Sunday 24 May 2015

Gänseblimmercher-Pastinakenzopp (vegan)

Näischt ass esou schéin an enger Wiss ewéi Gänseblimmercher. Si si schéin, an et kann een se komplett iessen. Haut hunn ech doraus eng Zopp gemaach. D'Gréngs kann een dann och nach ewéi Mauséiercherszalot benotzen. 
An net nëmmen dat: se sinn och nach nëtzlech! Eischtens hunn d'Pollesammler eppes dovun, zweetens si se gesond, well se enthalen ënnert anerem Magnesium, Kalium, Kalzium, Phosphor an Eisen a vill Vitamin C an A an drëttens ass et een Heelkraut.

Rezept: 1 Schalott an 1/2 Pastinak zerschnippelen, undënsten, 1 Iessläffel Geméisbrittpolver dobäi ginn, réieren, an 1 Liter Waasser  driwwerschëdden.
3 Gromperen, 2 Neelcheskäpp, 1 Stronk Maagiskraut dobäi ginn a matt oppenem Deckel kache loosse bis d'Grompere mëll sinn.
D'Maagiskraut eraushuelen, 200 Milliliter Dinkelmëllech (alternativ Huewermëllech oder Dinkelrahm / Huewerrahm) drop, a matt Zitrounejus Salz a Peffer oofschmaachen.
4 Gräpp Gänseblimmercher dra geheien a mam Mixstab püréieren.
1 Grapp Gänseblimmercher an e bëssen gehackte Péiterséilech als Deko iwwert d'Zopp streeën.

Als Heelkraut gëtt d'Gänseblimmchen ënnerlech als Téi fir seng Verdauungs-, Entgëftungs- a Stoffwiesselureegend Eegeschafte benotzt. Si enthale vill Saponinen déi fir d'Entgëftung vum Kierper gutt sinn. Batterstoffer an der Blumm reegen de Stoffwiessel an d'Verdauung un. A Crèmen oder frësch zerriwwen opgedroen hëlleft d'Blimmche bei Ekzemen a Milchschorf awer och bei Zerrungen, Verstauchungen, bloe Flecken a klengen Haut-Boboën.


Matt vertikutéieren, Wiss düngen, matt direkt enthalenem Herbizid (dat sinn déi wäiss Grimmelen am Dünger) mëcht een d'Plänzercher (an net nëmmen déi) leider futti, an et kann een déi Pracht nët méi genéissen an ët dréit een aktiv zu enger Veraarmung vun der Diversitéit bäi. 

Hei nach zwou Fotoen vum Maagiskraut (Liebstöckel)
Eng Planz fir jiddereen dee frou mam Maagisgôut ass. 
Déi Planz ass robust, bleift e Liewe laang ob där selwechter Plaz stoën, an et brauch ee sëch iwwerhaapt nët ëm si ze këmmeren. 




Et pléckt een d'Blieder a benotzt se frësch oder gedrëchend. Fir ze wierze geheit een e Blat an d'Zopp oder an d'Zos. Oder awer et hackt een e frëscht Blat butzeg kleng a verfeinert domatt d'Zalot (opgepasst: staark am Gôut)

No comments:

Post a Comment