Fir d’ Bällercher hunn ech e
- Glas Quinoa an der duebler Quantitéit Waasser opgesaat, an no 5 Minuten
- giel Lënsen an
- 1 Glas Waasser dobäi ginn. Nach 5 Minuten duerno koumen
- 1/2 Glas Huewerflacken,
- Salz an
- 1 Grapp Hiefflacken dran.
Dat däerf dann nach 5 Minutte mam Deckel zou stoen.
Am Mixer gëtt dësst zesumme mat
- Peffer zu enger ganz Pëscheger Mass gemixt, an et gët en décke Grapp gehackene
- Bärlauch ënner gemëscht.
D’Mass hält ganz gutt zesummen a kann an den Hänn einfach zu Bällercher geformt an an der Pan gëlle gebrode ginn.
Fir di wotlech Zalot, gouf
- eng Wuezel an
- eng Cornichong spiraliséiert, a mat de gekachtene Spaghettien vermëscht.
Als Vinaigrette koum de Jus fun
- 1/2 Zitroun,
- Uelech,
- Moschter,
- Peffer a
- Salz driwwer.
Fir de Crunch gouf an enger Pan mat Uelech
- e Grapp voll kleng hallef Kichererbsen (drëchene Chana Dal) ugebroden mat e
- puer gedrëchenten Chillien. Ganz kuerz an d’Pan kënnt frësche
- Bärlauch a Moschterkären.
No comments:
Post a Comment