Tuesday 26 June 2018

Mir hunn eng nei Säit!

Déi nächst Posten fannt dir op:

Lëtzebuergesch: www.WatDeBauerNetKennt.lu

oder op Englesch: www.wdbnk.com

Mir freeën eis Iech do zréck ze begéinen ! Bis direkt! ;-)


Tuesday 12 June 2018

Alea iacta est! Et gëtt Dessert! Rubus cubus maximus! (vegan)


Schneekerei! Ei!

Haut hate mir frësch Hambieren am Haus, an do huet et geheescht: Alea iacta est! - Die Würfel sind gefallen. :-D  Duerfir e schnelle vegane Bisquit-Deeg gebak a mat enger Hambierglasur iwwerzunn.



Fir de Deeg brauch een:


  • 225 g Miel
  • 170 g Pudderzocker
  • 1/2 Téiläffel Kurkuma
  • 250 ml Spruddelwasser (richteg gutt spruddeleg!! kee medium)
  • 5-6 Iessläffelen Ueleg (Raps- oder Sonneblumenueleg)
  • 1 P. Reinweinstein
  • 1 P. Vanillszocker
  • 1 Pouz Salz




Schäffchen ob 180°C Ëmloft virhëtzen.
An enger grousser Schossel d’Miel, den Zocker, de Kurkuma, de Vanillszocker, d'Salz an de Reinweinstein gutt verréieren.

Dann den Ueleg ennerréieren an d’Spruddelwaasser lues ennermëschen dass d’Spruddelen nët zefill verfléien :-).

Eng véieréckeg Kucheform afetten, mat Miel ausklappen an den Deeg draginn.

Dat däerf lo 25-30 Minutte baken.

Et ass iwwregens derwäert sech eng véiereckeg Metallen Sprangform zouzeleen, duerch de Rand deen ee kann opdrécken, léisst de “Bisquit” sech ganz liicht eraushuelen. Den Deeg verhält sech komplett aanescht an enger Silikon Form a bäckt nët sou gutt duerch, an esou enger muss ee quasi 35-40 Minutte Bakzait arrechnen, an eventuell di läscht 10 Minutten ofdecken.

Mat engem Stäbchen testen, ob den Deeg duerch as. Duerno ob enger Hietchen ofkille loossen.

Fir den Hambierzockergoss:


  • 125 g (+ e Grapp fir Deko) Hambieren
  • 500 g Pudderzocker
  • 1 Pak Kokosflacken




D’Hambieren ginn am Mörser reng gemätscht. Dora ginn 2 Iessläffelen kachend Waasser ageréiert, an ët gëtt 2 Minutte stoe geloss.

Da ginn d’Hambieren duerch eng Passette gedréckt, fir dass keng Käre matkommen.

Dëse Jus gët mam Pudderzocker verrouert, sou dass een décken Zockergoss entsteht.

De Kuch gett a Wierfele gedeelt, mat dem Zockergoss bestrach an an de Kokosflacke gewänzelt.
Drop kënnt nach e frëschen Hambier. Ommnommnomm ;-)




D'Saiert vum Hambier passt immens gutt bei d'Kokosnossflacken. Zéckt net! Et lount sech!


Monday 11 June 2018

An 10 Minutte gekacht: Asiatesch Glasnuddel-Brennnesselszopp (vegan)

Haut ass nees Zait fir e bëssi Brennnesselgoodness… des Kéier mat Asia-Flair :-)


https://payhip.com/b/otEN

Fir dës lecker 10 Minutten-Zopp brauch een:


  • 2 Liter Waasser
  • 2 geheeften Iessläffelen Geméisbrittpolver
  • e Pak Glasnuddelen
  • 1 Fréijoersënn
  • 1 Muert
  • 1 Zitrounegras
  • 1 kleng Saibecke Brennesselspëtzten
  • Sojazooss a
  • gehackte Nëss (z.B. Mandel, Afennëss…)


A lass:
D’Wasser gëtt mat dem Brittpolfer, dem Zitrounegras, der geschniddener Wuerzel, an dem klenggeschnippelten hellen Deel vun der Fréijoersënn opgesat.
Wann d’Britt kacht fléien d’Glasnuddelen an d’ Brennnesselspëtzen dran. Déi sinn an 3 Minutte fäerdeg.

Fir ze zervéieren kommen di geréischtert, gehackten Nëss, e Schotz Sojazooss, an de Rescht vun der Fréihjoersënn driwwer.

Dobäi passt natirlech och frësche Koriander :-)

Dat ass alles keng Affär, a séier geschitt. Vill Spaass beim Nokachen an e gudden Appetit!

Sunday 10 June 2018

Gänsefouss Geméis - E sou eppes Fäines! (vegan)

E ganz schnell gekachtend an immens leckert Geméis ass de Gänsefouss (Chenopodium/Melde).

Hei hu mir elo e Chenopodium Giganteum, eng extra Zort mat roude Blieder. Et ginn eng ganz Reih Zorten, déi all d'selwecht präparéieren kënne ginn wéi zum Beispill och de wäisse Gänsefouss, dee wiist op all (awer wierklech op all) Eck. De Chenopodium ass iwwregens d'Wëllplanz vum Mount Juni 2018 op eiser englescher Säit www.wdbnk.com ! An et ass och eng vun de 5 wëlle Geméiszorten déi an eisem neien eBook virgestallt ginn.

Ass irgendwou eng Plaz wou de Buedem broochläit, wou eng Baustell war, laanscht Weeër, oder am Gaart… quasi iwwerall wiisst e wann e gelooss gëtt ;-)

Gepléckt ginn déi iewescht Spëtzten, dann huet ee bis an de spéiden Hiescht eppes vum leckere, wëlle Geméis.


Hei dann d'Rezept fir d'Geméis:

Am Dëppen broden ech eng gehackten Zéif Knuewelék. Do dra flitt dann de gehacktene Gänsefouss. (Dat klengt onméiglech oder? :-) )
Gewierzt gëtt mat Salz, Peffer a Muskat. Am Mixer ginn e Grapp Cashewen mat engen Téiläffelche Geméisbrittpolver a 500 ml Waasser gemixt. Dat gëtt dann iwwert de Gänsefouss geschott.

2 Minutte brutschele gelooss, a fäerdeg. Ofgeschmaacht gëtt mat engem Sprëtzer Zitroun.

Mhhh lecker :-)

Saturday 9 June 2018

En aalt Geméis an engem neie Plat: Mangold-Curry (vegan)

Ech weess net wéi oft ech schons gefrot gi sinn wat ee mat Mangold ka maachen. Anscheinend ass en zimmlech onbekannt. Wann een da mol eppes héiert, dann ass et "et ass ewéi Spinat, oder?". Dobäi ass et éischter eppes wéi Routrommels-Geleef. Haut da mol e Rezept mat dësem gaaanz ale, leckere Geméis.

https://payhip.com/b/otEN

Fir dësen immens leckere Curry braucht dir:

  • 1 Bond Mangold
  • 1 Ënn
  • 1 Zéif Knuewelék
  • Kokosueleg
  • 1 Grapp Cashewen
  • 2 Läffele Currypolfer
  • 1 Läffel Brittpolfer
  • 1 Läffel Tomatemuerg
  • e Grapp kleng Tomaten
  • Salz a Peffer
  • Zitrounegras
  • Sonneblummekären
  • 1 Zitroun

De Mangold gëtt kleng geschnëppelt a gëtt am Salzwaasser 3 Minutte blanchéiert.
An engem Dëppen gëtt d’Ënn an de Knuewelék am Kokosueleg ugedënst. Do dra flitt de Currypolfer, e Läffel Brittpolfer, d’Zitrounegras an e Läffel Tomatemuerg.

Dat Ganzt gëtt dann ofgelescht mat dem an 0,75l Waasser gemixtenen Cashewen. An d’Zooss kommen dann di kleng geschnëppelt Tomaten an de Mangold. Dat därf lo nach 2 Minutte brutschelen.

Ofschmachen mat Salz, Peffer an Zitroun an zervéieren matt geréischterten Sonneblummekären a Räis. E Gedicht. En alt Gedicht. E gutt Gedicht. :-)

Friday 8 June 2018

Rübstiel? Stielmus? (Bal) egal! Lecker! (vegan)

Haut gëtt et een aalt Geméis: Rübstiel/Stielmus. Immens gesond, super lecker, quasi vergiess. Et brauch knapps 3 Woche fir ze wuessen, an ass domat e séiere Vitaminne-Liwwerant!





Fir 't éischt schneide mir Wuerzelen, Ënnen a frësche Knuewelék graff. Dat flitt an eng Pan mat Kokosueleg.

Dobäi kommen jeweils en Iessläffel

  • Koriander
  • Ingwer
  • Chilli
  • Hiefflacken
  • Kurkuma
  • Salz

an e bësse schwaarze Peffer.

Da kënnt de graff gehackte Stielmus derbäi a Sojazooss driwwer. Fir d'Séisst e gudde Strutz Agavendicksaft drop. De Stielmus zerfällt relativ séier. Et kann een des no an no an d'Pan ginn. Da kënnt den Deckel drop.

Am Waasser ginn d'Udon-Nuddele gekacht (3 Minutten). Déi Zäit an engem Dëppen ouni Fett e Grapp gehackte Mandele réischteren a fäerdeg ass d'Iessen!

Keng zing Minutten, an alles ass um Teller. Da so mol een frësch a gesond Kache wier opwänneg. ;-)

https://payhip.com/b/otEN

Wednesday 6 June 2018

Hausmaacher vegan Sauerrahm

Vegan Sauerrahm!? Omnommnomm :-) Hausmaacher vegan Sauerrahm ass lecker op enger gebakener Gromper, oder op Gebootschtenen oder op Nuddele mat Tomatenzooss oder op der Schmier, oder op dem Fanger... :-D Sauerrahm eben. Omnommnommnomm!


Dir wëllt der och? Dat geet!Awer net vun Haut op Muer. Vun Haut op Iwwermuer, jo. Dat geet. An duerfir braucht Dir:
260 Gr. Cashewen
300 ml Waasser
1 Tiitchen probiotesch Kulturen
1/2 Zitroun
Eng Pauz Salz

D’Rezept ass ultra einfach; et muss een där Saach just eben 48 Stonnen Zäit ginn.

Mee wann een dann sou ee schéine Rythmus draus mecht huet een ëmmer super crèmegen, leckeren, gesontenen, tryptophangeluedenen, vegane Sauerrahm am Haus! Oh jo!

Also. 260 Gr. Cashewen gi mat kachendem Waasser iwwergoss, an eng Stëndche weeche gelooss. Da gi se ofgeschott, a mat 250 ml Waasser glat gemixt. Dodra gëtt eng Tiitchen probiotesch Kulturen aus dem Biobutték ageréiert. Dat Ganzt däerf dann 48 Stonne raschten.

Duerno kënnt e bëssi Salz, an de Jus vun 1/2 Zitroun dran. Zack Sauerrahm!

Fir op d’Gromper däerf dann nach eng zerdréckten Knuewelékszéif, Salz a Peffer, nach e bëssi Zitrounejus, eng Fréihjoersënn, Péiterséilech a Saueramper dran. Mmhhh...


Hat ech Recht? Ass dat einfach? Jo, gell? An Dir hutt et nach net geschmaacht! Duerfir: Ausprobéieren a mir Bescheed ginn wat Dir dovunner halt!

Tuesday 5 June 2018

Kohlrabi-Carpaccio

Am Gaart ass de Kohlrabi zeideg, lo gëtt et lecker Carpaccio!
Dee schmaacht extra lecker mat engem Peffermënzpesto :-) Oh jo!

https://payhip.com/b/otEN

Fir dëst summerlecht a schnellt Rezept brauch een:
  • 1 Kohlrabi
  • en décke Grapp Peffermënz
  • Sonneblummekären
  • geraspelt Kokosnoss
  • Salz
  • Agavendicksaft
  • Nossegen oder neutralen Ueleg (ech hat lo Sesam- an Hanf-Ueleg)
  • e puer Brennesselspëtzten mat Bléien
  • e sprëtzer Zitrounejus
  • an Chiliflacken

De Kohlrabi gëtt an dënn Scheiwe geschnidden, a vu baussen no bannen esou drppéiert, dass et dem Här Fibonacci Freed géing maachen :-)

D’Sonneblummekären an d’Kokosraspelen gi geréischtert, a mat engem Grapp Peffermënz, engem gudde Schotz Ueleg, enger Strutz Agavendicksaft an enger Pauz Salz gemixt.

An e bëssi Kokosueleg gin di gesond Brennnesselspëtzten 1 Minutt gebroden datt se nët méi picken.
Da gëtt ugeriicht. Iwwert de Plat, kënnt nach eng Strutz Agavendicksaft, a fir d’Saiert nach e bëssi Zitrounejus.
Wien et gäer e bëssi schaarf huet, ka sech nach e puer Chiliflacken driwwer streeën.

Nom Uriichte gëtt direkt zervéiert.

E gudden Appetit :-)

Rousegebees (vegan)

E Rousegebees ass eppes Leckeres op der Schmier awer och fir bei Desserten.

https://payhip.com/b/otEN

Fir d’Rousegebees ginn d’Bléien déi mer gebraucht hu fir de Sirup ze kachen, zesumme mat zwou Louchen Sirup, an engem Pak Kal-Geléiermëttel (ze fannen am Biobutték) 4 Minutte gemixt.
Wann een e Mixer huet ouni Messeren ass dat super, da bleiwen d’Bléieblieder ganz, an dat huet schon eppes, wann een déi nach erkennt. :-)

Mech huet bei deem ganze Rousendoft d'Muse gebass. Hei en Abléck a meng Gedanke beim Mixen:

An d’Hierz de Wand den Doft dir dréit,
wann d’Blumm vun de Rousen faarweg bléit.
De Schmierz vun der Welt, gëtt da vergiess,
An d’Schmier mam Gebees zackzack och giess… hehe :-)

Monday 4 June 2018

Rousenesseg a Rousesirup (vegan)

Mir woren op Besuch an der Stad an do stoung eng wonnerbar Doftrous: 3 Meter héich, 4 Meter breet a voller immens gutt richende Bléien! Do musst einfach profitéiert ginn!

https://payhip.com/b/otEN


Mat frëndlecher Erlabnis hu mir 1 Schossel voll gepléckt, an et wor wéi wann näischt fort wier… immens ! :-)

Dorausser goufen 3 Saache präparéiert.

Hei mol déi éischt zwou:

Wichteg: D’Blieder sollen nët gewäsch gin, soss ass de Goût flöten :-)

Esseg:
Eng Fläsch gëtt locker zu 3/4 mat Rousebléieblieder gefëllt. Driwwer kënnt en Äppelesseg. Dat Ganzt därf dann 4-5 Deeg zéien, a fäerdeg

:-D den Esseg schmaacht einfach super an de Vinaigretten!

Sirup:
1L Waasser mat 1 Kg Zocker 10 Minutte kache loossen. Da gëtt d’Plack ausgemaach. Elo de Jus vun 2 Zitrounen, an eng Schossel voll Rousebléieblieder dra gin. Ofkille loossen, a fäerdeg.

Huelt elo eng Passette a schëtt alles derduerch. A Fläsche verschléissen an de Summer genéissen! :-D

Sunday 3 June 2018

Äerdbiers-Brennessel Glace mat Kokosmëllech (vegan)


Et ass Zäit fir e leckeren Dessert! Séissschniewelcher opgepasst :-)

https://payhip.com/b/otEN

Wien sech dësen Dessert wëll selwer maachen, dee brauch:
  • 1 Schossel Äerdbieren
  • 1 kleng Saibecken Brennnesselspëtzten
  • Kokosueleg
  • Salz
  • Ahornsirup
  • 1/2 Zitroun
  • 2 Dousen Kokosmëllech
  • evtl. Kokosraspelen

D’Äerdbieren gi fir d’Séisst erauszelackelen kuerz mat e bëssi Kokosueleg an engem Dëppen opgekacht bis de Jus aus den Äerdbiere kënnt. Dat sinn esou +- 3-4 Minutten. Dobäi kënnt en décke Schotz Ahornsirup, an de Jus vun 1/2 Zitroun.

An de Mixer fléien 2 Dousen Kokosmellech, eng Pauz Salz, an d’Äerdbieren aus dem Dëppen. Déi gi just kuerz gemixt, sou dass nach e puer Stéckelcher erkennbar bleiwen. 4/5 dovun fléien elo direkt an d’Glacemaschinn. De Rescht gëtt mat de réie Brennnesselspëtzten reng gemixt an dobäi ginn.

D’Glacemaschinn brauch lo 15-20 Minutten fir dat ze killen :-)

Fir ze zervéieren kann een e puer geréischtert Kokosraspel an Äerdbieren driwwer ginn.
(Mäin an de Som kommende Kierwel wor och ganz lecker dropp :-) )

Wie keng Glacemaschinn huet, kann dat Ganzt iwwernuecht afréieren, an 30 Minute virum Zervéieren aus dem Tiefkühler huelen. Eventuell kann dat dann nach eemol an de Mixer. Ech muss ower soen dass dat nie op daat selwecht eraus kënnt wéi wann een et an der Maschinn dréine léisst.
Ech hun nach esou eng gutt al Glacemaschinn déi ech virun 20 Joer vu menger Boma geschenkt krut. Déi war och scho virdrunn bei hir am Asatz, a geet nach ëmmer 1A  :-) #fréierwarallesbesser #plannedobsolescence

Friday 1 June 2018

Päckelcher aus dausend an enger Nuecht - Buedemhielänner Fatayer (vegan)

De Buedemhielänner kann een oft sammelen, well e séier nowiist an een es net midd gëtt en ze iessen. ;-) En ass esou gutt réi oder gekacht, datt ee vill verschidde Rezepter domat kann ëmsetzen, ouni datt et eng Kéier géing d'selwecht schmaachen.

Hei hu mer eis e Plat aus dem Mëttleren Oste virgeknäppt an hunn a mat eisem lokale Wëllgeméis an natierlech ganz vegan ëmgesat.
https://payhip.com/b/otEN


Fir den Deeg:
250 g Miel
1 ILäffel Zocker oder 1 klenge Cube Jaggery
1 Pak Drëschenhief
1 IL Salz
3 IL Olivenueleg

D’Fëllung gëtt net gekacht, mee einfach frësch gemixt.

1 Schossel voll Giersch, oder soss Wëllkraider… hei koum nach e bëssi Hanfnessel an Bärlauch dran.
1 Ënn
1 Zéiw Knuewelék
E Grapp Berberitzen
E Grapp Peffermënzblieder
Salz
e Grapp geréischtert Sonneblummekären
an 2 IL Olivenueleg

Deeg:
D’Hief gëtt mam Zocker an 250 ml Wasser opgeléist. An matt deenen aneren Zoutaten zu engem net pëschegen Deeg verknied. Deen däerf dann 30 Minutte leie bleiwen.

Fëllung:
D’Kraider fir d’Fëllung gi mat 1 Ënn, de Berberitzen an dem Knuewlék am Mixer kleng gehackt, a mat dem Rescht vermëscht.

Den Deeg gëtt dënn ausgerullt, a mat enger décker Tas ronn ausgestach. An d’Mëtt kënnt 1 TL Fëllung, de Rand gëtt mat de Fanger befiicht, an zu engem Dräieck zezummegedréckt.

D’Täschelcher gi bei 200 Grad am Uewen 10-15 Minutte gebak.
 Verschidde Leit gesinn Onkraut. Mir gesinn e Koup gratis Iessen a Vitaminnen! ;-) Sou gesäit et aus wann ee Giersch (Buedemhielänner) fonnt huet.