Ech hat nach e Rescht Tomatenzooss an zwou Auberginnen ze verwäerten... Lo gëtt et entweder Lasagne oder gefëllten Auberginnen. Ech hu mech fir di méi séier Variant entscheed ;-)
Ech hunn d'Aubergin eng Sträif iwwert di aaner wéi een Zebra geschielt an am Olivenueleg ronderem ugebroden. Den Deckel drop gesat a bei mëttler Hëtzt mëll gi gelooss.
Déi Zäit hunn ech Sonneblummekären an Hanfsom am Dëppen ouni Fett liicht ugeréischtert an e Läffel dovu fir driwwer ze streeën erausgeholl.
Dunn hunn ech einfach meng Zooss vum Dag virdrunn driwwer ginn a matt Kanéil, Chillipolver, nach e bëssi Salz a Peffer, gehackte frësche Péiterséilech, Koriander a Peffermënz ofgeschmaacht.
D'Aubergin hunn ech op den Teller gehuewen, e Schlitz an d'Mëtt geschnidden a matt der Kären-Zooss Mëschung gefëllt.
Matt de reschtleche Kären an e puer frësche Kraider bestreet zervéiert.
No comments:
Post a Comment