De Beinwell fënnt een ob naassen bis Sumpfegen Wisen a Lichtungen ob nährstoffräichem Lehmbuedem.
Iessbar sin seng Bléien réi oder am Geméis gedënst, jonk Stiller als Pane Geméis an d'Blieder klengeschnidden an Zaloten oder waarm Gedënst, ausgebaak oder als Roulade Blat benotzt.
D'Wuerzel kann ee réi Iessen, als Geméis kachen, oder gedrëchend a geréischtert als "Kaffi" drénken.
De Beinwell gehéiert zu den Eenheemeschen Wëll an Heelkraider an ass dobäi nach eng wichteg Brommelersplanz! E wiisst am Schied, laanscht d'Bëscher oder och op fiichte Wisen.
Seng Blieder si ganz behoert a rau wann dir se upaakt. D'Bléien sin längelzech Glackeförmeg. D'Blieder sin méi Spatz zoulaafend, an d' Ränner dovun sin éischter glat. De Stängel as kanteg an "gefligelt" um Rand.
Fréih am Joer, wann nach keng Bléien dru sinn, muss ee gutt oppassen dass een d'Planz net mam Fangerhut verwiesselt! Den ennerscheet ass am bäschten un de Blatränner ze erkennen: de gëftegen Fangerhutt huer gezännten Blatränner an e ronne Stängel!
Heelwierkung:Beinwell huet vill Allantoin a senge Blieder an am meeschten an der Wuerzel. De Beinwell get bei Knachebrech, Verstauchungen, Prellungen, Broschtdrüsenentzündungen, Zerrungen, Verbrennungen an oppenen Wonnen benotzt. E wierkt beschleunegend bei der Zellbildung an beim Zellopbau . Doriwwer eraus ass den Tausendsassa och antibakteriell, entzündungshemmend, ofschwëllend a schmäerzlinderend!
Wat Beinwell als Geméis ugeet: Am Beinwell sinn a ofwiesselnde Konzentratiounen Pyrrolizidinalkaloiden dran.
Tester matt der 10.000 facher (!!) Konzentratioun vum Eenzelstoff hunn erginn, dass dës bei heefegem Konsum liewerschiedegend an eventuell kriibserreegend kënne sinn.
Joerhonnertelaang as de Beinwell a gréissere Mengen als Geméis benotzt gin ouni dass Schiedegunge beim Mënsch festgestallt goufen. Bei eis kënnt en och heiansdo ob den Dësch, well an "normalen" Quantitéiten ass Beinwell onbedenklech. Do kann jiddereen fir sech entscheeden wéi en daat astuuft, mee ech wollt ett ower gesoot hun :-D
No comments:
Post a Comment