Den Notzhanf emfaasst eng 42 verschidden Zorten Hanf déi een THC Wärt ënner 0,3%, also keng berauschend Wierkung hunn.
De séierwuessenden Rohstoff bitt Hanffasere fir ënnert anerem Seeler ze dréinen, als Dichtungsmaterial ze benotzen oder fir Stoff ze wiewen. D'Blieder als wierksamen Téi, den Harz als antibioteschen ätherëschen Ueleg an de Som fir ze baken an ze knabbelen, als Mus, als Ueleg gepresst oder als Drink.
Hanfsom schmaacht nët nëmmen superlecker, mee et as ee "Superfood". En enthällt all déi essenziell Aminosaieren déi de Mënsch brauch, Vitamin E a B, och Vitamin B2 an dat däitlech méi ewéi an déiereschen Produiten.
Hanf fuerdert de Muskelopbau an d'Muskelreparatur. D'Fetter am Hanf hunn déi optimal Omega 3 a 6 Balance, entgëften de Kierper an enthalen déi wichteg Gamma-Linolene-Säier wat sech positiv ob Entzündungen am Kierper auswierkt.
Hanfsom kritt een am Biobutték ze kaafen.
De Notzhanf gett hei am Eislék op Felder ugebaut. Wëll et eng robust Planz ass, verzicht och de "konventionnellen" Ubau op Pestiziden! :-D
Zudeems lockert den Hanf als déifwuerzler (bis zu 3 Meter!!) de Buedem op, an ass eng optimal Virkultur fir eng Wantersaat.
An Europa brauch een als Landwiert eng spezial Genehmegung fir den Notzhanf unzeplanzen, verbonnen matt strengen Oblagen a Kontrollen. Privatpersounen as den Ubau vun Notzhanf nët erlabt :-/
No comments:
Post a Comment