Sunday 17 May 2015

Operatioun Geméisgaart

Et kënnt et mir fir wéi wa Schleecken onvirstellbar gewëtzen Déiercher wieren. Deslescht hunn ech ee virun eiser Hausdir erwëscht, wou e sech Mission Impossible-Style matt sengem Sekret ofgeseelt huet. O_o
Hei den Ethan Hunt ënnert de Schleeken. Et gesäit e bëssen esou aus wéi wann e sech ertappt fillt. ;-)

D'lescht Joer sinn ech bal u mengem Zalotegaart verzweifelt. All Kéiers wann ech eng kleng Zaloteplänzchen ageplanzt hunn, oder d'Wierzelcher ugefaangen hu matt spriessen, woren den Dag drop d'Schleeken domatt husch.

Ech hunn du vun engem héieren, deen vun engem héieren huet, deen gemengt huet ;-) iwwert zerbréckelt Eeërschuele géife Schleeken nët "goen".
Dat war jo ower mol en Experiment wäert, a wat soll ech soen: bis elo stinn eis Zaloten nach!

Ech hunn zwar scho Schleecken erwëscht, déi sech laanscht gewurschtelt haten mee ech hat nach net genuch Schuelen fir de Kallék-Schutzwall zou ze maachen. D' Zaloten sin elo grouss genuch fir daat ze iwwerstoen. To be continued...

Déi Saach matt de Schleeken:
Nët all Schleek as e Schädling; déi schéin déck Wäibiergschleeken matt den Haisercher vertilgen matt Genoss d'Eeër vun de gefréissege plakegen Schleeken. Schleekegëft mecht do ower keen Ënnerscheed, duerfir benotzen ech dees keent méi. Schleeke sammelt een am beschte Moies wann et nach fiicht ass am Gaart of. Vill fannt der der op de Pissblummen, wann dir déi bis am Gaart hutt. Soss: Rhubarbsblieder op d'Wiss leeën, a se Moies drënner ofsammelen. ;-)
Virwat kommen ëmmer méi Schleeken an de Gaart? Daat kënnt dir hei nooliesen!


No comments:

Post a Comment