wësse mer dass dat net dat gielt vum Ee wor. Also probéiert een dat nächst.
Natierlech ass aus der Produktioun vu Sprutzifungien e richteg schéine Marché erwuess, ee Wirtschaftszweig deen een net sou einfach konnt vernoléissegen. 
Da probéiere mir alt weider verschidden Zorte Chemikalien ob eist Iessen ze sprutzen. wéi z.B. de Morpholin.
"Morpholin ist gesundheitsschädlich beim Einatmen, Verschlucken und Berührung mit der Haut. Es verursacht Verätzungen. Einatmen von Morpholin führt zu Lungenödemen und nachfolgenden Leber- und Nierenschäden. Mit nitrosierenden Verbindungen Mit Nitriten und Stickoxiden können sich Nitrosamine bilden, welche krebserregend wirken können." Wikipedia
An de Morpholin ass nëmmen ee vun honnerte Verschiddenen. Mee bei deem sinn d'Studien elo fäerdeg, an Däitschland huet et elo verbueden. Mir hunn et awer jorelaang elo matgiess... Sou wéi mir déi aner ëmgaange sinn an der konventioneller Landwirtschaft weider anzesetzen.
Wéi wor dat matt de Studien... et muss een eben ëmmer 10 Joer testen éier ee matt Bestëmmtheet ka soen dass et schiedlech ass... a just wëll Déieren dovu Kriibs kréien heescht dat nach laang net datt Mënschen... blablabla... da kënnen se och ganz ophale Produiten un Déieren ze teste wann dat net Aussokräffteg genuch ass! Oder?
Also: Pilzer op de Planze ginn et en helle Wull... 6000 kommen do scho mol ob enger Planz vir. Dir iesst och Champignonen, do ass fir de Mënsch näischt eekleges dobäi. Déi eenzeg déi schiedlech sinn, si verschiddene Schimmelpilzer déi Aflatoxinen produzéieren. Dës entsti wann dat Liewensmëttel fault. 
(Penizillin ass iwwregens och ee Schimmelpilz, all Kéis deen eppes op sech hält huet iergend ee Blauschimmel oder ee Cousin dervun a sech , an, an der japanescher Kiche ginn och Schimmelpilze benotzt fir ze kachen).
Monokulturen förderen d' Ausbreede vu Krankheeten well vill Wiirtsplanzen niewentenee stinn. Méi komplizéiert ass et net.
Fungiziden bréngen nach ee grousse Problem matt sech: eis Beie produzéieren aus den Pollen vun de Planzen gären Beiebrout fir hier kleng Larven. Dat geet nëmmen andeems bestëmmten Pilzer déi sech normalerweis an engem Beiestack befannen d' Pollegemesch duerchwuessen fir et verdaubar fir hir Larven ze maachen. Bréngt eng Bei elo Pollen deen voller Fungiziden ass matt an de Stack, ass dee Prozess net méi méiglech a scho kleng Larven sinn ënnererniert a geschwächt!
Bleift un eis ze entscheede wat mir aus der Zukunft maachen! Doheem kéint jiddereen lo mol ob de Sprutzi verzichten.
Wann een net weess firwat déi Pilzer an der Natur nach alles gutt sinn, wéi kann een dann einfach mol alles futti maachen? Ech verstinn et net! Vill Pilzer ginn eng Symbios matt Planzen an Insekten an, net auszedenken wat d' Konsequenzen si wa mir sou weider maachen.

Blimmercher déi mir an de Gaart planze sin och belaascht!