Thursday 17 May 2018

Réiderchersgréngs Pide

Wat de Bauer net kennt on Tour :-)

Mir sinn ënnerwee am Parc naturel des Baronnies Provencales, an hu bei eisem Gîte e Pizza-Uewen. Dee gehéiert probéiert! ;-) Wann Dir gäeren am schéine Gîte du Cladan reservéiere wëllt a 15,-€ spuere wëllt, da klickt op dëse Link.
An dee Pizza-Uewe koum eng (net ganz) tierkesch Pide :-) an zwar mat Réiderchersgréngs!







Natierlech klappt dat och ganz gutt an engem normale Schäffchen; einfach op de Maximum Virheizen, mat Ënnerhëtzt a mat Ëmloft, an dann d’Pide direkt um Buedem vum Schäffchen 6 Minutte baken.

Den Deeg hu mer ähnlech dem Pizzadeeg gemaach (just keng Schmull dran):

  • 360 ml wotlecht Waasser
  • 2 El réien Zocker
  • 1 Pak Drëchenhief
  • Miel
  • Téimermännchen (Thymian)
  • 1 El Salz
  • e Schotz Olivenueleg.


Dee muss dann eng Stonn stoen. 


Du sollte mir den Uewen mat Holz op 280 Grad virheizen… dorausser sinn 3 Stonne ginn! LOL :-) (Neen, ech wëll doheem kee Pizzauewen… nee nee :-) )


Fir d’Fëllung koum an eng Pan:



  • eng graff geschnidden Ënn, 
  • d’Gréngs vun de Réidercher, 
  • eng graff geschniddene Paprika 
  • eng Tomat, 
  • Peffer a Salz. 




Dat Ganzt gëtt just ganz kuerz gebroden bis d’Gréngs zesummegefall ass. (D’Fëllung schmaacht och als “Ragout” bei Gromperen oder Räis ganz lecker!)


Den Deeg gëtt a 5 gedeelt an oval ausgerullt. Da kënnt Fellung drop an de Bord zu engem Schëffelchen eropgefaalt. An da gëtt gebak.




Ech muss zouginn dass d’Holzfeier awer schon en immense Goût ofgëtt, trotzdem war mir dat e bëssi ze ëmständlech...Feier maachen, waarden, noleeën, Temperatur kontrolléieren, noleeën, oppassen dass d’Feier och schéi mëtteg brennt, Temperatur kontrolléieren, waarden… No 3 Stonne d'Glous op d’Säit, propper kieren, a lass :-) 1 ten Duerchlaf baken, Temperatur kontrolléieren, Feier neess mëtteg leeën a bei Besoin neit Holz drop, waarden, op d’Säit mam Holz, propperkieren, an op en Neits :-) Hihi, Slow Food 3000. Mee dann ass een och wéinstens richteg hongreg. ;-)


No comments:

Post a Comment