Tuesday, 4 August 2015

Hausmaacher Geméisbrittpolver (Vegan)

Mäi Brittpolver wor eidel: Zäit neies ze präparéieren ;-) Dat geet ganz easy!
Ech hunn Zoppegeméis mat Salz gemixt an iwwer Nuecht bei 80 Grad am Schäffchen gedrëchend. Fäerdeg :-D

Fir drann hat ech geholl:


  • 4 Schalotten
  • 9 Muerten
  • 1 Knuewlékszéif
  • 2 Bond Péiterséilech
  • Staudenzellerie (alt. Knollenzellerie)
  • 2 Péiterséilechwuerzelen (alt. 1 Pastinake oder Bärenklaugréngs a Bléien)

  • 2 Porretten
  • 2 Tomaten
  • 1/2 Paprika
  • 80-100 Gramm Salz (no Goût)
  • e klenge Grapp Kapuzinnerkresseblieder (kann een och fort loossen :-))
  • evtl. kéint een nach e bëssi Maagiskraut dra mixen. Hunn dat dës Kéier fort gelooss.

    Ech hunn d'Salz no an no, portiounsweis, mam Geméis gemixt.

    Fir ze drëchnen gëtt d'Gemësch entweder 1 cm déck um Bakpabeier verstrach oder an Bakschossele verdeelt. Bei 80 Grad konnt et iwwer Nuecht drëchenen. Ech hat dertëscht emol duerchgeréiert. Färdeg gedrëchend gëtt en nacheemol kurz duerchgemixt dass e schéin locker ass, an a Schrauwglieser gefëllt :-D
    Dëse Polver schmaacht excellent a vill méi fein ewéi dee kaaftenen Produit :-)
    Quasi all kaaften Brittpolver am Butték ass matt bëllegen Zoutaaten gestreckt: mat Maisstäerkt, irgend enger Zockerform (meeschtens Maltose), méi Salz, Aroma an Geschmacksverstäerker.

    1 comment:

    1. Hallo hat mer desen link virun langem ofgespeichert an wollt dat Gemeisbrittpolver och mol ausprobeieren.Ech hunn eng Fro dozou .wei laang kann een dat haalen? Muss et am Frigo stoen?.merci. viraus

      ReplyDelete