Monday 18 May 2015

Klettenlabkraut a Rousen: Hausmacher Gesiichtswaasser.

Kosmetik ass fir vill Leit een Thema. Och zu Hautfleeg a Seefe gouf ech schonns oft gefrot. Meng Astellung ass hei: Schmier näischt op d'Haut wat s du net och kéints iessen. ;-)

Eis Haut ass eist gréissten Organ, a resorbéiert Stoffer déi mir drop verdeele bal sou wéi wann mir se géifen iessen. 

Wann een op esou munche Produiten, déi een sech an d'Gesiicht oder op de Kierper soll maachen, liest, kann ee schonn emol d'Flemm kréien... Do steet da grouss drop "matt Olivenueleg", mee et besteet aus Erdueleg gespéckt matt Hormonen, Aluminium, Weichmacher, PEGs, Faarfstoffer an do kënnt nach allerhand onappetitleches dobäi.

  
Hei en einfacht Rezept fir selwergemaachte Gesiichtswaasser.

Wat ech dofir brauch: Kletten-Labkraut a Rousewaasser.

Rezept: Mixen, duerch eng Passette a fäerdeg! ;-)

D'Klettenlabkraut kennt jiddereen! Et ass dat Kraut wat iwwerall päsche bleift an dat am Summer déi horeg Pärele kritt, déi de Katzen a Muppen sou schéin am Pelz hänke bleiwen.
D'Klettenlabkraut ass wierksam géint Entzündungen an hëlleft bei Hautkrankheeten.
De Som gëtt iwwregens als planzlecht Lab bei der vegetarescher Kéishierstellung benotzt.
Hautdesdaags gëtt et leider vill ze oft fortgesprëtzt an ass bei de Felder net méi ze fannen. Wann et also bei Iech am Gaart opdaucht, da passt gutt op et op. Wann dir et pléckt, da rappt net déi ganz Planz raus, mee gitt hir eng Chance ëmmer no ze wuessen. Et ass ausserdeem och iessbar, a ka gekacht ginn.
D'Rousewaasser mécht d'Haut gutt mëll, an et richt gutt. 

Et muss een ower oppassen e Rousewaasser ouni Zousazstoffer ze erwëschen! Am beschte Bio ouni Pestizidréckstänn. Am allerbeschte mëscht een et am Summer selwer. Eigentlech ass Rousewaasser en Nieweproduit wann een sech een ätherësche Rousenueleg distilléiert. Praktesch, praktesch... ;-)


Hei eist Labkraut dat sech selwer am Gaart ugesidelt huet.

No comments:

Post a Comment