Ech hunn d'Auberginnen de laange Wee a 4 Millimeter dënn Scheiwe geschnidden, matt Olivenueleg bepinselt si gepeffert a gesalzt an 8-10 Minuten op der iwegter Schinn am Schäffchen bei 200 Grad mëll gi gelooss.
Fir d'Fëllung hunn ech déi Zäit eng Schalotte an 2 Zéiwen Knuewlék gedënst, en halwen Paprika an 3/4 Barquette Champignonen kleng gehackt an matt dem Banneschten vun 3 ausgehillegten Tomaten kächelen geloos. Dun hunn ech 4 Iessläffelen Sonneblummekären geréischtert, a matt 4 Iessläffelen Hanfsom, kleng gehacktem Péiterséilech, Basilikum an e Grapp voll kleng gehacktem Wasserdost gemëscht a matt Salz a Peffer ofgeschmaacht.
Ech hunn déi ausgehillegt Tomaten gefëllt, an eng feierfest Schossel ginn, op d'Auberginnescheiwe jeweils een Iessläffel Fëllung ginn an zesummegerullt doniewt gestallt. Du koum dat Ganzt nachemol fir 10 Minutten an de Schäffchen :-D
Dobäi gouf et Räis.

Déi sinn an de Verruff geroden, wëll den Eenzelstoff an der 10.000 facher Konzentratioun iwwer eng laang Zäit klenge Maisercher gesprutzt gouf, an bei deenen Liewerschiedegungen oder Liewerkriibs hervirgeruff huet... Studien... :-/
Am natiirlëche Gebrauch vun deene Planze si beim Mënsch ower iwwert honnerte Joer nie Niewewierkungen bemierkt ginn. Ech schreiwen ët ower dobäi, da ka jiddereen fir sech selwer entscheeden ob en dat Kraut wëll benotzen. An dësem Rezept kann een ët och ganz einfach duerch Oregano oder Basilikum ersetzen ;-)
No comments:
Post a Comment