Sunday 31 May 2015

Vegan Monster Burger

Zäit fir e Burger. A wa schonn, da schonn: Duebeldecker Monster Burger. :-D Matt Fritten aus Gromperen a Pastinaken.

Ugefong hunn ech andeems ech eng Marinade aus gläichen Deeler Sojazooss an Agavendicksaft geréiert hunn. Gewierzt hunn ech matt Peffer. Et brauch kee Salz well d'Sojazooss schonns salzeg ass. Do hunn ech dann den Tofu sou laang dra geluecht, biss ech déi aner Saache fäerdeg hat.
Dann hunn ech een déckflëssegen Deeg aus Vollkar-Spelzmiel, Waasser, gedréchentem Thymian, Peffer a Salz geréiert.

Fir d'Zosen hunn ech Käeremoschter matt Ketchup verréiert, an eng Knuewléks-Veganaise matt Kraider gemaach.

Duerfir huelen ech 350 ml Rapsueleg an 180 ml Sojamëllech a würzen dat mat engem Leffel Moschter, Peffer, Salz a mixen et da gutt matteneen am Blender. Wann alles duercherneen ass a schonns gutt ausgesäit, mixen ech weider a loosse lues a lues 10 ml Esseg dran drëpsen. Duerfir musst dir Iech Zäit loossen, soss gëtt et herno net fest. Dunn hunn ech eng gehackte Knuewlékszéif, Péiterséilech a Bratzel a Cresson dragemaach.

Fir d'Fritten hunn ech festkachend Gromperen a Pastinaken a Sträife geschnidden, an se dann an 1 Zentimeter Olivenueleg gebroden. Heiansto derduerch réieren. Bal zum Schluss koum dann nach Rosmarin an den Ueleg, fir datt e säi Goût konnt ofginn ouni ze verbrennen. (Ech hun keng Fritteuse, an Palmueleg gëtt aus Prinzip nët benotz; déi nächste Kéier maachen ech d'Fritten mengen ech am Schäffchen, daat klappt super: einfach am Ueleg wentzelen an um Baackpabeier +- 15 Minuten bei 180-200 Grad baaken)

Dunn den Tofu duerch den Deeg gezunn an en an enger Mëschung aus Seasam-, Hanf- a Mohnkäre panéiert. Duerno ass en an d'Pan geflunn a vun all Säit gutt knuspreg ugebrode ginn.

Déi Zäit hunn ech eng Ënn a Rondele, an eng Kornischong a Scheiwe geschnippelt. D'Ënn ass déi lescht Minutt nach bei den Tofu an d'Pan geflunn, duerno hunn ech alles openee gestapelt, a du war et ëm e geschitt. ;-)
Ech hat dat Ganzt och nach matt de Bléie vum Rosmarin dekoréiert. Wousst dir schons datt d'Bléien d'selwecht schmaache wéi d'Kraut? Se sinn awer net esou ondurren. Ob gebootschtenen Gromperen sin Rosmarinbléien excellent!

No comments:

Post a Comment