Insektizide sinn am Grondprinzip Nervegëfter.
Wéi kann iergendeen unhuelen dass Insektenvernichtungsmëttele keng Auswierkungen ob nëtzlech Insekten hunn?
Mir gesinn dass et där Insektenvertilgend Villercher a Fliedermais ëmmer manner ginn; mir gesinn och dass däitlech manner Insekten bei enger laanger Autosrees an eis Glace knätschen. Wéini fänke mir dann un Eent an Eent zesummen ze zielen? De Wirtschaftleche Verloscht vun de grousse Chimiekonzern, déi elo souguer eng Klo wéinst verschiddene Begrenzungen vun Insektizidbenotzung géint d' EU veruloosst hunn, kann dat net rechtfäerdege wat fir eng Folgeschied duerch d' Neonikotinoiden entstan sinn an sech wäerte verschlëmmere géif d' Restriktioun fale gelooss ginn.
Wat geschitt bei Neonikotinoiden?
Nikotin mecht virun allem emol süchteg.
Esou och d'Bestäuberinsekten: Si fléien éischter déi behandelt Planzen
un ewéi déi aner! Wat ass da mat eise Bongerten? Doriwwer
eraus wierken sech déi Gëfter schwächend ob d'Beien aus.
" ... Letal und subletale Effekte auf das Futterbeschaffungs-, Lern- und Erinnerungsvermögen..." , an dann nach
" In einer im Frühjahr 2015 veröffentlichten Feldstudie zeigte sich,dass das Beizmittel Elado (enthält Clothianidin sowie Cyfluthrin), auf Raps angewandt, Wildbienen und Hummeln beeinträchtigte (Abnahme der Populationsdichte von Wildbienen, der Nestaktivität von Einzelbienen, sowie des Koloniewachstums und der Reproduktionsrate von Hummeln)." (Wikipedia)
Si kënnen entweder direkt stierwen oder fannen hire Beiestack net méi erëm, a stierwen dann. Oder si halen et duerch an fidderen verseuchte Pollen
un hir kleng Larven déi schonn "drogéiert" ob d' Welt kommen... Wéi
kann dat engem nëmmen usazweis richteg erschéngen?
Virwat denkt eis Gesellschaft wéi sou oft just drun de Porte-Monnie ze
fëllen? Wat maache mir da wa keng Bestäuber méi do sinn? Lafen dann déi
vum Chimiekonzern mam Pinsel iwwert Felder fir dat nees gutt
ze maachen? Ech mengen net... A virwat mecht de Bauereverband do mat?
Et
gi jo net nëmmen Neonikotinoiden. Och aner Insektegëfter gi gesprutzt.
Wéi zum Beispill d' Wierkstoffer Disulfuton, Malathion oder Naled.
Dëse Leschtgenannten zerfält bei Kontakt mat Waasser oder Sonn ganz
séier zu Dichlorvos. Bossegerweis ass Dichlorvos säit 2012 net méi an
der EU zougelooss. E stéiert d' Funktioun vun den Nervenzellen
an ass fir wirbellous Déieren, Villercher, Fësch a Bestäuberinsekten als
äusserst geféierlech agestuuft ginn, an huet e
méiglecherweis cancerogent Potential.
Eis Felder sinn net nëmme mat enger Chemikalie belaascht. Vill Zorten treffen openeen:
"Nach einer im Frühjahr 2015 in Deutschland veröffentlichten Studie waren bei der Hälfte aller in Gewässern nachgewiesenen Insektizide weltweit die gefundene Konzentration höher, als sie laut behördlichen Zulassungsverfahren sein dürfte. Die amtierende Präsidentin des deutschen Umweltbundesamts warnte, besonders kleinere seien hoch belastet und würden auch noch zu wenig überwacht." (Wikipedia)
Lo nach eemol ob de Grondproblem zréck:
Monokultur bedeit: Déi selwecht Planzen eng Jett niewentenee
beieneen an hannerteneen. E Paradies fir Parasiten! Dës si jo
meeschtens op eng Zort Planz spezialiséiert. A Monokulture kënne si Eeër leeën, sech vermehren wéi blöd a Friessorgië feieren bis zum vergasen... Géife mir lo de Problem bei der Wuerzel paken anstatt Gëfter ze versprëtzen géifen mir Planzen niewentenee setzen déi sech d'Schädlinge géigesäiteg vum Leif halen!
Dat géif ower ee Grondëmdenken vun
eiser Landwirtschaft a vum ganze System erfuerderen. Dat ass awer
éischter onwahrscheinlech. Do misst vu staatlecher Säit eppes ënnerholl
ginn. Grouss Felder voll Raps a Mais fir an d'Biogasanlage
missten ënnersot ginn. Eenzelner sinn amgaangen eis esou vill ze
zerstéieren, just fir e puer Kröten ze verdéngen. Biogas ass da sënnvoll
wann déi Leit ouni Kompostkoup eng Extradréckskëscht kréie
fir hire Kichenooffall un d'Anlag ofzeginn... sou wéi et op verschiddene Plazen am Land jo well de Fall ass.
Eis Iesswuereproduktioun kéint sech e Beispill un moderne klengen ökologesche Gäert huelen.
Wéi un dëser Famill hei,
déi matt 1,5 Hektar Land 200 Familljen an der Ëmgéigend ernähren, an
e Joeresemsatz vun 140.000 $ hunn. Eng gesond a produktiv Mëschkultur!
No comments:
Post a Comment