Thursday 24 May 2018

Wisebäreklau-Minestrone (vegan)

En Teller voll Proteinen a Calcium!

D'Wisebäreklau ass do! :-D E gudde Moment fir déi jonk Blieder ze sammelen an ze notzen. Dës Pastinakeplanz waart an de Wisen op Iech a verwinnt Iech mat sengem feine Goût a gesonden Inhaltstoffer.

Am Osten ass d'Wisebäreklau een Haaptbestanddeel vum Borschtsch, also däer leckerer Routrommelszopp. Mir maachen se haut an e Klassiker aus dem Süden: an d'Minestrone! :-D

Duerfir: Schung un, Händschen un an eng Seibecke voll Wisebäreklau fänke goen. 

Fir d'Minestrone braucht Dir eng bont Mëschung Bounen, Lënsen, Ierbessen a Kar (déi kritt Dir och fäerdeg gemëscht ze kafen). Déi musst Dir natierlech den Dag virdrun aweechen, duerfir net ze kuerzfristeg plangen. ;-) Maacht beim Aweechen e Läffel Natron an d'Wasser, da gi se méi séier mëll. Och an d'Kachwaasser kënnt ee Läffel Natron, da si se immens séier duerch (knapps 30 Minutten... ëmmer nees dru schmaache fir de Moment net ze verpassen ;-) ).

Wat een alles fir d'Zopp brauch ass:
  • 2 Gromperen
  • 1 Ënn
  • 2 Zéiwe Knuewelek 
  • 2 Muerten
  • 1 Liebstöckel
  • 1 Tomate pelée
  • 1 Lorberblad
  • 2 Neelcheskäpp
  • Geméisbrittpolver
  • Salz a Peffer
Dir loosst also Är Boune kachen. An där Zäit gëtt alles vu Geméis (och d’Wisebäreklau) kleng geschnidden an an engem Dëppen mat e bëssen Olivenueleg ugedënst. Wa se duerch sinn, kommen d’Bounen dobäi an dat Ganzt gëtt mat der Dous Tomate pelée an 3 Douse Waasser opgefëllt. Huelt heifir einfach d'Dous vun der Tomate pelée als Miessbecher. ;-) De Rescht vun den Zoutate bäiginn, réieren, an nach op d'Mannst 30 Minutte kächele loossen.

Gitt heiansto dru richen. Da kritt der Zäit gutt rëm, an dir gitt ëmmer méi hongreg. :-)

Dra passt och nach frësche Basilikum a fir de Crunch liicht ugeréichtert Wëllkar.

E Gedicht déi Minestrone! A consommer sans modération, wéi se a Frankräich soen.

No comments:

Post a Comment