Et kann een d'Knospen réi knabbelen oder broden. Aus de jonke Blieder vum Weblad léisst sech och e Pesto zoubereeden. Och an engem Smoothie kënne se Verwärtung fannen ;-)
Fir Verbrennungen, Insektestëch a Wonnen ze fleegen, zerreift een d'Weeblad an sengen Hänn bis de grenge Jus erauskënnt oder zerknaat en zu Brai. Dëse gëtt direkt op d'Wonn opgedroen. Fir en haalbar ze machen gëtt aus dem Kraut eng Tinktur oder Salef hiergestallt, oder fir en Téi gedrëschent.
Ausserdeem léist sech ee wirksamen Houschtsirup domatt hirstellen!
Fanne kann een d'Weeblad a Wisen oder nierwend Landstroossen oder Spazéierweeër. Oder, wann dir äre Gaart natierlech loosst, och an ärem Gaart.
No comments:
Post a Comment