Brennnesselgoodness! :-) Et ass nees Zäit fir e lecker Curry ;-)
Dofir hu mir eng Schossel Brennnessele gepléckt, a kuerz ofgewäsch.
An enger Pan ouni Ueleg goufen
- Hanfsom,
- Sesam a
- Kokosraspelen
ugeréischtert, an dann zesumme matt enger Dous Kokosmëllech an e Mixer ginn.
An d’Pan koum dunn Ueleg fir d’Gewierzer “unzebroden”, dat waren
- Moschterkären
- gemuelene Koriandersom
- Chilli Polver
- Peffer
- Kreuzkümmel
- Kurkuma
- Fenchelsom
- Ingwerpolfer
- ganz, gedrëchend Chillien
- Asafoetida an Neelcheskäpp
Dobäi koum:
- eng geschnidden Ënn
- zwou Zéiwe Knuewelék
Wann déi e bëssen ugedënst sinn
- 3 gewierfelt Tomaten
- déi gehackten Brennnesselen
- an eis Zooss aus dem Mixer
den Deckel drop, an da kann dat 3 Minutte kache. Fäerdeg :-D
Fir ze zervéieren koum nach gehackte Peffermënz, Saueramper a ganzen geréischterten Hanfsom driwer.
No comments:
Post a Comment