Saturday 16 May 2015

Brennessel-Rhubarbscurry matt Hausmacher-Tofu op Quinoa (vegan)

Rhubarbszäit! Juhuhh! Wollt schonn ëmmer eng Kéier teste wéi Rhubarb schmaacht wann een en net Séiss präparéiert. A kuck do: D'Saier vum Rhubarb passt ganz gutt an e Curry! En zerfält ower zimlech schnell, wat eigentlech och positiv ass well d'Zooss ganz sämeg mécht. Déi nächste Kéier probéieren ech ower aus wéi et gëtt wann een e just zum Schluss 1 Minutt mattkächelen léisst. Hätt iergendwéi gären nach e bëssi méi vum Rhubarb gehat ;-)

Ech hunn den Tofu am Kokosnossueleg ugebroden bis en eng liicht gëllen Faarf hat.  Ech hunn en aus der Pan geholl, Brennnesselen, Rhubarb a Knuewelek dran ugedënst, da mat Currypolver bestreet, eng frësch Kurkumaknöllchen drageraspelt a matt Kokosmëllech ofgelescht. Den Tofu an eng gewierfelt Tomat kuerz matt dran, an eng Kéier opkache gelooss. Duerno matt Salz a Peffer ofgeschmaacht, an op Quinoa mat gehackte Kraider a Vergissmeinnichtbléien bestreet servéiert.

Brennnesselen sinn eppes fäines! Fir ze sammelen halen ech ëmmer eng Seibecken ënnert Planz, schneide just d' Spëtzten of, a kann se dann direkt ënner fléissend Waasser ofspullen (wann et misst sinn) a kippen se och direkt aus der Seibecken an d'Pan ouni se eng Kéier missen unzepaken. ;-) Brennnessele sinn e super gesond Geméis, matt villen Flavonoiden, Magnesium, Kalzium an Silizium ower och vill Eisen.
Brennnesselen hu 7 mol méi Vitamin C wéi Orangen! Provitamin A fënnt een och dran, an een immens héigen Eewaissgehalt (40% méi héich wéi Soja).
Dat Allerbescht: Brennnesselen fënnt een sou gutt wéi iwwerall an si si liicht ze erkennen!

A Propos Soja:

Hei d'Rezept fir mäin Hausmaacher Tofu. ;-)

No comments:

Post a Comment