Hallo Dokter Peffer?! |
Ënnert de Blieder hun ech matt enger Sprutzfläsch geprutzt, an duerno matt enger Stränz iwwert d'Planz genat |
Kalauszich si géint iwwerméissegen Befall vun Schiedlingen, a virun allem fir d'Stärkung vun der Planz.
Bei engem Pilzbefall u Rousen oder Uebst huet sech een Auszoch aus Ackerschachtelhalm bewährt.
Et sinn zwar nach e puer Laisercher drunn, mee sou soll dat jo och sinn an der Natur. De Kiischtebaam huet elo d'Chance méi widerstandsfäheg ze ginn! (Hien ass réicht zanter März an eisem Gaart ;-) ) |
Ech hun viirsiichtshalber d'déck Boune matt agesprutzt, nët dass d'Lais vum Kiischtebam riwwer ob d'Boune flüchten! ;-) Matt deene si se nämlëch obmannst genau esou frou! |
E Kalauszoch ass kee Piff. Piff gëtt 14 Deeg an engem Gärdëppen matt Deckel gäre gelooss, an as en natiirlechen Dünger. Am Bëschte gëtt no dem Ofseien nach e bësse Gesteensmiel (50 Gramm pro Liter) ageréiert. De Piff ass voller Stéckstoff, Kalium a Phosphor. Dësen muppst och sou schéin! :-D E gëtt 1:10 bis 1:20 verdënnt bei d'Wuerzelen gegoss. Net op d'Blieder, do kann e Verbrennungen veruersaachen!
Brennnesselen si wichteg am Gaart! Nët nëmmen als wonerbar Ergänzung vum Iessen, mee och als Dünger, Lausverdreiwer, a si sinn och fir eis Päiperlécken eng virrangeg Nahrungsplanz an e Quarteier fir hir Raupen!
No comments:
Post a Comment