Ei, Gehiirfrascht-Alarm :-D
Fir dëse Granité, hunn ech ganz einfach 450 Milliliter Waasser, 1 Iessläffel Matcha, en halwe Bond Basilikum, eng hallef Zitroun an 100 Milliliter Agavendicksaft zesummegemixt, an iwwer Nuecht an den Tiefkühler gestallt.
Moies fréi hun ech en aus der Truh geholl an an de Frigo gestallt, a Mëttes 2 Iessläffel fruchtegen Olivenueleg (deen e bëssen no Apel schmaacht) dobäi ginn, mam Pürréierstab doduerch gemixt an direkt zervéiert.
Méi schnell Alternativen (fir ee mat engem gudde Mixer ;-) )
Alles matt nëmme 50 Milliliter Waasser umixen an dat reschtlecht Waasser duerch Äiswierfelen ersetzen. Duerchmixen an an eng virgekillten Schossel ginn. Evtl. nach emol kuerz an den Tiefkühler domatt.
Wien am stolze Besëtz vun enger Glacemaschinn ass, kann dat Ganzt natirlech einfach dodranner ginn a 15 Minuten dréine loossen.
No comments:
Post a Comment