Brennnessel

Brennnesselen sinn eppes fäines! Fir ze sammelen halen ech ëmmer eng Seibecken ënnert Planz, schneide just d'Spëtzten of, a kann se dann direkt ënner fléissend Waasser ofspullen (wann et misst sinn) a kippen se och direkt aus der Seibecken an d'Pan ouni se eng Kéier missen unzepaken. ;-) Brennnessele sinn e super gesond Geméis, matt villen Flavonoiden, Magnesium, Kalzium an Silizium ower och vill Eisen.
Brennnesselen hu 7 mol méi Vitamin C wéi Orangen! Provitamin A fënnt een och dran, 4 Mol souvill Eisen ewéi ee Beafsteak an een immens héigen Eewaissgehalt (40% méi héich wéi Soja)!
Dat Allerbescht: Brennnesselen fënnt een sou gutt wéi iwwerall, si si liicht ze erkennen an se kascht och nach näischt ;-)
D'Blieder ginn als Geméis, an der Zopp, ausgebak, oder esouguer als Pesto verwäert! :-)
D'Bléien kënnen als iessbar Deko an als Zalot giess gin. De Som gëtt als Nährstoffliwwerant iwwert Iessen gestreet.

Brennnessel als Heelkraut:
Den Téi ass entgëfftend, entschlackend, stäerkt d'Immunsystem a réguléiert de Blutdrock.

D'Brennnesselkraut ass een "Aquarethikum": si hëlleft bei Harnwee-Infektiounen. Duerch den héigen Kaliumgehallt sruegt si nëtt nëmmen fir eng optimal basegen Urin, mee verdënnt dësen an duerchspullt d'Harnweeër.
Bei Prostataproblemer (Vergréisserung an Symptomer): d'Wuerzel vun der Brennnessel huet bei 81% vun 558 Patienten an enger Studie esou gehollef, dass eng aaner Behandlung iwwerflësseg gin ass!

"D'Brennnessel hëlleft géint Rheuma" daat huet bestëmmt jiddereen schon mol héieren wann e sech un enger gepickt huet ;-) dësst stëmmt a gewëssem Sënn... nëtt vun der Nesselsäier wann ee sech pickt, mee beim Iessen vun ob mannst 50 Gramm Brennnesselgeméis den Dag! An enger Studie vun der Uni München ass erausfonnt ginn, dass Rheumaspezifech Blutwerter, Steifegkeet an de Schmärz em 70 Prozent gesenkt konnte ginn!

Och am Gaart ass d'Brennnessel en Heelkraut; een Iwwergéissen matt Britt stärkt d'Planzen a mëcht si widerstandsfäheg géint Schiedlingen. An e Piff aus der Brennnessel versuergt de Buedem optimal matt Nährstoffer an ersetzt all Konschtdünger.

No comments:

Post a Comment