D'Kinnékskäerz gëtt meeschtens gedrëschent als Téi benotzt (Blieder a Bléien). Wéi bei alle Planzen gëllt et natierlëch respektvoll domatt ëmzegoen an nëmmen eenzel Bléien vun der Käerz ofzedréinen. Nëmmen esou ka si sou laang bléien, den Pollesammler nëtzlech sinn, a sech och selwer nees ausséinen. :-D
D'Bléie kann een och matt a Limonaden oder Sirup maachen. Si schmaache liicht séiss, matt engem Hauch Äppelschnëtz. Dra si Flavonoide, Vitamin B2, B5, B12, an D!
Virun allem ass d'Kinnékskäerz ower eng Heelplanz an huet entzündungshemmend antibakteriell an antiviral Wierkungen. Besonneg gëtt si bei Erkältungskrankheeten a Longenerkrankungen benotzt. Äusserlech hëllefen zerdréckte Blieder bei der Wondheelung a Verbrennungen!
De Som ass en Narkotikum, dat fréier bei Operatiounen benotzt gouf. Bei den Indianer gouf d'Kraut "gereechert".
D'Kinnékskäerz fënnt een op sonnege Plazen, a Bëschliichtungen a Wisen matt nährstoffräichem Buedem.
D'Kinnékskäerz bléit vun Juli bis September am zweete Joer, a kënnt da selwer nët méi zréck, séint sech ower nees aus. Ech hu der lo säit 4 Joer am Gaart. Matt hieren 2 Meter Héicht ass et eng immens schéin an impressionnant Planz, a super nëtzlech! :-)
No comments:
Post a Comment