Friday 29 May 2015

Geméislasagne matt Brennnessele bei wëller Lanneblieder-Zalot (Vegan)

Lasaaaagne! Wien huet se nët gär? Haut hunn ech spontan eng vegan Versioun gebrutscht! ;-)



Fir de veganen Nuddelsdeeg: 500 Gramm Schmull aus Haartwees matt +-210 Milliliter waarmem Waasser verréieren an e bëssi knieden. Et soll e schéine "geschmeidegen", net peschechen Deeg sinn. An eng Gefréiertut paken an op d'mannst eng Stonn op der Kiche roue loossen.

Fir d'Zooss hunn ech Ënne, Knuewlék, Paprika an en Courgette ugedënst, matt zwou Béchsen Tomates pelées obgefëllt, e bëssi Waasser dobäi ginn an 2 Iessläffelen konzentréiert Tomatenmuerg dragemaach. Gutt kächelen loossen, a matt Salz, Peffer, Oregano an engem Stéckelchen vegane schwaarze Schokola ofschmaachen.

Fir d'Brennnesselsfëllung: 1 Seibecke voll Brennnesselsspëtzen 1/2 Minutt blanchéieren an da kleng hacken. Gemuele Mandelen an der Pan uréischteren, d'Brennesselen dobäi ginn, en Iessläffel Geméisbrittpolver drop a matt Waasser opfëllen. Dann e Leffel Mandelmus dobäi gi fir ze bannen, an eng Kéier opkachen loossen. Mat Zitroun, Salz, Peffer a Muskat ofschmaachen.

Du war et un der Zäit fir den Nuddelsdeeg duerch d'Maschinn ze kéieren. Wann dir keng maschinn hutt, kënnt dir och einfach een Nuddelholz huelen (einfach een oofgeschniddene Biichtestill, domatt huet ee méi Kraaft ewéi matt enger Deegrull!).

Doduerch, dass den Nuddelsdeeg just aus Haartwees besteet, brauch een d'Aarbechtsplack net ze Mielen, an et huet een iwwerhaapt kee Knascht herno ;-)

D'Nuddelen op d'Gréisst vun der Schossel schneiden an eng hallef Minutt am Salzwaasser kachen. Sou séier wéi se aus dem Waasser kommen an d'Ueweschossel schichten. Net vergiessen d'Zoss op all Lag ze maachen. ;-)

Op déi virlescht Schicht koum bei mir dunn d'Brennnesselsfëllung.



Fir ze iwwerbaken hunn ech 60g Mandelmus matt 50 ml Waasser, Hiefflocken (keng Baackhief), Kurkuma, engem Sprëtzer Zitroun, Peffer an kräfteg Salz verréiert an driwwer ginn. Duerno nach e puer kleng halbéiert Tomaten driwwer vedeelt, fäerdeg.

Bei 200 °C Ëmloft 10 Minutte goe loossen, dann de Grill umaachen a bake bis de Mandelmuuss liicht brong ginn as. Zum  Schluss matt engem gudden Olivenueleg besträichen.

Mir haten se matt Wëller Zalot zu Mëtteg!

Zu der Zalot:
Allerleschten Termin sech nach e puer jonk Lanneblieder ze ergatteren ;-)
A beschte pléckt een di ganz jonk frësch Blieder vun der Wanterlann sou bal se aus de Knospen spriessen. Sou laang déi méi nei Blieder un der Spëtzt nach hell an Zart sinn erginn och dëss nach eng wonnerbar Zalot. (D'Summerlann ass och iessbar ower hir Blieder si liicht muusseg an nët esou flott am Mond.)
D'Saison vun den am Mond quasi "schmëlzende" Blieder ass eriwwer soubal se donkelgréng an e bëssi Pabéierëch haart gin! Hei am Norden si mir e bëssen méi spéit un, ech hoffen ët as am Süde vum Land nët schon ze spéit! Soss ass et fir d'nächst Joer. ;-) Duerno kënnt d'Saison vun de Bléien, déi mir als Téi kënne sammelen an drëschenen. En Heelmëttel bei Houscht an Erkältungskrankheeten.

An d'Zalot koumen nach e puer Sauerampferblieder, wëlle Ruccola, Robiniebléien (d'Robinie ass an all sénge gréngen Deeler gëfteg, duerfir just d'Bléien iessen.) an Glycinebléien (Hei d'selwecht wéi bei der Robinie. Nëmmen d'Bléien iessen.). Drop koum eng Waldmeistervinaigrette. Waldmeisterbléien, en halwen Téiläffel Moschter, 2 Iessläffelen Balsamico an 3 Iessläffelen Mohnueleg. Matt Salz a Peffer ofgeschmaacht.

Ech hoffen et schmaacht Iech och esou gutt wéi eis. :-D



No comments:

Post a Comment