Huet dir een den Eefalt agedriwwen?
Eefalt amplaz Diversitéit steet an eiser Gesellschaft ganz héich am Kurs!
Monokulturen prägen eis Landschaften.
Mir Wëllkraidersammler hunn et Hautdesdaags schwéier nach brauchbar oder iessbar Bléien a Bliedercher ze fannen!
Net nëmmen mir Mënschen fannen keng méi, neen och d'Déieren am Bësch an op de Wisen sti viru "propper" gesprëtzte Wisen! Wat bleift eisen déiereschen Matbewunner dann do aneschters iwwereg wéi bei de Bauer Iessbares ob d'Feld gripsen ze goen?
Dat selwecht gëllt fir d'Schleeken... An Zukunft wäerten et ëmmer méi Schleeken an den Hausgäert vun de Leit ginn, wëll déi Kraidercher an de wëllen Wisen déi si sou gär knabbelen, einfach verschwonnen sinn.
Vun de Beien an de Bestäuberinsekten brauch ech schonns guer net méi ze schwätzen, do wësse mir all Bescheed.
Ëmmer erëm gëtt behaapt, dass wann mir déi vill Mënschen op der Welt wéilten ernähren, mir Felderweis Eefältegkeet missten uplanzen... Dat ass totalen Brach!
Hei kennt dir an engem interessante Rapport vun der UN noliesen, dass dat Blödsinn ass, a wéi een et kéint besser maachen! Den Titel vum Rapport seet et: "Wake up, before it's too late!"
Et ass Zäit an de Schoulen eis zukünfteg Baueren sou auszebilden, dass si Kenntnisser iwwert Natur erlaangen. Net wéi eng Sprutzmettelen si a wéi engen Quantitéiten wouhin musse sprutzen.
Ee Buch wat ze empfehlen ass, ass "La révolution d'un seul brin de paille : Une introduction à l'agriculture sauvage" Dat wier mol e Buch fir als Flichtlektür an der Schoul. ;-)
Et gi Leit op der Welt, déi wëssen wéi et
méiglech ass d' Welt ze ernähren ouni de Planéit a seng Bewunner ze
schiedegen, leider lauschtert keen deenen no. Wahrscheinlech well
domatter quasi just d'Baueren an d' Butteker, an net déi grouss Firmen vun de Sprutzmëttelcher géifen verdéngen.
Mäi Gaart hei heem ass zwar kleng, mee ech kommen ganz gutt ouni iergendwellech Sprutzmëttelcher zurecht, a vu Fréijoer bis Hierscht liewe mir zu fënnef scho quasi just aus eisem Gaart. Ofgesinn vun de Grondmëttelen wéi z.B. Kokosnossbotter, Sojabounen (där mir dëst Joer fir 't éischt ugeplanzt hunn), Olivenueleg a Miel.
Eigentlech wollte mir och mol als Projet testen, wéi vill Geméis, Uebst, Wëllkraidercher a Wëlluebst een ob engem Feld kéint uplanzen, wéi vill Aarbecht dat géif bedeiten, wat den Ertrag wier an ob een een Erléis aus dem Verkaf vum Geméis kéint erauszéien.
Leider
hu mir nach kee fonnt dee bereet ass eis eng Wiss ze verkafen.
Verständlech wëll Europa Subsiden pro Fläch Terrain un d' Baueren bezilt. Eng Wiss ze pachten hu mir och nach net fonnt, dëst wier och méi schwiereg wëll Uebstbeem an Uebststraicher missten ugeplanzt gi fir e geschützte Mikroklima ob engem soss exposéierten Feld ze schafen.
Mëschkultur ass d' Stéchwuert: iwwert Joeren si vill Kombinatiounen ausprobéiert ginn. Wéi eng Planzen sech gutt ergänzen am Nährstoffhaushalt an dem Ofhalen vu Schädlingen.
Mauséiercherszalot gehéiert bei Hambieren, Melisse bei Drauwen, Melde (wéi Spinat) bei Quidden, Veilercher, Brennnesselen, Peffermënz oder Bettseecheg bei Apel, Kabes bei Ierbessen, Fenschel bei Kornischongen, Äerdbier-Porrett, an d' Indianercombi: Mais-Bounen-Kürbis a.s.w.
Et ass immens wéi d'Planzen sech géigesäiteg hëllefen a stäerken. D'Géigendeel ass awer och de Fall: et ass wichteg net déi falsch Planzen beieneen ze setzen. Ierbess-Gromper geet z.B. guer net. ;-)
D'Mëschkultur ass bei mir lo eng Rei Joeren am Test, an ech si begeeschtert!
Een anere Punkt ass de Buedem. Hei ass et wichteg net ëmzegruewen. Och wann de Bop dat ëmmer gemaach huet: dir zerstéiert vill vum natierleche Buedemliewen. Iwwert d'Zäit entsteet een Ökosystem an Ärem Gaardebuedem. Wann dir awer all Joer mam Spuet derduerch fuert, da muss sech alles nees vun Nei opbauen.
Duerch eng Vir-, Tëschen-, oder Nosaat vu Gréngdünger verhënnert een eng Erosioun vum Buedem a gëtt natierlech Nährstoffer zréck.
Ech huelen un datt Lëtzebuerg sech op déi Aart a Weis autark Ernähren.
An an d'Biogasanlag soll Offall a kee Rapsfeld. ;-)
Mëschkultur:
Fréikabes matt Ruccola, Zalot a Phacelia
Eng Pastinake wor vum leschte Joer dra verbliwwen. Si bewierkt elo, dass déi Zaloten an engem Ofstand vu 40 cm vun hir nëmmen hallef sou grouss si wéi déi déi méi wäit fort stinn... Fazit: Zalot+Pastinake = net Super. Fir Ruccola a Kabes schéngt si keng Niewewierkungen ze hunn.
Een Deel an eisem Gaart gehéiert Gromperen an décke Bounen. Déi wuessen zesummen an de Reien. D'déck Boune sammelen de Stéckstoff an der Loft. D'Knöllchebakterien un der Wuerzel maachen d'Nährstoffer fir d'Gromper verfügbar!
Géif Glyphosat (RoundUp) als Herbizid agesat, wier dës Gréngdüngung net méiglech, wëll d'Gëft och di wichteg Bakterien zerstéiert!
Ronderëm ass Phacelia a Réngelblumm geséint.
D' Gromperen goufen no der Foto geheeft a matt Hee gemulcht.
Great post and success for you
ReplyDeleteKontraktor Booth Pameran
Jasa Pembuatan Booth
Kontraktor Pameran
Jasa Pembuatan Booth Pameran