D'Saison vun de roude Rommelen ass voll amgaangen, an déi si bei eis am Haus nët nëmmen als Zalot beléift, mee och als Dessert ;-)
Fir dëse Raw-Kuch brauchen d'Rommelen nët virgekacht ze ginn, an et ass ganz fëx gemixt.
Fir t'éischt gëtt eng Tas Cashew-Nëss mat waarmem Waasser bedeckt a stoe gelooss. (Déi kommen herno an d'Créme).
Fir de Buedem
ginn eng grouss Tas Wëllkar a Mandelen (an/oder aner Nëss) mat engem Grapp Korinthen a mat 5-6 Dattelen gemixt, an op de Buedem vun enger mat Bakpabeier ausgeluetener Sprangform gedréckt.
Fir d'Créme:
Et gëtt eng réi, déck rout Rommel geschielt a kleng geraspelt. Duerno gëtt dës Mass mat dem festen Deel, deen sech uewen an der Béchs op der Kokosmëllech ofsetzt, gemixt. (Dat geet nëmmen mat Bio-Kokosmëllech, wëll do keng Emulgatoren dra sinn).
Dobäi kommen: eng kleng Tas Kokosflacken, de Jus vun enger halwer Zitroun, 5 Dattelen, Vanille, Ceylon-Kanéil, eng Pauz Salz, en Iessläffel Agavendicksaft, an déi ofgeschotte Cashew-Nëss.
Da gëtt dat Ganzt an engem gudde Mixer gemixt bis et crèmeg as, op dem Dattel/Mandel-Buedem verdeelt, a fir op d'mannst 2 Stonnen an de Frigo gestallt.
Virum Zervéieren kommen dann nach e puer Kokosflacken driwer (oder och Malvenbléien a Malven-Nëssercher ;-)).
Fäerdeg ;-)
De Kuch ass och eppes fir Leit déi rout Rommelen nët esou gäeren hunn, well de Goût vun der Kokosnoss immens gutt matt der Rommel harmonéiert an d'Äerdegkeet vum Geméis verréngert.