Thursday 14 May 2015

Vegane Schokolasbotter

Fir kleng Schleckermailercher wéi mengerengt ;-)

't éischt réischteren ech 2 Tasen Hieselness an der Pan (ouni Fett). Déi fléien dann nach waarm an e gudde staarke Mixer (blender). Dobäi kommen zwee Iessläffelen Kokosbotter (Bio, net desodoréiert), een Iessleffel Mandelmus, drai Iessleffele Cacao ("richtege" Cacao-Pudder, net Nesquick ;-)...), e bësse Vanille (eng hallef Staang) an eng 3/4 Taas hausmaacher Mandelmëllech. Dann uerdentlech Agavendicksaft dropgesprutzt, an eng Pautz Salz. Da mixe bis alles Bräi ass. Fäerdeg ass de Schokolasbotter ouni Palmfett! :-D

Hei d'Photo Sekonne virum spurlouse Verschwanne vum Schokolasbotter. ;-)

No comments:

Post a Comment