Monday 25 May 2015

"Allium" e olio ;-) (vegan)

De Klassiker, verfeinert mat Alliumbléien.
D'Alliumbléien hunn ee ganz feinen Ënnegoût, a passe super an dee klasseschen Italieneschen Plat! Alternativ kann een och d'Bléie vum klenge Cousin vum Allium, vun der Bratzel, dofir benotzen. Eng Freed fir de Gomm an d'A!

Je no Goût 1/2 bis e ganzen Kapp Knuewlék hacken, am Olivenueleg liicht ubroden a sou wéi een d'Schäerft gäeren huet 1-2 (oder méi) gedrëchent Chillischoten zerbröselt dobäi ginn. Een Téiläffel Geméisbrittpolver mat zwee Läffele Nuddelskachwaasser dra verréieren.
Vun der Plakk huelen, weider Olivenueleg dobäi ginn, a matt engem Sprëtzer Zitroun, schwaarzem Peffer aus der Millen a Salz ofschmaachen. E bësse gehackte Péiterséilech an en Deel Bléien vum Allium dobäi ginn. Matt den am Salzwaasser gekachten Spaghettien vermëschen an Alliumbléien a Péiterséilech driwwer streen.


Den Allium gehéiert zu menge Lieblingsplanzen am Gaart!
Si ass Famill matt der Porrette a gëtt ëtt a ville Variatiounen, déi vun Mee bis September oofwiesselend an der Bléi sin.
Och d''Beien si ganz frou domatt!
D' Verwandschafft matt dem Bratzelstack ass onschwéier ze erkennen. Loosst dëse roueg an d' Bléi kommen, d'Pollensammler si frou domatt, an d'Blummen loossen sech genau esou verwäerten ewéi d'Gréngs!

No comments:

Post a Comment