A méi waarme Géigenden wiisst de Gewierzfenchel wëll. Hien ass awer och hei eng ausdauerend Planz, déi sech lount an de Gaart ze setzen!
Iessbar si seng fein gefiedert Blieder matt de Stiller, als Geméis an der Zalot oder an Zoppen. Méi spéit kënnen d'Bléien als iessbar Deko, an Zaloten oder als Gewierz benotzt ginn.
De Som ass dee bekanntesten Deel vum Gewierzfenchel. Et huet bestëmmt scho jiddereen eng Tas Téi dovu gedronk ;-) An der indescher Kichen gëtt de Som ganz vill am Curry, oder nom Iessen als "Monderfrëscher" benotzt. Dëse Fenchel kritt nët déi déck Knollen, mee dofir kënnt hien all Joers zréck.
Heelwierkung: De Fenchel senkt liicht de Blutdrock a wierkt krampfléisend bei Verdauungsproblemer an Daarmkoliken. Äusserlech soll hie bei midden Aen als Emschlag hëllefen. Seng ätherësch Uelecher sinn och nach schläimléisend an antibakteriell. Fenchelstéi hëlleft bei der Mëllechbildung bei nierende Mammen an d'Babie verdroen och den Téi ganz gutt.
No comments:
Post a Comment