Déi zweet Saach aus den Hielännerbléien ass e Gebees gin, gemëscht matt e bëssi Routkléi... ;-)
Ech passen ëmmer gär e bëssi op dass ech déi Bléien déi eis Pollesammler grad brauchen nët zevill stibitzen, dofir gëtt ët haut e bëssi gemëscht. Um Spazéierwee stinn eng 8 Hielännersträicher déi graad eréicht ufänken matt bléien, an e Feld voll Routkléi.
18 Dolden Hielänner, eng Bio-Zitroun a Scheiwen an zwee Gräpp Routkléibléien an 900 Milliliter Waasser iwwer Nuecht zéien loossen, kuerz opkachen an ofseien.
De Jus vun enger Zitroun matt 500 Gramm Geléierzocker 2:1 (mat Aapelpektin als Geléiermëttel) aréieren a 5 Minutte kachen loossen. An ausgekachte Glieser fëllen, a fäerdeg! ;-D
No comments:
Post a Comment