Friday 15 May 2015

Gefëllte Beinwell Päckercher ob Kurkumarais a Cornichongszalot (vegan)

Zäit fir ze eppes ze kachen! :-D

Dat heescht: Luusse wat ech nach vu Reschter am Frigo fannen an dann am Gaart luussen, wéi ee Kraut grad prett ass. Resultat: Ech sinn zum Entschloss komm dass een mol nees de Beinwell kéint plëmmen!


Ech brauch schéi grouss Blieder vum Beinwell (oder Borretsch). Do gëtt da jeeweils een Iessläffelchen Fëllung aus Soja-Jughurt, Knuewelek, Kraider, Paprika a Peffer a Salz dra verstrach.

Da ginn d'Blieder zesummegerullt an an en déckflëssegen Deeg aus Vollkorn-Speltzmiel, Salz, eng Grëtz Agavendicksaft a Waasser ënnergetunkt. Duerno fléien di Päckelcher da matt e bëssi Kokosueleg an d'Pan.

Dobäi passt Räis (Tip: frësch Kurkuma-Wuerzel an d'Kachwaasser raaspelen) matt enger Kornischongszalot. Einfach déi reschtlech Fëllung als Dip dobäi ginn!
Beinwell soll dir allerdings net ze vill oder ze oft iessen. Do sinn a ofwiesselnde Konzentratiounen Pyrrolizidinalkaloiden dran. Tester matt der 10.000 facher Konzentratioun vum Eenzelstoff hunn erginn, dass dës bei héijem Konsum liewerschiedegend a kriibserreegend kënne sinn.

Ech maachen lo hei kee konzentréierten Wierkstoff fir e Medikament hierzestellen, mee broden einfach nëmmen 6 lecker Blieder. Do ass näischt dogéint anzewennen! Amplaz kann een och d' Blieder vum Borretsch benotzen. Haaptsaach grouss an iessbar. ;-)

De Beinwell gehéiert zu den Eenheemeschen Wëll an Heelkraider an ass dobäi nach eng wichteg Brommelersplanz! E wiisst am Schied, laanscht d'Bëscher oder och op fiichte Wisen. Seng Blieder si ganz behoert a rau wann dir se upaakt. Huelt e Bild matt, well e gläicht e bëssen dem Fangerhutt.
Beinwell huet vill Allantoin a senge Blieder an am meeschten an der Wuerzel. Am natierlechen Gesondheetswiese gëtt de Beinwell bei Knachebréch, Verstauchungen, Prellungen, Zerrungen an oppenen Wonnen benotzt, well e beschleunegend bei der Zellbildung an beim Zellopbau wierkt. Doriwwer eraus ass den Tausendsassa och antibakteriell, entzündungshemmend, ofschwëllend a schmäerzlinderend! Eng Superplanz, déi super schmaacht.

No comments:

Post a Comment