Tuesday 16 June 2015

Courgettespaghetti matt enger Paprikaszooss, Hanf-Parmesan an frëschem Basilikum (Vegan)

Déi éischt Courgette fir dësst Joer ass schon zeideg :-D Zäit fir de Spaghettischieler nees aus dem Tirang ze kromen!
Courgetten bidden sëch herrlech als Spaghettien un, et ass schnell geschitt, einfach gemaach, a lecker!
Déi als Spaghettie geschnidde Courgetten ginn entweder e puer Sekonnen an d'Salzwaasser gezappt, oder matt kachendem Waasser iwwerbréiht. Et kann een si och just kuerz virum Zervéieren an d'Zooss ginn, an se dodra waarm zéie loossen. Ech hat se kuerz gezappt. Drop koum haut eng schnell Paprikaszooss, fir déi ech e Gielen an e Roude Paprika kleng geschnëppelt an am Olivenueleg ugedënst hunn. Matt zwou gehacktenen Knuewlékszéiwen, e Läffel Geméisbrittpolver, enger gewierfelter Tomat, Peffer, Salz, Péiterséilech an Dost, engem Iessläffel Tomatemuerg an enger klenger Tas Waasser hunn ech d'Zooss 10 Minutte brutschele gelooss.
Dobäi koum een Hanf-Parmesan aus 4 Iessläffelen geschieltem Hanfsom, engem Iessläffel Hiefflacken a Salz, an natierlëch frësche Basilikum. Zesummegeréiert, fäerdeg. :-)

Hanfsom schmaacht nët nëmmen superlecker, mee et as ee "Superfood". En enthällt all déi essenziell Aminosäieren déi de Mënsch brauch, Vitamin E a B, och Vitamin B2 an dat däitlëcch méi ewéi an déierëschen Produiter. Hanf fördert de Muskelopbau an d'Muskelreparatur. D'Fetter am Hanf hunn déi optimal Omega 3 a 6 Balance, entgëften de Kierper an enthalen déi wichteg Gamma-Linolene-Säier wat sech positiv ob Entzündungen am Kierper auswierkt.

No comments:

Post a Comment