Fir en Dräiblat-Cooler einfach e Grapp Dräiblat (Buedemhielänner/Giersch) mat enger Strutz Agavendicksaft an 1,5 Liter Wasser am Highspeed-Blender mixen. De gudde Goût vum Dräiblat wäert Iech neess séier zum Mixe beweegen. Sou e Liter an en halwen ass jo och net esooouu vill... ;-) Besonnesch bei esou warmen Deeg ewéi haut déi Alternativ zu soss séissen Optiounen!
D'Dräiblat (Buedemhielänner/Giersch) fënnt een op schietegen Plazen. Besonneg um Rand vu Bëscher oder hannert Hecken.
De Geroch an de Goût erënneren un eng Mëschung aus Wuerzelen a
Péiterséilech. Giersch wiisst immens gutt, a war iwwer Jorhonnerte
beléift well et dat éischt Geméis am Joer war, wat d'Leit mat Vitaminne
versuergt huet.
De Buedemhielänner huet vill Kalzium, Kalium,
Koffer, Zénk, Mangan, Magnesium a Flavonoiden. Zudeems huet e 4 mol méi
Vitamin C wéi Zitrounen, vill Vitamin A an Eewäiss.
An net ze vergiessen: E schmaacht immens gutt - a kascht näischt. ;-)
Defteg ewéi och séiss eng Delikatess!
Hei nach en anert Rezept mat dësem immense Geméis:
Dem Plato seng léifste Fajitas
No comments:
Post a Comment