Thursday 13 August 2015

Wëllkraider-Sushi (vegan)

Kennt dir dat och? Heiansdo kritt een eng onméiglëch Loscht op Sushi! ;-)
Beim Fëllen sinn do der Kreativitéit keng Grenze gesat, an ët kann ee quasi alles dra verwäerten wat engem schmaacht ;-)
Bei eis gouf et haut Malven-Courgette an Kapuzinnerkresse-Avocado Maki, Kaarblumme Rolls, an Fetthenne-Räuchertofu Sushi :-)

Eigentlëch ass Sushi maachen keng Hexerei, a geet och nach relativ schnell, wann ee bedenkt datt eemol rullen 5-6 Maki erginn :-)
De Sushi-Räis ass a 15 Minutte fäerdeg: e gëtt am Salwaasser opgekacht, zéie gelooss, a just zum Schluss gëtt en Téiläffel Agavendicksaft an en Iessläffel Esseg dra geréiert an ausdämpe gelooss.

An däer Zäit wou de Räis gekacht huet, sinn ech an de Gaart e Paprika, eng Courgette, eng Cornichong, 4 Malvebléien a Som, e Grapp Kapuzinnerkresseblieder, Som an eng Bléi, 3 Karblummebléien, e Grapp Fetthenne Blieder an e puer Kraider (Peffermënz, Péiterséilech, Koriander a Bratzel) plécke gaang.
Am Haus hat ech nach eng Wuerzel, eng Avocado, e Pak Nori Blieder en 1/2 Räuchertofu, an natiirlech eng Bambusmatt als Rullhëllef. :-D
Et brauch een nët allzevill vum Geméis a Stëffter ze schneiden, wëll ët relativ ergibeg ass :-)

Also: fir d'Malve-Courgette Maki gouf einfach en Nori Blad bis an d'hallschend mat naassen Hänn 1/2 bis 1 cm Räis dropp verdeelt e puer gehackte Kraider, oofgezupfte Malvenbléieblieder an Courgettestëfter dropp verdeelt, an zesummegerullt. De Rescht vum Nori hunn ech ofgeschnidden an d' Rull matt engem naasse Messer a 6 Stécker zerdeelt. Dobäi koum deen nach gréngen lecker nossegen Malve-Som.

Fir d'Kapuzinnerkresse-Avocado Maki hunn ech d'Blieder iwwerlappend nierwendeneen geluecht (+- déi Gréisst wéi virdrunn den Nori gebraucht ginn as) Räis dropp verdeelt, Räuchertofu, Wuerzelen an Avocado an d'Mëtt, zesummegerullt an a Stécker geschnidden.

Fir d'Kaarblumme-Rolls gouf nees en Nori-Blad bis an d'Hallschend mat Räis bedeckt, Sesamkären an Kaarblummebléien dropp verdeelt an emgedréint, sou dass d'Norisäit uewen läit. Doropp koum an d'Mëtt Cornichong a Paprika an ass zesummegerullt ginn. De Nori deen zevill wor ass fort, an d'Rull a Stécker geschnidde ginn.

Fir den Fetthenne Sushi hunn ech einfach e bëssi Räis zu engem Rechteck geformt, eng dënn Scheiw Räuchertofu, e Fetthenneblad droppgeluecht, a matt enger Noristräif emwéckelt.

Als Wasabi-Ersatz eegent sech super de Som vun der Kapuzinnerkresse! D'Schäerft vun de Senfölglycosiden huet en ähnlechen Toun wéi déi vun der Japanëscher Wuerzel.

D'Fetthenne huet bestëmmt deen een oder aaneren am Gaart, si gehéiert zu de Sukkulenten, a wëll kann een se op drechene Plazen wéi op Kräsi, Fielsen oder dréche Maueren fannen.
All groussbliedereg Fetthenne Zorten sinn iessbar. Den Hauswuerz gehéiert zu der selwechter Famill.
Giess ginn di fleescheg Blieder an der Zalot, oder ganz kuerz ugedënst. (fir mäi Goût ginn se gedënst e bëssen ze schläimeg fir se sou ze iessen. Ech wäert deemnächst probéieren se als regionalen Ersatz fir Okra ze benotzen. Steet mol op ménger To-Do-Lëscht. ;-)  )
Als Heelplanz kann een de Sedum op der Haut fir d'Wondheelung, zum Bluttstëllen oder bei Verbrennungen gebrauchen, dofir gëtt dat frëscht Blat zerdréckt an besonneg de Jus direkt ob d'Wonn ginn.





Déi wëll Malven si fréier als Notzplanz ugebaut ginn.
D'Blieder kann ee réi oder zu Geméis gekacht iessen.  D'Bléien sinn eng angenehm iessbar Deko, an aus hierem Som as fréier Kannerbräi zoubereed ginn. De Som ass awer och superlecker einfach esou ze knabbelen ;-)
E Kalauszoch iwwer Nuecht gëtt vun de Blieder gemach an hëlleft bei Hals-, Mo-, Blosen- an Daarmentzündungen.
(3Tl pro Tas mat handwaarmem Waasser op d'mannst 4 Stonnen zéie loossen. Am beschten bereet een sech owes 1 Liter mat 12 Läffele vir, seit se moies of a drénkt et iwert den Daag verdeelt)
D'Malvebléien erginn ee gielen Faarwstoff.
Mat enger Tinktur (einfach Malvebléie matt 40% Alkohol bedeckt 2 Wochen an engem Schrauwglas op der Fenster stoë loossen) kann sech teste loossen ob eng Flëssegkeet baseg ass, da fierwt se sech blo :-)

Sunday 9 August 2015

Waassermeloune-"Glace um Still" ;-)

Haut gouf eng ganz einfach a schnell Waassermelouneglace gezaubert.


Mir hunn einfach eng Waassermeloun (mir haaten dëss Kéier eng giel) a Rondelen dann an Dräiecker geschnidden, e Still dra gestach, a Moies an den Tiefkühler geluecht. Mëttes war se schonns fäerdeg ;-) Ass Superlecker, einfach gemaach an erfrëschend!

Tuesday 4 August 2015

Hausmaacher Geméisbrittpolver (Vegan)

Mäi Brittpolver wor eidel: Zäit neies ze präparéieren ;-) Dat geet ganz easy!
Ech hunn Zoppegeméis mat Salz gemixt an iwwer Nuecht bei 80 Grad am Schäffchen gedrëchend. Fäerdeg :-D

Fir drann hat ech geholl:


  • 4 Schalotten
  • 9 Muerten
  • 1 Knuewlékszéif
  • 2 Bond Péiterséilech
  • Staudenzellerie (alt. Knollenzellerie)
  • 2 Péiterséilechwuerzelen (alt. 1 Pastinake oder Bärenklaugréngs a Bléien)

  • 2 Porretten
  • 2 Tomaten
  • 1/2 Paprika
  • 80-100 Gramm Salz (no Goût)
  • e klenge Grapp Kapuzinnerkresseblieder (kann een och fort loossen :-))
  • evtl. kéint een nach e bëssi Maagiskraut dra mixen. Hunn dat dës Kéier fort gelooss.

    Ech hunn d'Salz no an no, portiounsweis, mam Geméis gemixt.

    Fir ze drëchnen gëtt d'Gemësch entweder 1 cm déck um Bakpabeier verstrach oder an Bakschossele verdeelt. Bei 80 Grad konnt et iwwer Nuecht drëchenen. Ech hat dertëscht emol duerchgeréiert. Färdeg gedrëchend gëtt en nacheemol kurz duerchgemixt dass e schéin locker ass, an a Schrauwglieser gefëllt :-D
    Dëse Polver schmaacht excellent a vill méi fein ewéi dee kaaftenen Produit :-)
    Quasi all kaaften Brittpolver am Butték ass matt bëllegen Zoutaaten gestreckt: mat Maisstäerkt, irgend enger Zockerform (meeschtens Maltose), méi Salz, Aroma an Geschmacksverstäerker.